Wat gëtt gemaach, fir de Leit wärend der Covid-Kris am Fall vun Iwwerschëldung ze hëllefen?

De Problem vun der Iwwerschëldung ass net nei, huet duerch d’Covid-Kris awer sécher nach emol un traureger Aktualitéit gewonnen.

Wärend der Heure de Question vum 9. Mäerz 2021 huet de Sven Clement der Ministesch fir Famill & Integratioun dës Froe gestallt:

Erkennt d’Madamm Ministesch eng steigend Tendenz, bei der Unzuel u Persounen, déi sech Hëllef siche wéinst Iwwerschëldung?

Erkennt d’Madamm Ministesch eng steigend Tendenz, bei der Unzuel u Persounen déi virun d’Commission de Médiation en matière de surendettement kommen?

Wat huet de Ministère fir Famill an Integratioun konkret am Kader vun der Covid-Kris gemaach, fir Persounen déi mat Iwwerschëldung ze kämpfen hunn, zousätzlech ze ënnerstëtzen?

Wat d’Ministesch geäntwert huet, kënnt Dir hei kucken: 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll