D’Europäesch Unioun huet keng wierklech Verbindung zu senge Bierger. Dëst ass ze gesinn un der niddreger Participatioun bei den EU-Walen. Mer mussen dat änneren, wa mer wëllen, dass d’EU iwwerlieft. Mer Pirate mengen, dass duerch méi Transparenz a Matbestëmmungsméiglechkeeten d’EU-Bierger sech méi zu der Unioun gehéiereg fillen wäerten.
Prinzip vun der Transparenz
D’Prinzip vun der Geheimhaltung vum staatlechen Handele muss zugonschte vum Prinzip vun der Transparenz verännert ginn. D’Politik muss an der Hisiicht hiren Déngschtleeschtungscharakter unerkennen an dem Bierger een effizienten Informatiounszougang erméiglechen. An dësem Sënn setzt sech d’Piratepartei fir de Prinzip vun der Transparenz vum staatlechen Handelen an eng komplett Transparenz vun de gewielte Vertrieder géigeniwwer de Wieler an.
D’Prinzip vun der Transparenz soll fir all ëffentlech Stelle vun der EU gëllen: fir d’Parlament, de Rot, den EU-Geriichtshaff an och d’stänneg Vertriedunge vun den EU-Memberstaaten.
Aktiv matbestëmmen an enger Demokratie ass nëmme méiglech, wann de Prozess vun de politeschen Decisiounen ëffentlech a nodréiglech zeréckzeverfollegen ass. Net ëffentlech Sëtzunge sinn enger Demokratie onwürdeg. Ofkommes hannert zouenen Diere mussen der Vergaangenheet ugehéieren. Héich Beamteposte mussen an engem Auswahlverfaren ëffentlech ausgeschriwwe ginn.
D’Pirate wäerten am Kader vun hirem Mandat all legislativ Informatioun oppeleeën a proaktiv Informatiounen zu politeschen Entscheedungen, eiser Agenda, Rendezvous’en an Dokumenter verëffentlechen.
Lobbyismus aschränken
Lobbyisten aus der Privatwirtschaft handele generell am primären Interessi vun hirer Organisatioun a sekondär am Interessi vun der Gesellschaft. Aus dësem Grond musse mer d’Aflossnaam vu Lobbyisten op eis EU-Politiker begrenzen. Mer brauchen dofir kloer Ethikreegelen a Kontrollmechanismen.
Dat existéierend EU-Lobbyregister muss verflichtend ginn a fir all EU-Bierger iwwert een Online-Tool zougänglech gemaacht ginn. All EU-Politiker sollen dem Bierger beleeë kënnen, wéini si sech mat wéi enger Organisatioun getraff hunn, wat de Grond vum Treffe war a wat geschwat ginn ass. Dofir setzen sech d’Pirate fir d’Aféiere vun engem Kontrollsystem an, deen d’Transparenz vun eise Politiker sécherstelle soll.
Dës Weidere soll ee legislative Foussofdrock publizéiert ginn, mat deem all d’EU-Politiker verflicht ginn, Dokumenter a schrëftlech Ënnerlagen, déi si vun externen Organisatioun erhalen, ze verëffentlechen.
Doriwwer eraus sollen Expertegremien net vu Vertrieder aus der Industrie dominéiert ginn. D’Pirate verlaange kloer Reegelen, fir géint den Afloss vu privatwirtschaftlechen Instanzen a sou Gremie virzegoen. Dës Treffe sollen op ee Minimum reduzéiert ginn an d’EU-Politiker sollen sech méi mat ënnerrepresentéierten Organisatiounen treffen.
Interessekonflikter vermeiden
All EU-Beamten (och Conseillere vun der Kommissioun) an all EU-Deputéierten (och Rapporteuren) däerfen sech net vu Privatinteressen an hirer Funktioun oder hirem Déngscht duerchernee brénge loossen. Interessekonflikter si villsäiteg: ee fréieren Aarbeschtsposten, privat Gefalen oder Part’en an enger Firma kënnen dorënner falen.
D’Pirate verlaange kloer Verhalensreegele fir sécherzestellen, dass dës Interessekonflikter net op Käschte vu politeschen Decisioune geholl ginn. Feelverhale muss kloer sanktionéiert ginn an un d’Verléieren vum Salaire oder vun der Indemnitéit gekoppelt ginn.
Dës Weidere brauche mer kloer Reegele fir Säitewiessele vun Politiker op Posten an der Privatwirtschaft ze begrenzen. EU-Volleksvertrieder an héich Beamten, déi no hirem Mandat an d’Privatwirtschaft wiesselen, sollen an Zukunft net méi däerfen ee Posten an der EU besetzen. D’Sperrzäit soll fir déi lafend Legislatur an déi folgend gëllen. All EU-Posten soll dës Weideren an engem ëffentlechen Auswahlprozess besat ginn.
Dokumenter oppeleeën
An enger moderner Demokratie mussen d’Bierger capabel sinn, fir z’iwwerwaache wat hir Politik a Verwaltung mëscht. An der EU gëtt et awer nach ëmmer eng laang intransparent Kultur vun Diskretioun a Vertraulechkeet.
D’Pirate gleewen, dass et ee Grondrecht vun de Bierger ass, all Verträg oder finanziell Virdeeler vum ëffentleche Secteur am Zesummenhang mat der Duerchféierung vu Projeten an Déngschtleeschtunge préiwen ze kënnen.
D’Verëffentlechungsflicht muss dofir dringend iwwerschafft ginn, fir datt souwuel de Conseil, wéi och d’Kommissioun an d’Parlament méi transparent ginn. D’Piratepartei strieft en „European Open Government Act (EurOGA)“ un, dee virgesi géif, dass all Dokumenter an Informatiounen iwwert den Internet mussen zougänglech gemaach ginn, et sief dann, eng onofhängeg Instanz hätt se als vertraulech oder geheim agestuuft. Géint dës Entscheedunge muss et d’Méiglechkeet ginn, fir Recours anzeleeën.
Whistleblower schützen
D’Piratepartei setzt sech fir eng allgemeng an dringend noutwenneg gesetzlech Reegelung zum Whistleblowerschutz an. Ee ‘Whistleblower’ ass eng Persoun, déi Mëssstänn an illegaalt Handelen, wéi Korruptioun, Insiderhandel oder allgemeng Geforen, vun deenen se op hirer Aarbechtsplaz, bei medezinesche Behandlungen oder bei anere Geleeënheete matkritt, un d’Ëffentlechkeet bréngt.
Sou sinn duerch Whistleblower an de lëschte Jore vill Skandaler opgedeckt ginn, wéi zum Beispill duerch den Edward Snowden d’NSA-Spionnage oder duerch den Antoïne Deltour d’Luxleaks-Affär.
Dës Form vun Zivilcourage muss geschützt ginn. All Whistleblower ass vu strof-an zivilrechtlechen Onsécherheeten ëmginn. Dowéinst ass et erfuerderlech de Schutz vu Whistleblower ze reglementéieren. Och muss opgekläert ginn, dass Whistleblower de gläiche gesellschaftleche Stellewäert hunn ewéi Presseinformanten an dofir de gläiche Schutz genéisse mussen a wa méiglech politeschen Asyl kënnen ufroen, wann hir Sécherheet an anere Länner a Gefor ass.
Fir eng méi streng Finanzreguléierung an der EU
D’Geschäftsgebare vum Finanzsecteur an der EU stellt eisen Usiichten no déi wesentlech Ursaach vun der Finanz- an Eurokris duer a war nëmmen duerch eng onzouräichend Bankereguléierung an -opsiicht vun der EU méiglech.
Mir gesinn et als absolut Noutwennegkeet un, fir nees zeréck zu de rechtsstaatlechen a maartwirtschaftleche Prinzipie vun der EU ze kommen a wëllen dofir onofhängeg Iwwerpréiwunge vun de Rettungsmoossname fir Finanzinstituter an ëffentlech Haushälter, déi noutfalls esouguer réckofgewéckelt musse ginn. Dëst mécht an deem Zesummenhang och en Oppelee vun alle Geldflëss néideg.
An der forcéierter Amëschung vun der Europäescher Kommissioun an d’Budgetspolitik vun eenzele Memberstaaten, gesi mir eng Mëssuechtung vum Demokratieprinzip an eng akut Gefor fir eng wirtschaftlech Entwécklung an den Eenegungsprozess an Europa. Mir kritiséieren dofir esou Instrumenter ewéi den europäesche Fiskalpakt, well dës en demokratesch net legitiméierten Agrëff an d’Budgetshoheit vun de Memberstaaten duerstellen.
Am Sënn vun enger weiderer Integratioun vun den Eurostaaten brauche mir nei an aner Instrumenter, déi demokratesch legitiméiert sinn, déi der Recheschaftsfliicht ënnerleien an duerch d’Europäescht Parlament kontrolléiert kënne ginn.
D’Finanzéierung vu Wahlkämpf kontrolléieren
All europäesch politesch Partei soll hir Bankkonten ee Joer virun an ee Joer no de Wahlcampagnen ëffentlech oppeleeën. Eng europäesch Kontrollautoritéit soll wierksam Kontroll-a Sanktiounsinstrumenter zu dësem Zweck erhalen.
Digital Transparenz vun Ëmweltdonnéeën
All d’Donnéeën, déi sech mat der Liewensqualitéit op europäeschem Buedem befaassen, solle gemooss an iwwert ee permanenten an digitalen Zougang allen EU-Bierger zur Disponibilitéit gestallt ginn. Dës concernéiert d’Donnéeën, kënnen d’Qualitéit vu Waasser, Loft, Buedem a Klima betreffen. D’EU soll de Kader fir den oppenen Zougang zu digitalen Uwendunge festleeën.
Medezinesch Fuerschung reforméieren
Et gëtt an der medezinescher Fuerschung Defiziter, déi och an enger Serie vum renomméierte medezinesche Journal Lancet ugeschnidde ginn. Ënnert anerem ass an der Serie schonn 2009 vun de Medizinexpären Iain Chalmers a Paul Glasziou bemängelt ginn, datt laut hirer Ofschätzung 85% vun den Investitiounen a biomedezinesch Fuerschung verschwent goufen an dass d’Reproduzéierbarkeet vun de Studienergebnisser erschreckend niddereg war.
Dofir schléisst d’Piratepartei sech der Fuerderung un, déi d’Wëssenschaftler zum Schluss vun der Serie gestallt haten. Enner anerem sollte klinesch Studien ëffentlech zougänglech deklaréiert ginn, sou dat ongewollte Resultater net einfach ënnert den Dësch gekiert kënne ginn. Ee Belounungsystem fir gutt, verständlech a reproduzéierbar Verëffentlechunge muss agefouert ginn. D’Réidaten zu Fuerschungen, déi zu enger Therapie féieren, mussen ëffentlech zougänglech ginn, fir dat onofhängeg Gruppen d’Validitéit vun de Resultater iwwerpréiwe kënnen.
Mat enger Verbesserung vun der medezinescher Fuerschung erhofft sech d’Piratepartei och, dass aner Fachberäicher sech duerch d’Seriositéit inspiréieren, an sech esou eng gesond Fuerschungsmentalitéit verbreet. Mat engem seriöen Bild vun der Fuerschung no bausse kann Europa och en Magnéit gi fir Spëtzefuerschung, déi dann och innovativ Industrie no sech zéie géif.
Ee Fräien Zougang zu de Resultater vu wëssenschaftlecher Fuerschung
D’Piratepartei setzt sech fir den allgemengen a fräien Zougang zu allen aus Steiergelder finanzéierte Fuerschungsresultater nom Open Access Prinzip an. Zur Fërderung vun der Verëffentlechung vu wëssenschaftleche Resultater am Kader vun Open Access soll als Infrastrukturmoossnam en allgemengt Open Access Magazin nom Virbild vu PLOS One mat Hëllef vun ëffentleche Mëttel gestart ginn.
Des Weidere soll en Open-Access-Fonds am Haushalt vun der EU geschaafe ginn dee Publikatiounskäschte bis zu engem gewësse Seuil iwwerhëlt. D’Ziel vum Fonds ass et, datt d’Fuerscher net méi iwwert d’Käschte vun Open Access nodenke mussen, sou wéi et haut mat den Abonnementer vu Magazinner de Fall ass.
Och fuerdere mir d’Rechter vun den Auteuren (z.B. archivéieren um eegene Site) ze stäerken. Dës Moossname reduzéieren d’Käschte fir Fuerscher ouni grouss finanziell Ressourcen.