ACCOUNT

Europa fir jiddereen

D’Pirate wëllen een Europa, an deem jidderee soll déi selwecht Chancen, Rechter a Méiglechkeeten ageraumt kréien. Fir dat ze erreechen, musse mer dofir suergen, dass bürokratesch an administrativ Barrièren an Europa méi a méi verschwannen.

Do liewen, wou ee wëll, an dat vum éischten Dag un!

EU Bierger, déi decidéieren hiert Land ze verloosse fir sech an engem anerem EU-Land nidderzeloossen si keng Exceptioun méi. Lëtzebuerg ass scho laang d’Heemescht vu villen EU-Bierger a bleift och haut nach ee Wonschland vu ville Mënschen. An een neit Land wunnen ze goen, ass awer och eng Aventure, déi vill Aarbecht a Kraaft vun de jeeweilege Persoune fuerdert.

All Kéiers wou een an een anert EU-Land plënnert, stéisst een op onnéideg Hindernisser: d’Versécherung kann net matgeholl ginn, Steckere fir elektronesch Geräter mussen ugepasst ginn, Autoe mussen nach eemol duerch e Contrôle Technique, Diplomer gi net unerkannt oder d’Pensioune mussen nei berechent ginn.

Mer sti kloer hannert dem Prinzip vun der Fräizügegkeet fir d’Bierger an Europa. D’Piratepartei fuerdert dofir en Aktiounsplang, fir dës Problemer an de Grëff ze kréie, fir datt jidderee schnell an onkomplizéiert an egal wéi engem europäesche Land Fouss faasse kann. Doduerch kréien och Lëtzebuerger d’Méiglechkeet an engem aneren EU-Land ze studéieren oder ze schaffen, ouni administrativ Steng an de Wee geluecht ze kréien.

Als konkret Mesure fuerdere mer, datt et muss an all EU-Land méiglech sinn, sech op enger eenzeger lokaler Platz kënnen of- an unzemellen. Dat géif bedeiten, dat eng Persoun sech an egal wéi enger Gemeng an der EU ofmelle kann, an datt dës dann déi néideg Informatiounen un déi verschidden Administratiounen an och déi nei Gemeng an der EU weiderleet.

EU-Ambassaden

Firwat hunn all 28 Memberstaaten hir eegen Ambassaden? Eng gemeinsam EU-Ambassade kéint Päss a Visa ausstellen, Handelsinteresse vertrieden, konsularesch Assistenz ubidden an op Bréissel rapportéieren. En effizienten a gutt organiséierten europäeschen diplomateschen Déngscht spuert Geld an erhéicht d’Stäerkt vun Europa ausserhalb vu senge Grenzen.

D’Gesondheet net un eng Plaz bannen

D’Pirate wëllen eng Gesondheetsversuergung, bei der d’Patienten am Mëttelpunkt stinn an d’Kontroll iwwert hir Gesondheet an hir medezinesch Déngschtleeschtungen hunn. Gutt Gesondheet dierf kee Luxus vum Openthaltsuert sinn. Bei der Betteplanung fir Spideeler, wënscht sech d’Piratepartei e System, dee méi um Niveau vun Regiounen a manner mat Nationalstaaten plangt.

All Memberstaat soll weiderhi kënne säi Gesondheetssecteur sou gestalte, ewéi en dat fir richteg hält. Dofir sinn awer zolidd ëffentlech Finanzen an ee faire Konkurrenzkampf wichteg.

Mir plangen d’international Unerkennung vu medezinesche Qualifikatiounen a Beruffserfarung ze vereinfachen. E strengen europäesche Kader fir d’Medezintechnik an hier Uwendungen soll Innovatioun net behënneren an de Patient soll zu all Moment als responsabelen a fräie Bierger behandelt ginn.

D’Piratepartei fuerdert iwwerdems eng europawäit schwaarz Lëscht mat Medeziner, déi weins falsche Behandlungen veruerteelten goufen, fir datt dës Dokteren net einfach d’Land wiesselen a weiderschaffe kënnen.

Modern Sozialsystemer fir mobill Mënschen

D’Employéen an Europa ginn ëmmer méi mobill. Dofir missten d’Sozialleeschtunge vun deene verschiddene Länner, wou ee geschafft huet, vun enger zentraler Instanz aus bilanzéiert ginn. Zum Beispill missten d’Pensioune vun engem Bierger, deen a méi ewéi engem Land geschafft huet, vun enger europäescher Administratioun ausgerechent an ausbezuelt ginn. Dëst géif de Verwaltungsopwand tëschent deene verschiddene Sozialsystemer reduzéieren. Den Ausgläich vun den Ausgabe géif esou „en bloc“ gemaach ginn. Fir déi Betraffen a fir d’national Pensiounskeesen wär dëst eng enorm Vereinfachung.

Ee gemeinsamt europäescht Aarbechtsrecht

D’Europäesch Unioun schafft an enger Panoplie vu Beräicher zesummen – vum Eenheetsmarché bis Europol. Souwäit huet awer nach keng Generatioun et fäerdeg bruecht, ee gemeinsamt europäescht Aarbechtsrecht auszeschaffen. Aktuell besteet déi europäesch Sozialcharta vun 1961, déi als Géigestéck zu der europäescher Mënscherechtskonventioun d’Sozialrechter vun den europäesche Matbierger definéiert. D’Piraten wäerten sech dofir asetzen, ee gemeinsamt europäescht Aarbechtsrecht weiderhin op europäeschem Niveau ze thematiséieren an unzeschwätzen.

Schaffen a studéieren ouni Hindernisser

D’Pirate wëllen déi europäesch Schoulsystemer méi europäesch ausriichten. All europäeschen Ofschloss soll ähnlech Kritären erfëlle, fir dass Schüler sech gläichwäerteg op europäeschen Universitéiten an Héichschoule bewerbe kënnen.

Den eenheetleche Punktesystem (z.B. ECTS) ka genotzt ginn, fir um europäeschen Niveau definitiv Vergläicher tëschent Schüler ze maachen. Diplomer a berufflech Qualifikatiounen, déi an der EU erreecht gi sinn, mussen an all EU-Land méi einfach unerkannt a gläichgestallt kënne ginn.

Punkto Aarbecht soll all europäesche Bierger ouni bürokratesch Barrièrë kënnen an en Aarbechtsverhältnis erakommen, komplizeiert Aarbechtsgeneemegunge mussen der Vergaangenheet ugehéieren. Dofir mussen de Gesondheetssecteur, Sozialsystemer an de Versécherungssecteur un d’Situatioun vum mobillen EU Bierger mat ugepasst ginn.

Wierklech Gläichstellung

Obwuel scho vill a punkto Gläichstellung tëscht alle Geschlechter gemaach ginn ass, ass d’Zil vun der Geschlechtergläichheet nach net wierklech erreecht.

D’Pirate setzen sech weiderhi fir eng selwecht Entlounung fir selwecht Aarbecht an, fuerdere méi Geschlechtergläichheet an héije Positiounen a flexibelen Aarbechtszäite fir jiddereen.

Des Weidere soll an der Educatioun e Schwéierpunkt drop gesat ginn, datt d’Fërderung vun Talenter a Fäegkeeten net vu Geschlecht, Hierkonft oder sozialem Ëmfeld ofhängeg ass.

Anonym Bewerbunge fërderen

Fir bei Virstellungsgespréicher ze vermeiden, datt Kandidate schonn am Virfeld wéinst Kritäre wéi Geschlecht, Äusserlechem oder Hierkonft ausgeschloss ginn, setzt d’Piratepartei sech fir anonym Bewerbungen a ganz Europa an. Esou kann de Patron sech viruerteelsfräi op d’Qualifikatioune vum Mënsch konzentréieren, deen e bei sech an d’Virstellungsgespréich komme loosse wëll.

D’Schoul op ee gemeinsamen Nenner bréngen

Fir d’Pirate wär et wichteg, eng wierklech Reform an der europäescher Bildungspolitik unzegoen an ee Minimalstandard fir gewëssen Kompetenzen anzeféieren. Hei sollt virun allem an de wëssenschaftlechen Disziplinnen ewéi Mathematik oder bei der sproochlecher Kompetenz vum Engleschen ee gemeinsamen Nenner fonnt ginn.

Och fuerdere mer ee méi konsequent Abanne vu Theme wéi der sexueller Orientéierung, der sexueller Identitéit an der Solidaritéit mat Minoritéiten an den Educatiounspläng. Et sollt hautdesdaags keen Tabu méi sinn, fir iwwert dës Themen ze schwätzen an et gëllt de jonke Mënsche scho fréi d’Angscht virum Aneschtsinn ze huelen an de Grondwäert vun der Toleranz méi nozebréngen.

Des Weidere muss all Schoul an Europa en Zougang zu engem Computer mat enger funktionéierender Internetverbindung sécherstellen, fir datt Kanner net opgrond vu finanzielle Grënn op d’Léiere mam Computer verzichte mussen. D’Léierpersonal an d’Schüler sollen zu all Moment op den Internet zréckgräife kënnen. Zesumme mat de Schüler soll d’Benotze vum Internet als Léierinstrument (Stëchwuert e-learning) gefërdert ginn.

Héichschoul an Universitéit

D’Fuerderunge vun de Piraten a Saachen Héichschoulpolitik ënnersträichen d’Prinzipie vun enger staarker Bildung fir jiddereen an enger demokratescher Matbestëmmung vun de Studenten. 

Bildung ass d’Basis vun all opgekläerter Gesellschaft. No enger gratis an oppener Grond- a Sekondärsschoul ass eng universitär Educatioun méiglech. Hei zu Lëtzebuerg profitéiere mer dovunner, datt héichqualifizéiert Mënschen aus ganz Europa bei eis schaffen an denke kommen. Och profitéiere mer dovun, dass eis Studenten an aneren europäesch Länner hiren Horizont erweideren an mat neien Iddien op Lëtzebuerg zeréckkommen.

Dofir ass et wichteg, dass mer och op EU Niveau dofir suergen, dass Universitéitsstudien accessibel a qualitativ héichwäerteg sinn. Universitéitsstudien dierfen aus deem Grond net vun der finanzieller Stäerkt vun de Studenten ofhänken, ma mussen all Mënsch zur Verfügung stoen. Dofir dierfe finanziell Interesse keng Hürd si fir en Uni-Studium. Mer fuerderen dofir eng eenheetlech Gesetzgebung fir Studenteprêten an allen EU-Länner. All EU-Student soll fir säi Studium déi selwecht Mindestkonditiounen erfëlle mussen, fir ee Studenteprêt kënnen ze kréien.

D’Universitéit dierf awer och keng Platz sinn, wou Studenten enger Hierarchie ënnergestallt ginn. Am Géigendeel soll d’Universitéit eng Platz sinn, wou Selbstbestëmmung an demokratesch Matbestëmmung am Mëttelpunkt stinn. Dëst stäerkt net nëmmen d’Identifikatioun vun de Studente mat der Universitéit, mee dréit och zu engem erhéichten Demokratiebewosstsäi bäi.

E bessere Bolognasystem

Mat der Bolognareform ass versicht ginn, déi universitär Studien op ee gemeinsamen Nenner ze bréngen. De Bolognasystem huet awer vill Mängel, wat doru läit, dass et ënnerhalb vun der EU un enger gemeinsamer Approche an der Educatiounspolitik feelt. D’Qualitéit vun de Formatioune variéiert tëscht de Regiounen vill ze vill.

Sou ewéi d’Bildung net op der Grenz dierf Halt maachen, sou brauche mir eng Weiderentwécklung vun der Bologna-Reform, fir d’Feeler aus der Vergaangenheet ze behiewen a grenziwwerschreidend Bildung realiséierbar ze maachen.

D’Piratepartei fuerdert Ännerunge beim Bolognasystem a virun allem ee Stonneplang, dee 40 Stonne pro Virliesungswoch net iwwerschreiden dierf. Et ass absurd, datt d’EU am Aarbechtsrecht eng 40-Stonne-Woch virschreift, wärend d’Recommandatiounen vu Bologna awer an der Moyenne eng 48-Stonne-Woch fir Studente virgesinn.

Weiderhi mussen d’Reegele fir d’Bezuele vu Studente méi kloer gereegelt ginn. Dofir wënsche mer eis eng fair Entlounung fir Studenten a Stagiairen an der gesamter EU. Studente solle kee Stonneloun ënnert dem nationale Mindestloun erhaalen. 

Sougenannte gratis Stagiairesplaatze mussen der Vergaangenheet ugehéieren. Fir dass d’Entreprisen awer weiderhin de Jonken d’Chance kënne ginn, fir an d’Beruffswelt eranzeklammen, sollen d’Ausbilder Primme kréien, fir esou d’Formatioun ze encouragéieren.

Besser Bildung a Fuerschung fir Europa

D’Qualitéit vun der Bildung an Europa profitéiert vun der internationaler Mobilitéit mam Austausch vu Studenten, Proffen a Fuerscher. Dofir musse Projeten wéi den ERASMUS+ weider ënnerstëtzt ginn.

Och ass eis gutt Ausbildung en Exportproduit, wann ee kuckt, wéi vill Net-EU-Bierger heihinner komme fir ze studéieren. Fir dësen Trend bäizebehale fuerdert d’Piratepartei, d’Unerkennung vun Diplomer a Studieresultater ze vereinfachen an gläichzäiteg d’Barrièrë fir Bildungs- a Fuerschungsvisa ze reduzéieren.

Wëssenschaftler sollten einfach a schnell kënnen an engem aneren europäesche Land schaffen. D’Europäesch Unioun soll di grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht tëscht Héichschoulen a Fuerschungsinstituter mat méi Geld fërderen. Mat gemeinsame Projete kënne mir d’Attraktivitéit vun den europäeschen Héichschoule weider steigeren.

Ee gemeinsamen europäesche Contrôle Technique

Firwat musse mer, wa mer an d’Belsch fueren, ee Feierläscher am Auto hunn? Firwat ginn et an all EU-Land verschidden Oplagen am Contrôle Technique? D’Gesetzgebungen zum Stroosseverkéier bannent der EU sinn een eenzege Wirrwarr!

Mer Piraten schwätzen eis fir gemeinsam Reegelen an allen EU-Länner aus, fir dass endlech Eenheet a Kloerheet an de grenziwwerschreidende Stroosseverkéier kënnt. Dofir wëlle mer een europäesche Contrôle Technique, dee reegele soll, wat fir technesch Viraussetzungen een Auto muss hunn, wéi eng europäesch Pabeieren auszestelle sinn a wat d’Sécherheetsstandarde sinn, déi een an engem Auto ze respektéieren huet, wéi zum Beispill de Besëtz vu giele Gileten, engem Sécherheetsdräieck oder engem Feierläscher.

Dës Vereenheetlechunge sollen als Minimum EU-wäit gëllen, mam Zil zu enger Erhéijung vun der Sécherheet bäizedroen.

Déi verschidde Maut- a Vignettesystemer ofbauen

Mer Piraten wëllen an de Memberstaaten eng kloer europäesch Ofsprooch iwwert d’Reegelunge vu Peage- a Vignettesystemer. Di verschidde Maut- a Peagesystemer sollen ofgeschaaft ginn an d’Méiglechkeet vun engem gemeinsame Vignettesystem fir de ganzen europäesche Stroossereseau soll gepréift ginn.

Esou eng EU-Vignette soll de Benotzer vun enger Strooss ganz einfach iwwer Internet an awer och op Tankstellen a ganz Europa kafe kënnen. Déi Vignette soll benotzerfrëndlech an online souwéi offline benotzbar sinn. De Benotzer kéint dann per App d’Land auswielen, wou en fuere well, an sech déi Vignette kafen, déi e brauch. Déi eenzel europäesch Länner kënnen an esou engem Systemer hir national Tariffer bäibehalen, Peagen géifen ganz ofgeschaaft ginn.

D’Piraten denken hei u Mëttelen wéi ee QR-Code oder Techniken wéi Nahfeldkommunikatioun (NFC). Fir den Dateschutz vun de Fuerer ze garantéieren, sollen d’QR Code kryptéiert an da geläscht ginn, soubal d’Vignette ofleeft. Dës fir den Tracking vum Notzer ze verhënneren.

Passagéierrechter an allen Transportsecteure stäerken

Um Plang vun de Passagéierrechter huet d’EU scho vill ënnerholl, trotzdeem ass et nach e wäite Wee bis den Transportsecteur méi effizient a clientsorientéiert wäert sinn. D’Pirate fuerderen dowéinst méi staark Passagéierrechter an allen Transportsecteuren – ob Loft, Schinn, Strooss oder Waasser. Dofir mussen d’méiglech Strofen erhéicht ginn a Konsumente mussen d’Méiglechkeet vu Sammelkloe kréien. 

Privatsphär an der EU héichhalen

Dateschutz muss fillbar a liefbar sinn an eng gesellschaftlech Akzeptanz op allen Niveaue gewannen. D’Zil muss et sinn, de Mënsche méi Muecht iwwert hir eegen Daten ze ginn.

D’Pirate setzen sech an, fir e méiglechst staarken Dateschutz, deen awer net wéi GDPR en Bürokratiemonster dierf sinn. Mir fuerdere Vereinfachunge fir Veräiner, kleng a mëttelstänneg Betriber an eng Stäerkung vu Konsumenterechter vis-à-vis vun de groussen Datekraken. D’Pirate wëlle Vorratsdatespäicherung verbidden an den Austausch vun Daten mat den USA, soulaang dës Daten net besser geschützt ginn, méi schwéier maachen. 

Raum fir Diversitéit garantéieren

Diversitéit ass ee vun den zentrale Wäerter vun der Europäescher Unioun. Fräiheet a Gläichbehandlung sollt fir jidder eenzelen, onofhängeg vu Glawen, Relioun oder Weltuschauung, garantéiert sinn. An den Ae vun der Piratepartei sinn ëmmer méi Länner an der Europäescher Unioun um richtege Wee. Sou ass zum Beispill d’Reform vum Bestietnis a groussen Deeler vun der EU schonns Realitéit. D’Piratepartei fuerdert och eng besonnesch Opmierksamkeet fir d’Rechter vun LGBTIQ-Koppelen an engem Bestietnis oder engem Partenariat. Dës sollen an alle Länner vun der EU unerkannt ginn.

Opwäichung vun der binärer Geschlechterkategoriséierung

Vill intersexuell Mënschen, déi bei hirer Gebuert kengem Geschlecht eendeiteg zougewise konnte ginn, goufen zum Mann oder zur Fra operéiert, laang éier se selwer woussten, wat se eigentlech sinn. Ethesch gesinn, ass et een net gerechtfäerdegten Agrëff an d’Perséinlechkeetsrecht vun engem Mënsch, wann hien bei senger Gebuert opgrond vu senger kierperlecher Konstitutioun um Etat civil an eng binär Geschlechterkategorie ageuerdnet gëtt.

D’Piraten droen d’Fuerderung vum Europarot, bei Klassifizéierung vu Persounen no Geschlecht Flexibilitéit walten ze loossen, mat. Mir favoriséieren eng Léisung bei der méi Geschlechter ewéi just „männlech” oder „weiblech“ méiglech sinn.

Inclusioun

D’Pirate setzen sech fir eng Gesellschaft ouni Barrièren an Hürden an, an där sech och Mënsche mat kierperlechen oder geeschtege Behënnerunge fräi vun Diskriminéierung a Stigmatiséierung mat de gläiche Chancen entfale kënne wéi all aner Persounen. Eng Behënnerung dierf keng Aschränkung sinn an de Gesetzgeber muss mat alle Mëttelen dofir suergen, datt all Mënsch e selbstbestëmmt Liewe féiere kann.

No der Iddie vun der UN-Behënnerterechtskonventioun soll Lëtzebuerg all néideg Mesuren huele fir d’Inclusioun vun all Mënsch mat enger Behënnerung ze garantéieren a sou déi sozial a politesch Participatioun ze erméiglechen.

Den Zougang zu den EU-Fongen vereinfachen

Den Accès fir eng Finanzéierung vu Projeten duerch EU-Fongen muss administrativ vereinfacht ginn. Et muss méiglech sinn, d’Demande fir ee Fong ouni vill Paperassen iwwert den Internet kënnen unzefroen.

European Youth Program

Näischt verbënnt d’EU méi, wéi d’Frëndschaften an d’Léift, déi tëscht senge Bierger entstinn. D’Piraten ënnerstëtzen d’Iddi vun der Aféierung vun engem European Youth Program. An dësem Programm soll all EU-Bierger, bevir en 25 gëtt, mindestens 4 Wochen un engem interkulturelle Programm mat anere Jonken aus der EU deelhuelen. Esou ee Programm géif de jonken Europäer d’Iddi vun der europäescher Freizügegkeet méi no bréngen, Viruerteeler ofbauen an et hinnen erlaben Kontakter mat anere Kulturen ze sammelen.