ACCOUNT

Europa fair a sozial

D’Pirate setzen sech dofir an, dass all d’Bierger vum Wuelstand an der EU profitéiere kënnen. Fir dëst ëmzesetzen, brauch d’EU méi Befugnisser fir d’Gestaltung vum Aarbechtsrecht souwéi an der Familljen- a Bildungspolitik. Mat gemeinsame Qualitéitsstandards kann Europa méi fair a sozial ginn!

Fir ee bedéngungslost Grondakommes an der EU

De Problem: All Mënsch huet d’Recht op eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun. Ee Mënsch kann nëmmen a Würd liewen, wa fir seng Grondbedierfnisser gesuergt an him eng gesellschaftlech Participatioun méiglech ass. An eiser Geldwirtschaft ass dozou en Akommes noutwenneg.

Wann een Akommes nëmmen duerch Aarbecht erzielt ka ginn, muss zur Sécherung vun der Würd vun alle Mënsche awer Vollbeschäftegung herrschen. Ënnert dëser Viraussetzung ass Vollbeschäftegung bis elo ee grousst Zil vun der Wirtschaftspolitik. Mee mir kënnen net méi drop setzen, datt eng staark Ekonomie schonns iergendwéi fir Vollbeschäftegung suerge wäert.

D’Nofro no Aarbecht gëtt op laang Siicht méi kleng. Duerch Automatiséierung an Optimiséierung verschwannen ëmmer méi Aarbechtsplazen an Aarbecht gëtt ëmmer méi vu Maschinne gemaach. Dëst bedeit, datt ëmmer manner Mënsche kennen eng 40-Stonne- Woch leeschten. Als Konsequenz musse mir mat engem méi héijen Aarbechtslosentaux oder mat méi kuerzen Aarbechtswochen eens ginn. Mir brauchen dofir nei Léisungen, déi der steigender Automatiséierung an dem technesche Fortschrëtt gerecht ginn.

Donieft detachéiert sech d’kulturell Produktioun vum Marché. Ëmmer méi kulturell wichteg Produiten, wéi z.B. d’online Enzyklopedie Wikipedia oder Open Source Projete wéi de Betribssystem Linux baséieren op fräiwëlleger Aarbecht vun dausende vu Contributeuren. Dëst ass en Trend, dee weist, datt vill Mënsche de Wonsch hunn, sech onofhängeg vun enger klassescher bezuelter Aarbecht ze betätegen. Hiren Engagement musse mir begleeden an esou dofir suergen, datt keen an d’Aarmut rutscht, obwuel en allgemeng wäertvoll Aarbecht leescht.

Mir Pirate sinn der Iwwerzeegung, datt eng iwwerwältegend Majoritéit vu Mënschen eng sécher Existenz als Grondlag fir d’Entfale vun hire wirtschaftlechen a soziale Potentialer notze wäert. Eng sécher Existenz schaaft Fräiraum fir selbstbestëmmten Educatioun a Fuerschung souwéi ekonomesch Innovatioun. Se erliichtert an erméiglecht éierenamtlech Engagement, beispillsweis d’Fleeg vun eelere Persounen, d’Erzéiung vu Kanner, onofhängege Journalismus, politesch Aktivitéit oder d’Schafe vu Konscht a fräier Software. Heivunner profitéiert di ganz Gesellschaft.

D’Léisung: D’Piratepartei setzt sech fir en bedéngongslost Grondakommes fir jiddereen an, fir eng sécher Existenz, gesellschaftlech Participatioun souwéi ekonomesch Fräiheet ze erméiglechen. E Grondakommes ass en Akommes, wat all Bierger – ouni Géigeleeschtung vum Staat – ausbezuelt kritt. Dëst verhënnert net de Räichtum, mee d’Aarmut.

E Grondakommes offréiert eng Léisung fir déi virdru genannte Problemer vun engem digitaliséierten, automatiséierten a globale Marché. Wou fréier Maartineffizienzen dozou gefouert hunn, datt méi Leit konnte beschäftegt ginn, huet d’Technologiséierung dozou gefouert, datt ëmmer méi Ineffizienze verschwannen. Et geet esou wäit, datt iwwer Internet villes “gratis” oder bal “gratis” ass.

D’Grondakommes ass eng Léisung fir dës Entwécklung positiv ze begleeden. Engersäits garantéiert de System jidderengem e Mindestakommes. Anerersäits lount sech  d’Aarbecht  ab dem éischten Euro, deen ee verdénge kann, ganz am Contraire zum aktuelle System. Och benéidegt e System mat Grondakommes keng Vollbeschäftegung méi, mee encouragéiert souguer Deelzäitaarbecht an erméiglecht sou méi perséinlech Fräiheet a selbstbestëmmt Participatioun um Aarbechtsmarché.

Doriwwer eraus valoriséiert e Grondakommes de Benevolat, well och gesellschaftlech wichteg, mee onbezuelten Aarbecht, iwwer d’Grondakommes d’Grondbedierfnisser séchert. D’Piratepartei schwätzt sech kloer fir e Grondakommes als konsequente Neistart vun eisem Sozialsystem aus.

Eis Iddie vum Grondakommes kann iwwer d’Aféiere vun enger negativer Akommessteier finanzéiert ginn. Dëst bedeit, datt de Steiersystem fir jidderee vill méi einfach gëtt. No dësem Steiersystem bezilt eng Persoun eréischt ab enger gewëssener Héicht Steieren – wien manner verdéngt wéi d’Héicht vum Fräibetrag, kritt Steieren ausbezuelt. Wien méi verdéngt, bezilt op sengem Akommes de Steiersaz.

Doduerch kritt jidderee ee Grondakommes ausbezuelt, wat sech an all Fall dann awer mat de bezuelte Steiere vum vereinfachte Steiermodell géif verrechnen. Eng Persoun, déi manner wéi oder genee de Fräibetrag géif verdéngen, bréicht also keng Steiere op hirem Verdéngscht ze bezuele. Si hätt also d’Grondakommes plus hirt Akommes an der Täsch, ee Netto-Gewënn. Eng Persoun, déi awer méi verdéngt, wéi de Fräibetrag, misst an dem Fall Steiere bezuelen.

De System huet d’Eleganz, datt en eng sozial Progressioun vun der bezuelter Steier mat engem eenzegen a faire Steiersaz kombinéiert an dobäi och nach d’Grondakommes finanzéiert gëtt. Duerch de System vum Grondakommes kéinten d’Lounkäschte fir d’Entreprisen massiv erofgesat ginn, wat zum engem den Entreprisen entgéint kënnt an een äusserst effektivt Instrument an der Relance vun der Kompetitivitéit kënnt ginn. Steierklassen, Splitting, Plafong oder „Assiette de base“ wären dann eng Saach vun der Vergaangenheet an eng Steiererklärung géing iwwerflësseg ginn. Dëst huet eng administrativ Vereinfachung vum Sozialstaat zur Folge, mat Erspuernisser am bürokrateschen Oflaf bei de Behörden, Entreprisen a Privatpersounen.

D’Grondakommes regional testen

D’Piratepartei wëll sech dofir asetzen, dass an deenen eenzelen EU-Staaten den Terrain an der nächster Legislatur bereet gemaacht gëtt, fir d’Grondakommes ze erschafen. Mer fuerderen dofir ee Fong, dee genotzt sollt ginn, fir d’Grondakommes a verschiddenen Regiounen an Europa ze testen. D’Experiment sollt a mindestens zwou NUTS 3 Regiounen an all EU-Land agefouert ginn.

Bei der Vergab vum Test-Grondakommes solle virun allem méi strukturschwaach Regiounen bevirzucht ginn. D’Experiement soll duerch eng interdisziplinär Ekipp vu Wëssenschaftler begleet ginn. D’Dauer vum Experiment sollt mindestens eng Legislaturperiod bedroen an de Montant vum Test-Grondakommes sollt un d’Käschte vun de jeeweileger Regioun ugepasst sinn.

Den éischte Schrëtt: een europäesche Mindestloun

Bis zum Aféiere vum bedéngungslose Grondakommes setze mir eis fir een europäeschen, awer de regionale Käschten ugepasste Mindestloun an. Mat dësem soll de Lounwettbewerb agedämmt ginn mam Zil fir mënschewürdeg Aarbecht- a Liewensverhältnisser ze suergen. Genausou ewéi d’Grondakommes wäert och d’Bannennofro an der EU domadden erhéijt ginn.

Een europäesche Wärungsfong géint Krisen

De Junker-Plang war geplangt als Investitiounsoffensive vun der EU. Bis elo ass awer nach net vill vun der Offensive bei de Bierger ukomm. Aplaz dorobber ze warden, zukünfteg Krisen ze meeschteren, wär et méi effizient dës Fongen an eng gutt wirtschaftlech Zukunft ze investéieren, fir d’Aarbechtslosegkeet an Europa aktiv ze bekämpfen. D’Pirate fuerderen dofir ee Währungskriisefong, deen Austeritéitspolitiken wärend Krisenzäiten deckelt an dee fir strukturell Investitiounen an den EU-Memberstaaten genotzt ka ginn.

Verhënnere vun deloyaler Konkurrenz

Et däerf net sinn, dass den Acquis vun der sozialer Maartwirtschaft an Europa der Kompetitivitéit zwëschen de Memberlänner zum Opfer fällt. D’Striewe fir méi Mobilitéit fir Employée soll net zur Ausbeutung vu Friemaarbechter oder zur Erosioun vun eisem Aarbechtsmaart féieren. Den aktuelle Fléckenteppech u Regelunge fir Mobilitéit a Migratioun féiert leider zu Mësshandlungen a Mëssbrauch.

Mir brauchen eng Vereinfachung vun den Aarbechtsplazreegelen ouni den Acquis a Fro ze stellen. D’Regele mussen einfach, kloer a verständlech sinn, sou, datt all europäeschen Employé seng Rechter ka wouerhuelen. Gläichzäiteg musse Scheinkonstruktiounen, ewéi d’Scheinselbststännegkeet oder onendlech Soustraitancen ageschränkt ginn, fir deloyal Konkurrenz ze verhënneren.

Ee gemeinsamt europäescht Familljerecht

D’Piratepartei well, dass d’Familljepolitik an de Kompetenzberäich vun der Europäescher Unioun gesat gëtt. Eng gemeinsam Familljepolitik erméiglecht alle Bierger déi selwecht Rechter an domadder de selwechte Schutz an allen EU-Staaten. Dëst betrefft gemeinsam Richtlinnen an engem breede Spektrum vun Themen, wéi zum Beispill Scheedung, Kannerentféierung, Ënnerhaltskäschten, Verméigensobdeelung, Bestietnis an d’Liewen an enger Koppel.

Selbstbestëmmung am drëtten Alter

D’Pirate wëllen, dass d’Mënschen am drëtten Alter selwer bestëmme kënnen, wou se liewe wëllen. Dozou gehéiert och, dass se kënnen hir Begleetstrukturen auswielen, egal a wéi engem EU-Land dës sinn. Déi administrativ a legal Barrièren heizou mussen ofgebaut ginn.

Pensioune sécheren

Lëtzebuerg entscheet selwer iwwert d’Struktur vu sengem Pensiounssystem. Bannent der Eurozone sinn awer zukunftsfäeg Pensiounen ee Garant fir d’Stabilitéit vun eiser Wärung. Dofir fuerdert d’Piratepartei, den Euro-Stabilitéitspakt ze erweideren, fir vun den Eurolänner eng zukunftsfäeg a bezuelbar Pensioun ze fuerderen. Eng zukunftsfäeg Pensioun berücksichtegt nei Aarbechtsmuster an eng proportional Participatioun vun alle Generatiounen.

Altersaarmut verhënneren

D’Pirate setzen sech dofir an, d’Altersaarmut ze verhënneren. D’Mindestrenten an all EU-Land muss op ee Minimum ugepasst ginn fir ze verhënneren dat Mënschen, déi hiert Liewe laang zum Wuel vun der EU bäigedroen hunn, an d’Aarmut ofrëtschen an op der Strooss landen. Dozou soll ee spezielle Fong fir Altersaarmut op EU-Niveau agefouert ginn.

Keen op der Strooss zeréck loossen

D’Aarmut an Europa ass ee fillbare Phänomen fir vill Matbierger – sief et zu Lëtzebuerg oder sos zueschaanescht an der EU. D’Europa-2020-Strategie geet eis hei net wäit genuch a mer wëllen, dass all Mënsch, egal a wéi engem EU-Land, mindestens seng Grondbedierfnisser erfëlle kann. D’Zil muss et sinn, dass jidderee eng waarm an dréche Schlofplaatz zur Verfügung gestall kritt an mat Iessen a Gedrénks versuergt ass. Keen soll weiderhi mussen op der Strooss schlofen. D’EU soll sech mat engem Fong fir d’Liewen op der Strooss méi Méiglechkeete ginn, fir de Läit op der Strooss ze hëllefen.

Patenter reforméieren

D’Pirate stellen sech dem aktuelle Fonctionnement vum Patentrecht entgéint. Generell ass een Ofbau vu Monopoler an eng Ëffnung vun de Marchéen een erkläert politescht Ziel vun de Piraten. Patenter stelle grondsätzlech eng kënschtlech Aschränkung vum Allgemengwuel duer, well d’Patentéiere vu Wëssen, wéi zum Beispill an der Genetik oder an der Biotechnologie, eng Gefor fir d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft ass.

D’Patentéiere vun Trivialitéiten oder souguer Blockade vum Fortschrëtt duerch Patenter soll ënner allen Ëmstänn verhënnert ginn. Aus dëse Grënn schwätzen sech d’Pirate géint Patenter op Liewenszäit aus an och op souer, déi sech op Liewewiesen, Genen, Geschäftsiddien, Medikamenter an och op Software bezéien. Als Ersatz fuerdere mer den Opbau vun alternative Methode mam Zil Innovatioun ze fërderen andeems Ureizer geschafe ginn.

D’Patentrecht a senger jëtzeger Form muss reforméiert ginn a soll net fir trivial Erfannungen, wéi Geschäftsmodeller, Computeren oder Planze gëllen. An deem Kontext sollen Universitéiten a Fuerschungsinstituter an hire Recherchen net duerch d’Patenter belaascht ginn.

Bildung a fräit Wëssen

Eng gebilten a fräidenkend Gesellschaft ass d’Viraussetzung fir d’Oprechterhale vun Demokratie, Wuelstand, sozialem Zesummenhalt a schlussendlech dem Erfolleg vun der europäescher Integratioun. D’Pirate striewen een universellen Zougang zu qualitativ héichwäerteger Bildung an der gesamter EU un, fir alle Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, sech perséinlech weiderzëentwéckelen.

D’Ausliewe vun der Mobilitéit ass ee wichtege Facteur fir déi perséinlech Weiderbildung an d’Verständnis vun Europa. Et sollt Usus ginn, dass Enseignante vun allen Schoulniveaue minimum ee Semester am Ausland Kure ginn hunn. De Bildungssystem muss de Bierger d’Moyene fir en selbstbestëmmte Liewen an eiser Gesellschaft ginn. Dozou gehéieren och d’Verständnis vu Recht, Finanzen a Medien. Duerch eng gutt Bildung kennen d’Mënsche méi resistent géint Propaganda a psychologesch Manipulatioun gemaacht ginn.

Doriwwer eraus ass et wichteg, d’Schoul fir jiddereen zougänglech ze maachen. Ee Wee ass mat fräie Lizenzen an der Digitaliséierung vun der Bildung an de Léierressourcen d’Schoul fir jiddereen opzemaachen. D’Pirate wäerten an deem Kontext innovativ Bildungsmodeller vun eenzele Memberstaaten op EU-Niveau fërderen.

D’Stagiairen unerkennen

D’Piraten ënnerstëtzen d’Positioun, dass Stagen, ob am Studium oder op fräiwëlleger Basis, solle bezuelt ginn. De Stage ass ee wichtegt Mëttel, fir de Studenten eng éischt Beruffserfarung an hirer Fachrichtung kënnen ze bidden.  Gläichzäiteg profitéieren awer och Betriber vun de Stagiairen, well si qualifizéiert Personal fir ee Brochdeel vun de Käschte vun enger normaler Persoun astellen.

D’Pirate fuerderen, dass innerhalb vun Europa jiddwer Stagiaire, jee no Qualifikatioun vum Student, soll fair bezuelt ginn. D’Bezuelung sollt sech un de reelle Liewenskäschten unhand vum Mindestloun vum jeeweilegen EU-Land orientéieren. Dës Weidere soll bei enger Weiderbeschäftegung vum Stagiaire d’Stagezäit an d’Periode d’Essai vum folgenden Aarbechtskontrakt berechent ginn.

Cannabis europawäit mindestens entkriminaliséieren

D’Drogepolitik am Bezuch zum Cannabis an Europa ass een eenzege Chaos. An deenen eenzelen EU-Staaten sinn Besëtz, Akaf a Konsum vun Drogen anescht gesetzlech festgeluecht. D’EU brauch hei eng kloer gemeinsam Linn, fir sech neutral an effektiv mat der Drogeproblematik auserneenzesetzen. Den Ënnerscheed tëscht erlaabten a verbuedenen Droge berout méi op Traditioun, wéi op medezineschen a wëssenschaftlechen Tatsaachen. Eng Kriminaliséierung op dëser Basis refuséiert d’Piratepartei dowéinst. Dofir aplaz  fuerdere mir een Entkriminaliséiere vum rekreativen Hanf an eng konsequent Opklärungs- a Präventiounsaarbecht als Grondsteen vun enger moderner Drogepolitik.