ACCOUNT

Europa digital

D’Informatiounszäitalter bréngt vill onbekannte Méiglechkeete mat sech fir eis Gesellschaft ze veränneren. Gläichzäiteg existéieren dobausse Gruppen, déi dës Entwécklung manipuléiere wëllen. D’Pirate stellen sech géint d’Regulatiounen, déi d’Zil hunn, Benotzerrechter anzeschränken, wärend grouss Entreprisen an Autokratien hir Muecht ausbauen.

Fräien Internetaccès als Grondrecht definéieren

Fir aktiv an der Gesellschaft participéieren ze kënnen, ass den Zougang zum Internet eng Grondviraussetzung. Onlinerecherche vu Schüler fir d’Schoul oder och en einfacht “Sech-informéieren” vun Erwuessenen ass ouni Internet bal ondenkbar. Mir wëllen dofir “d’Recht op digital Teilhabe”an der Europäescher Grondrechtscharta verankeren an den europawäiten Ausbau vun enger leeschtungsstaarker Kommunikatiounsinfrastruktur duerch d’EU méi staark fërderen.

Piratepartei trëtt duerfir an, datt och digital Kommunikatioun vum Grondrecht couvréiert gëtt a geschützt muss ginn. De Message ass kloer: den Internet ass fräi a fir jiddereen.

Gratis Wifi

Op den ëffentleche Platzen an Europa soll jiddweree kennen iwwert gratis Hotspotten am Internet surfen.

Privatsphär schützen

D’Piratepartei huet zanter hirer Grënnung 2009 d’Privatsphäre mat op hire Fändel geschriwwen. De Schutz vun der Privatsphäre ass de Schutz vun eiser Fräiheet, an eng rechtlech Garantie op fräi Meenungsäusserung. De Schutz vun der Privatsphäre an de Schutz vu persounebezunnen Donnéeën am digitalen Zäitalter stinn am Mëttelpunkt vun de Biergerrechter.

D’Pirate sinn der Meenung, dass d’Masseniwwerwaachung der Vergaangenheet ugehéiere muss. Dofir muss dat exzessiivt Sammelen a Späichere vun Donnéeë ënnerbonne ginn. Mir setzen eis an deem Kontext och géint den Ausbau vu Kameraen op ëffentleche Platzen an a wëllen all Mesure verhënneren, déi zu neien a méi strengen Iwwerwaachungsmesure féieren.

An dësem Kontext mussen eis Donnéeën net nëmmen an der EU, mee och virun Drëttlänner geschützt ginn. Länner, déi d’Mënscherechter systematesch ënnerdrécken, solle keen Accès op perséinlech Donnéeë vun EU-Bierger kréien.

Doriwwer eraus setzen d’Piraten sech am Beräich vun der e-Privacy an. Och hei leene mer all Versuch vu Kommunikatiounsiwwerwaachung of. D’Sammele vun Donnéeë fir Datenhandel, Maartrecherchen oder Ëmfroen dierfen nëmme mam Averständnis vun de betraffene Persounen erhuewe ginn.

Reform vum Urheber- a Patentrecht

D’Urheberrecht an dat angelsächsegt Copyright sinn haut méi en Outil d’Verbreedung vu Kultur a Wëssen ze verhënneren an den Zougrëff dorop ze monopoliséieren, wéi dofir ze suergen, datt Auteuren e gerechte Loun fir hier Konscht erhalen.

Modern Technologien, déi e verloschtfräit Kopéieren an Austausche vu Kultur a Wëssen erlabe, sinn eng eemoleg Chance fir jiddereen, onofhängeg vu finanzielle Méiglechkeeten, un der kultureller Villfalt Deel ze huelen an sech ze bilden. D’Piratepartei ënnerstëtzt eng fräi Bildung an den oppenen Accès zur Kultur a fuerdert dowéinst eng radikal Reform vun nationalen, europäeschen an internationale Reegelen zum Urheberrecht a Copyright.

Déi nei europäesch Copyright Direktiv lehnen d’Piraten of, well se d’Balance tëscht Kreativen a Benotzer net hierstellt. Mir fuerderen, datt dës nei verhandelt gëtt! 

D’Piratepartei fuerdert kuerzfristeg och d’Kierzung vun alle Schutzfristen op d’Minima, wéi se an den TRIPS a WIPO Traitéë virgesinn sinn. Mëttelfristeg sollen dës Traitéen nei ausgehandelt ginn. D’Zil ass d’Schutzfristen op maximal 14 Joer ab Umeldung vun engem Wierk ze kierzen – dës Frist huet sech als déi ekonomesch optimaalsten erausgestallt. D’Frist soll weiderhin an zwee ënnerdeelt ginn: eng éischt Frist vu siwe Joer an eng zweet vu siwe Joer, déi awer explizit nach eemol muss ugefrot ginn. Dëst féiert zu méi Kloerheet wat d’Rechter ugeet, grad am Beräich vu sougenannte verweesste Wierker wou den Auteur vum Wierk net méi ze identifizéieren ass. Mat dëser Reegelung falen esou Wierker an d’Public Domain a kënnen esou vu jidderengem genotzt ginn, ouni restriktiv Urheberrechtsreegelungen.

Gläichzäiteg insistéiert d’Piratepartei drop de privaten Austausch vun Dateien (“Filesharing”) ze legaliséieren. Dës gräift net an d’moralesch Rechter vun de Createuren an a limitéiert sech op déi net-kommerziell Notzung.

Des Weidere fuerdere mir, datt kopéiergeschützte Produiten net dierfe vum Verkaf zu Lëtzebuerg ausgeholl ginn. Do dernieft striewe mir eng europäesch Direktive un, déi esou e Kopéierschutz (“DRM”) fir digital Produite generell verbitt. Nëmmen esou kann déi sougenannten First-Sale-Doktrin erëm Applikatioun fannen an digital Musek oder Filmer weiderverkaf oder verierft ginn. 

Copyright

Mir Pirate wëllen ee fairt an ausgeglachent Copyright-Gesetz, dat d’Intressie vun eiser Gesellschaft erëmspigelt an Informatiounsmonopoler ofschaaft. Dat aktuellt Copyright Gesetz gëtt senger Funktioun, Innovatioun ze fërderen, net gerecht a spillt virun allem e puer wéinege Privilegéierten an d’Hänn.

D’Piraten hunn als Zil een Ëmfeld ze erschaffen, wou d’Motivatioun ze innovéieren an ze schaffen, Hand an Hand geet mat engem fräien Informatiounszougang. Fir déi sozial, technologesch a wirtschaftlech Entwécklung vun eiser Gesellschaft ze fërdere musse mer den ëffentlechen Accès op Informatioun, Wëssen a Kultur verbesseren. D’Kopéieren, d’Späicheren, d’Benotzen an den Accès zu Literatur- a Konschtwierker muss net nëmme legaliséiert, mee och gesetzlech geschützt a promouvéiert ginn. Jidderee sollt d’Méiglechkeet hunn, säi kulturellt Ierwen ouni gesetzlech Hindernisser ze verbreeden.

De kommerzielle Monopol vum Copyright muss op ee raisonnabelen Delai reduzéiert ginn. Dovunner derivéierend Wierker mussen awer erlaabt bleiwen an Exceptiounen musse speziell gesetzlech festgeluecht ginn. Nei Monopoler solle verhënnert ginn.

Den Internet kennt keng national Grenzen. Mir betruechten déi kënschtlech Lännergrenzen am Internet bannent dem europäesche Bannemaart als Hindernis fir d’europäesch Integratioun a fuerderen ee gemeinsamt europäescht Copyrightgesetz fir europäesch Copyrightmonopoler an der EU opzebriechen. De Saaz “Dieses Video ist in Ihrem Land nicht verfügbar” soll an Zukunft der Vergaangenheet ugehéieren.

Eng weider Monopoliséierung vun Informatiounen a Kultur muss gestoppt ginn. Mir brauchen dofir eng Reguléierung duerch de Staat, deen d’Monopolrechter just an Ausnamesituatiounen zouerkenne respektiv oprechterhalen dierf, wann dës dem Interessi vun der Allgemengheet net entgéint steet. Ausnamen dierfe just zäitlech begrenzt sinn a kënnen net réckwierkend inhaltlech oder zäitlech erweidert ginn.

D’Pirate sinn sech bewosst, dass dat soziaalt Liewen ëmmer méi am Internet stattfënnt. Dofir soll déi digital Welt net duerch Exklusivrechter hir Fräiheeten entzunn kréien. D’Informatiounsfräiheet, a Form vum fräie Verlinke vun Inhalter oder duerch d’Erstelle vu Parodien, Zitater, a Remixing soll vum kommerzielle Copyrightmonopol ausgeholl ginn. Déi europäesch Verwäertungsgesellschafte mussen hire Memberen een transparent a verständlecht Matbestëmmungsrecht an de Kënschtler fair Kontrakter ubidden.

Ofschafe vun der Vorratsdatespäicherung

Säit 2005 an 2009 ginn an der kompletter EU Internet Service Provideren per Gesetz gezwongen, all Verbindungsdonnéeë vun alle Benotzer an hirem Reseau fir op mannst 6 Méint ze späicheren. Dëst bedeit, datt eng Onmass vun Donnéeë gespäichert ginn (zum Beispill mat wiem ee wéi laang, um wéi vill Auer, vu wéi enger Plaz telefonéiert huet, wéini een sech wéi laang am Internet verbonnen huet, oder mat wéi engem Reseau een sech verbonnen huet).

Nieft der Verletzung vun der Onscholdsvermuddung konnten d’EU-Memberlänner bis haut net beweisen, datt d’Vorratsdatenspäicherung zu enger Reduktioun vun der schwéierer Kriminalitéit bäidréit. D’Piratepartei setzt sech dofir fir d’Aussetze vun der Vorratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg an.

Den Europäesche Geriichtshaff (EuGH) huet net nëmmen eng Kéier (am Joer 2014), mee esouguer zweemol (nach eng Kéier am Dezember 2016) den EU-Memberstaaten erkläert, datt déi onbegrënnte Vorratsdatespäicherung net mat de fundamentale Rechter vun de Bierger ze vereenen ass.

Nodeems déi Gréng hiert Walversprieche vun der Ofschafung vun der onbegrënnter Vorratsdatespäicherung net agehalen hunn, verlaange mir, datt dat Gesetz elo esou séier wéi méiglech ofgeschaaft gëtt an datt Lëtzebuerg sech parallel op europäeschem Niveau dofir staark mécht, datt an der EU eng Reglementéierung fonnt gëtt, déi esou Gesetzer ënnerbënnt.

Zensur

Zensurprogrammer an Europa an iwwert Grenzen eraus leene mer Pirate strikt of. An deem Zesummenhang wäerte mir Exporter vun Iwwerwaachungs- an Zensurtechnologien a Länner, déi d’Mënscherechter ënnerdrécken, méi streng kontrolléieren.

Netzneutralitéit

All Iwwerwaachung vum Internet bedeit eng Beschneidung vum Recht op frei Meenungsäusserung an ass domadder fir d’Piratepartei inakzeptabel.

D’Pirate wieren sech géint d’Ëmsetzung vun der neier Copyright Directive souwéi géint all Gesetz, dat d’Zil huet den Internet ze zenséieren. All Versuch, Inhalter duerch automatesch Filteren oder Organisatioune läschen ze loosen, wäerte mer net akzeptéieren.

Dës Weidere setze mer eis dofir an, dass den Internet fräi a fir jiddereen zougänglech bléift. En diskriminéierungsfräien Zougang zum Internet muss an der gesamter EU fir jidderee séchergestallt ginn. All Bierger muss Zougang zu enger fräier Internetverbindung erhale kënnen.

Beim europawäiten Ausbau vun den Netzer an hirer Moderniséierung dierf et net zu enger Monopoliséierung vun der Kommunikatiounsinfrastruktur kommen. Mir leenen all Aschränkung of, duerch déi Inhalter anere virgezu ginn, sief et wéinst dem Contenu oder wéinst dem geographesche Standuert vum Déngschtleeschter oder Benotzer.

Dës Weidere soll all Benotzer d’Recht hunn, seng elektronesch Geräter reparéieren a veränneren ze kënnen. Bei Geräter, déi nët méi vum Fabrikant aktualiséiert an ënnerhale ginn, soll de Notzer d’Recht kréien de Code vum Produit ze kennen, fir selwer kënnen drun ze schaffen.

Open Access

D’Piratepartei setzt sech fir den allgemengen a fräien Zougang zu allen aus Steiergelder finanzéierte Fuerschungsresultater nom Open Access Prinzip an. D’Resultater vu komplett oder deelweis ëffentlech finanzéierter Fuerschung mussen an Open-Access-Fachzäitschrëften oder an anerer Form verëffentlecht ginn, déi fir di breet Bevëlkerung gratis a liicht zougänglech ass.

Fir d’Verëffentleche vu wëssenschaftleche Resultater am Kader vun Open Access ze fiederen, soll als Moossnam en allgemengt Open Access Magazin nom Virbild vu PLOS One a mat Hëllef vun ëffentleche Mëttel gestart ginn.

Och fuerdere mir d’Rechter vun den Auteuren (z. B. archivéieren um eegene Site) ze stäerken. Des Moossname reduzéieren d’Käschte fir Fuerscher ouni grouss finanziell Ressourcen an ënnerstëtzen domat de Fuerschungsstanduert vun der Europäescher Unioun.

Open Data

All d’Donnéeën, déi zum ëffentlechen Notzen erstallt goufen, sollen onofhängeg vun hirer Hierkonft fir eng breet Ëffentlechkeet fräi zougänglech sinn an daat esou laang wéi keng perséinlech Donnéeën ouni Zoustëmmung vun de Betraffenen oppe geluecht ginn. D’Donnée sollen an enger gëeegenter Form zougänglech gemaacht ginn. Den Zougang dierf net duerch Gebühren, besonnesch Lizenzbedingungen, opwenneg Zougangsberechtegungmesuren oder duerch technesch Mëttel begrenzt ginn.

Mir Pirate striewen een Informatiounsfräiheetsgesetz op EU-Niveau un, dat kritesch Bestanddeeler vun der aktueller EU-Veruerdnung ofschafe soll, déi Barrière fir den Zougang zu Informatiounen duerstellen, wéi beispillsweis d’Definitioun vum Begrëff “Dokument” an d’Frist fir d’Areeche vu Beschwierden.

Open Source

D’Pirate schwätzen sech fir d’Benotzung vu Software aus, déi vu jidderengem benotzt, analyséiert, verbreet a modifizéiert ka ginn. Freie Libre Open Source Software (FLOSS) ass wesentlech dofir, datt d’Notzer d’Kontroll iwwert hir eegen technesch Systemer hunn a leescht e wesentleche Beitrag zur Stäerkung vun der Autonomie an der Privatsphär vun allen Notzer.

Iwwerdeems wëlle mer dorobber awierken, datt Bestëmmungen an Handelsofkommes geschloss ginn, déi den Asaz an d’Entwécklung vun oppene Formater a fräier Libre Open Source Software ënnerstëtzen an d’géigesäiteg Unerkennung vun neiaartege Lizenzmodeller, wéi z.B. Creative Commons, fiederen.

Dës Weidere soll d’Fuerschung, d’Entwécklung an d’Ëmsetzung vun Open Source ëffentlech matfinanzéiert ginn. D’Pirate setzen sech an dem Kontext fir eng Erhéijung vun de Subside fir d’Linux Foundation an.

Ee Recht op Verschlësselung

All Bierger soll d’Recht hunn seng Donnéeën däerfen ze verschlësselen. Dofir wëlle mer, dass Verschlësselungsupporten obligatoresch sollen vu Computer- an Handyhirsteller dem Notzer zur Verfügung gestalt kënne ginn. Gläichzäiteg dierf keen, ouni Order vun engem Riichter, gezwonge ginn fir seng Passwierder präis ze ginn.

Digital Sécherheet

D’Piratepartei fuerdert, dass de Bierger Meeschter iwwert d’Utilisatioun vu senge perséinlechen Date gëtt. D’Digitaliséierung bitt immenz Méiglechkeeten iwwert physesch Grenzen ewech an trotzdeem dierf een d’Risiken net ignoréieren déi mam Benotze vun digitale Medien hierginn.

Online Impersonatioun a Bedruch sinn zum Beispill ee wuessenden an onzouräichend erkannte Problem vun der Digitaliséierung. Mat enger europäescher Zentral fir d’Mellen vun Impersonatioun a Bedruch kéint een deem Problem zum Beispill entgéintwierken.

Obligatoresch Verwennung vu fräier Software an der ëffentlecher Verwaltung

Mir Pirate sinn der Meenung, datt d’Donnée vun de Bierger, wou méiglech, ëmmer mat fräier Software traitéiert, verwalt a geséchert solle ginn. Geschützt Software dierf nëmmen sou laang agesat ginn, ewéi keng frei Software existéiert, déi fir de jeeweilegen Zweck benotzt ka ginn.

Frei Software reduzéiert Verwaltungskäschten, fërdert den techneschen Know-How a verbessert d’Méiglechkeet digital Dokumenter och nach an 10 oder 20 Joer erëmzefannen. Mir wëllen dofir suergen, datt am ëffentleche Secteur zukünfteg frei Software zum Asaz kënnt, soudatt keng Ofhängegkeet vu speziellen Ubidder méi besteet.

Finanzéierbaren Zougang zu Zertifizéierungsservicer

Zertifizéierungsservicer stellen Zertifikater aus, mat deenen d’Kommunikatioun vum duerchschnëttlechen Internetbenotzer geschützt ka ginn. Dës Servicer riichten awer hir Präismodeller op Gewënnoptiméierung aus. Dëst verhënnert en acceptabelen Zougang zu signéierten Zertifikater an enger elektronescher Ënnerschrëft fir Privatpersounen an ASBL’en an doduerch den Zougang zu enger sécherer Kommunikatioun.

D’Piratepartei setzt sech fir de Schutz vun der Privatsphär an a fuerdert e sozial gerechte Präissmodell an en europäeschen Zertifzéierungsservice.

Dateschutz stäerken

Ee Bewosstsinn fir Datespuersamkeet léist sech nëmmen etabléieren, wa jidderee weess, wéi eng Donnéeën iwwert ee gespäichert sinn. Dofir fuerderen d’Piraten, datt all Organisatioun, staatlech Administratioun oder Entreprise, déi an enger Datebank perséinlech Informatiounen iwwer eng Persoun gespäichert huet, eemol pro Joer an engem Relevé iwwer dës Datespäicherung informéiert. Op Ufro mussen dës Stellen der Persoun detailléiert Auskonft ginn, wéi dës Donnéeë benotzt, wéi laang se gespäichert a wéi se kënne verännert oder geläscht ginn.

D’Dateschutzbestëmmunge solle fir all Dateveraarbechtung gläich sinn – fir privat, staatlech oder kommerziell Datebanke mussen déi selwecht Reegele gëllen. Ausnamereegelunge fir staatlech Datebanke mussen op e Minimum reduzéiert ginn an Datebanke mat sensibelen Donnéeë mussen enger besonnesch staarker Kontroll ënnerleien.

Bei Verletzungen vum Dateschutz mussen zivil- a strofrechtlech Moossname méiglech sinn. D’Strofe bei Mëssbrauch dierfen net esou niddreg leien, datt Verfahre reegelméisseg agestallt gi, well de Sträitwäert ze geréng ass. Stellt eng Stell, déi perséinlech Donnéeë späichert, fest, datt Datesätz onberechtegt agesinn oder kopéiert goufen, da mussen all betraffe Persounen iwwer dës Datepann informéiert ginn.

Keng Späicherung vu biometreschen Donnéeën

Biometresch Donnéeën, déi fir d’Ausstelle vun engem biometresche Päss oder enger Carte d’Identité erhuewe ginn, dierfen net iwwer länger Zäit vu Gemengen oder staatleche Stelle gespäichert ginn.

Een europäesche Guichet fir digital Prozeduren

Fir d’europäesch Zesummenaarbecht weider ze verbesseren, mussen d’administrativ Demarchen op enger zentraler Ulafstell um Internet kënne gemaacht ginn. D’Pirate setzen sech dofir fir en europäesche Guichet an, wou all d’EU-Bierger Demarchen, vum Studenteprêt bis zur Demande vu Visa, kennen ufroen.

Eng europäesch Handynummer

D’Pirate wëllen een europäesche System fir Handynummere kënne vun engem Land an dat aner matzehuelen. Et muss méiglech sinn, dass wann een säin Ubidder ënnerhalb vun der EU wiesselt, dass d’Handysnummer ka bäibehale ginn.

Präventioun vun der virtueller Sucht

Fir déi haiteg Generatiounen ass den Internet net ewechzedenken. Déi meescht vun eis si mam Internet opgewuess oder hunn am Laf vum Liewen Accès op den Internet krut. Mee den Internet huet och ee Geforepotential. Am Beräich vun der Suchtpräventioun- a Behandlung ginn ëmmer méi Fäll bekannt, an deene Persoune wéinst enger Online-Sucht Hëllef brauchen.

 Vill Mënsche mierken net, dass si vill ze vill Zäit um Internet oder virum Bildschierm verbréngen, bis dass si hiert Verhalen net méi kontrolléiere kennen an hiert Liewen ausserhalb der virtueller Welt vernoléissegen.

Fir d’Piraten ass et wichteg, dass den Internet fräi a sécher genotzt ka ginn. Mer wënschen eis wat d’Gefore vun der Vernetztheet an der virtueller Welt ugeet, méi Informatiounscampagnen a Behandlungsméiglechkeete, virun allem an der Spillsucht. Et ass eis wichteg, dass déi haiteg Generatiounen d’virtuell Welt besser verstoe léieren an den Internet mat Mooss an Ofstand benotzen.  Als méiglech Usätz kéinte mer eis um Schwäizer Modell fir d’Glécksspill orientéieren, an eng Steier um Ëmsaz vu Videospiller opstellen. D’Suen sollen dann ausschliisslech a