ACCOUNT

Europa am Fridden

D’Piraten setzen sech mat aller Kraaft fir gewalt- a waffefräi Léisunge vu geostrategeschen a politeschen Ausernanersetzungen an.  De Krich huet am 21. Joerhonnert keng Dosinnsberechtegung méi. Mer setzen eis an fir eng Friddenspolitik um europäesche Kontinent an doriwwer eraus.

D’Kriminalitéit iwwert d’Grenzen eraus effektiv bekämpfen

An engem Europa vun den oppene Grenzen hu kriminell Persounen oft einfacht Spill. Am Kampf géint Kriminalitéit brauche mir dofir méi europäesch Zesummenaarbecht. dës Zesummenaarbecht soll awer am Respekt vun der Privatsphär vun allen europäesche Bierger geschéien. Zu dësem Zweck sollen, ënnert der Kontroll vum Europäesche Parlament, Europol an Eurojust gestäerkt ginn.

Gläichzäiteg wëllen d’Piraten och en europawäit Entkriminaliséieren vun Drogen erwierken a beim Mënschenhandel op eng méi staark Repressioun vun den Hannermänner a -fraen amplaz op eng Kriminaliséierung vun den Affer setzen.

D’NATO iwwerdenken

D’Militärbündnis muss sech enger Reform ënnerzéien an et muss eng oppen Diskussioun gefouert ginn, ob all Member nach seng Platz an der Allianz huet.

Fir eng europäesch Arméi als Garant vu Fridden

Verdeedegungspolitik ass de Garant fir Sécherheet a Fräiheet. Wann een et zesummerechent, investéieren déi eenzel EU-Memberstaate méi an hir national Arméie wéi China a Russland zesummen. Leider ass déi aktuell europäesch militär Zesummenaarbecht, a Form vu Battlegroups, onwierksam a vu begrenztem Notzen.

D’Piratepartei well sech dofir asetzen, eng gemeinsam europäesch Verdeedegungsarméi opzestellen. Dës Arméi soll gemeinsam Besoinen definéieren, Sëcherheetsanalyse koordinéieren an a Beräicher – wéi dem gemeinsamen Akaf an der Maintenance vun Ausrüstung an der Ausbildung vu Rekrutten – zesummeschaffen. Eng europäesch Arméi géif sech aus engem EU-Fong finanzéieren, an deen all d’Memberstaaten abezuelen.

Dës Arméi soll sech an Zukunft nëmmen op hir Roll an enger 3D-Strategie (Development, Diplomacy & Defence) reduzéieren. D’Europäesch Kommissioun soll d’Weisungsbefugnis kréien, Asätz wieren awer nëmmen duerch en demokratescht Legitiméieren duerch d’Europäescht Parlament méiglech. D’Piratepartei schwätzt sech an deem Zesummenhang och géint en Asaz vu europäeschen Zaldoten a Krichsgebidder aus.

Eng gemeinsam europäesch Aussepolitik

Di europäesch Wirtschaft ass ëmmer nach eng vu de gréisste Vollekswirtschaften op der Welt. Mir assuméieren an notzen dës Positioun leider vill ze seelen, well mir mat ze ville Stëmmen schwätzen. Wa mir gemeinsam handelen, dann huet Europa méi Gewiicht an Afloss op der Welt.

D’Pirate wëllen dofir eng kohärent, gemeinsam an europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik. Dëst erfuerdert vun de Memberstaaten, datt se hire klengen nationalen Afloss géint e gemeinsamen a méi groussen Afloss antauschen. Europa sollt sech fir eng Reform vum UN Sécherheetsrot an eng Iwwerpréiwung vum ineffektive Veto-System asetzen. Europa ass méi aflossräich wann et ee weidere Sëtz an der UNO, der Welthandelsorganisatioun (WTO), der Weltbank an anere multilateralen Organisatiounen huet.

D’Stäerkung vun den Vereenten Natiounen (UNO)

Eng ugemoosse Bedeelegung vun alle Kontinenter am Sécherheetsrot ass dauerhaft sécherzestellen. Besonnesch d’Schwellelänner sollte, virum Hannergrond vun hirer ëmmer méi grousser Bedeitung, méi staark un de Mechanisme fir eng global Verantwortung bedeelegt ginn. D’Vereenten Natioune kënnen hir Aufgaben nëmmen erfëllen, wann d’Memberstaaten hire Bäitragsleeschtunge nokommen. Et bitt sech un, d’Vereenten Natiounen an Zukunft nach méi staark an d’Koordinatioun vu Katastrophenhëllefen ze integréieren. 

Anti-Terror-Politik

Europa ass an de leschte Joer duerch eng Réi Terroruschléi op d’Prouf gestallt ginn. Dëst huet zum Deel zu Verbesserungen am europäesche Sécherheetssystem gefouert, deels awer och zu exzessiver Masseniwwerwaachung, déi a ville Fäll keng konkret Resultater virweise konnt. D’Sécherheetspolitik an Europa muss iwwergeduecht ginn.

D’Piratepartei fuerdert eng grëndlech Analys vun der europäescher Anti-Terror-Politik, fir erëm op en Niveau ze kommen, dee Biergerrechter respektéiert an net vun irrationaler Angscht gesteiert gëtt.

D’Bedeelegung vu Lëtzebuerg am sougenannte Kampf géint den Terror soll sech op e bessere Screening vu verdächtege Banktransaktioune beschränken. Mir schwätzen eis entscheet géint den TFTP Traité aus a fuerderen datt eng eventuell Analyse vu Bankdaten nëmmen innerhalb vun der EU dierf duerchgefouert ginn. Wa mir effizient an datespuersam géint d’Terrorfinanzéierung virgin, schaaft dat manner Märtyrer an ass noweisbar méi effikass wéi den Asaz vu bewaffenten Truppen oder Dronen.

Géint Cyberwar

Oppen a verdeckten Aktioune vu staatlechen, privaten an ëffentlechen Organisatiounen, déi de Cyberspace als Konfliktdomän notzen an Zivilbevëlkerung a Gefor bréngen, lehne mir decidéiert of. Schuedsoftware, déi an der Lag ass, fir Mënscheliewen duerch Ugrëffer op gesellschaftlech Versuergungsnetzwierker a Gefor ze bréngen, betruechte mir als inakzeptabele Sécherheetsrisiko a fuerderen e Bekenntnis vun der EU Kommissioun zu friddenserhaalende Moossnamen no den internationale Konventiounen zur Verbesserung vum friddleche mënschlechen Zesummeliewen duerch d’Technik op der Äerd.

Mir Piraten, zesumme mat eise Schwësterparteien an den anere Länner, fuerderen en internationalen Traité iwwert de Gebrauch vu Cyberwaffen, mat dem all Land soll uginn, ob a wéi Cyberwaffen benotzt ginn. Ënnert Cyberwaffen fällt all Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie, déi op d’Iwwerwaachung, d’Manipulatioun, d’Blockéieren, d’Verschlechterung oder d’Zerstéierung vun ëffentlechen, staatlechen oder privaten Informatiounsnetzwierker ofzilt.

Beruffsgeheimnis fir Cyber-Ofwier

Internetplattformen an Entreprisë sinn enger héijer d’Unzuel vun Ugrëffer ausgesat. Duerch Sécherheetslücken op Plattformen ass et méiglech, datt Krimineller u sensibel a privat Donnéeë kommen oder reelle wirtschaftleche Schued verursaachen. Déi zoustänneg staatlech Servicer sinn oft op Informatioune vun Drëtten ugewise, fir potentiell Geforen opzedecken a behiewen ze kënnen.

D’Piratepartei fuerdert ee Beruffsgeheimnis an ee Quelleschutz fir Sécherheetsfuerscher, analog zu dem vu Journaliste, fir hir Informanten a Schutz huelen ze kënnen an domat zu enger vertrauenswierdeger Ulafstell fir potentiell Informanten ze ginn.

Atomwaffeverbuet

D’Piratepartei ass strikt géint Nuklearwaffen, souwuel wat d’Lagerung wéi och den Transport vun Nuklearwaffen ugeet. Mir setzen eis an, fir e weltwäiten Ofbau a fir ee weltwäit Verbuet vun der Produktioun an dem Gebrauch vun Nuklearwaffen.

Verbuet vun autonome Krichswaffen

D’Piratepartei fuerdert ee Verbuet vun autonomen Krichswaffen. Dat sinn Dronen, déi ouni Pilot fléien a schéisse kënnen. Et ass fahrlässëg, dass Roboter, déi nëmmen op virprogramméiert Algorithmen zeréckgräife kënnen, mat Krichsmissiounen beopdrot ginn. D’Fro vun der Responsabilitéit vun der Missioun gëtt an dem Kontext och méi komplizéiert. Et ass schonn fir een Zaldot schwiereg, am Krich tëscht Zivilist oder Géigner ze ënnerscheeden.

D’Pirate wëllen, dass d’EU autonomy Krichswaffen op d’Lëscht vun de verbuedene Waffen ophëlt. Gläichzäiteg mussen och Exportrestriktioune fir d’Software, déi an dëse Waffesystemer zum Asaz kënnt, agefouert ginn.

Identifizéierung vu Waffen

D’Piraten fuerderen den Asaz vum UNO-Instrument zur Kennzeechnung an zum Tracking vu militäresche Waffen. All Handwaffen, déi an der EU oder ausserhalb ënnert engem europäesche Producteur hiergestallt ginn, sollen identifizéierbar sinn. Duerch d’Identifizéierung solle Waffenexporter kennen verfollegt an illegal Verkeef erkannt ginn.

Eng fair a gemeinsam Asyl- a Flüchtlingspolitik

Asyl ass e Mënscherecht. Populistesch Attacken op dëst Recht toleréieren d’Piraten net a schwätzen sech kloer fir eng verstäerkt Ënnerstëtzung vun Asylsichenden aus. Wichteg ass et Aslysichender net ze stigmatiséieren, mee als Mënschen an Nout ze behandelen a mënschewierdeg Prozeduren unzewenden, fir dem Recht op Asyl gerecht ze ginn. Donieft mussen d’Grënn fir positiv Asylgesich erweidert ginn, fir op aktuell Geforen a Länner ouni déi néideg Protektioun opmierksam ze maachen.

Den europäeschen Usaz zur Asyl- a Flüchtlingspolitik muss op der Unerkennung vun de Mënscherechter berouen an d’Virgabe vun der Genfer Flüchtlingskonventioun an der UN Kannerrechtskonventioun vollstänneg respektéieren. D’EU-Noperschafts-an Entwécklungspolitik soll op eng nohalteg Verbesserung vun de Liewensbedingungen an op d’Fërderung vun de Mënscherechter an alle Partnerlänner a Regiounen ausgeriicht sinn. Fir d’Asylpolitik ze fërderen, muss den Asyl- a Migratiounsfong méi Programmer fir d’Ophuelen an d’Integratioun vu Flüchtlingen an den eenzele Memberlänner ënnerstëtzen.

D’Pirate fuerderen eng drastesch Verkierzung an eng komplett Transparenz vum Asylverfahren. Falls 1 Joer nom Areeche vun enger Demande op protection internationale nach keng Decisioun gefall ass, da soll dës Demande automatesch ugeholl ginn. Dëst verhënnert, datt Mënsche jorelaang an enger onsécherer Situatioun liewe mussen. Déi Waardezäit ass als maximalen Delai ze verstoen, dee nëmmen an de komplizéiertste Fäll areecht däerf ginn.

Dës verhënnert, datt Mënsche jorelaang an enger onsécherer Situatioun liewe mussen. Wann néideg soll d’Ausweisung schnell a mënschewierdeg duerchgefouert ginn an et soll dofir gesuergt ginn, dass déi betreffend Léit eng reell Chance op en Neiufank hunn.

LGBTIQ an Asyl- souwéi Immigratiounsrecht

D’Piratepartei fuerdert, datt Homosexualitéit, Transsexualitéit an hier Persecutioun am Ausland als Asylmotiv unerkannt gëtt. Aktuell Reegelungen reechen net wait genuch, fir Persounen, déi wéinst dësen Eegenschaften an hirem Heemechtsland verfollegt ginn, Asyl zu Lëtzebuerg ze gewären. Lëtzebuerg muss déi néideg Prozedure schafen, datt all Persoun, déi ënnert dem Risiko steet, wéinst hirer sexueller Identitéit oder hirer Sexualitéit verfollegt ze ginn, d’Protektioun vum Asyl zegutt huet.

D’Infrastrukture fir Asylsichender sinn dacks net op d’Bedierfnesser vu den eenzele Mënschen zougeschnidden. Esou ass et beispillsweis méiglech, datt LGBTIQ-Persounen, déi opgrond vun hirer Sexualitéit oder hirer geschlechtlecher Identitéit an hirem Heemechtsland verfollegt goufen, sech hei mat anere Schutzsichenden, déi hirersäits duerch en LGBTIQ-feindlecht Gesellschaftsbild aus hirem Heemechtsland gepräägt sinn, am selwechten Ënnerdaach erëmfannen.

Fir Konfliktsituatiounen ze vermeiden an de physesche souwéi och psychesche Wuel vun de Betraffenen ze garantéieren, fuerderen d’Piraten d’Schafung vun engem Foyer respektiv engem ofgetrennte Beräich an enger bestoender Infrastruktur, wou LGBTIQ-Mënschen ënnerkomme kënnen, wann d’Situatioun et noutwenneg mécht.

Et ass dacks esou, datt betraffe Leit sech opgrond vun hiren Erfarungen net trauen, fir iwwert hir Situatioun ze schwätzen. Mir fuerderen dofir eng Formatioun fir d’Agenten aus de Foyeren, déi d’Thematike Coming-Out, sexuell Orientéierung a geschlechtlech Identitéit behandelt. Och d’Iwwersetzer an d’Security-Personal sollten an dëser Thematik hiren Aufgaben entspriechend forméiert ginn, fir an de jeeweilege Situatiounen ugemoossen kënnen ze handelen.

Fir festzestellen, op déi getraffe Mesuren hiren Zweck erfëllen a fir deementspriechend op d‘Hëllef vun anere staatlechen oder konventionéierte Servicer zeréckzegräifen, sollten Informatiounen a Statistike ronderëm d’LGBTIQ-Asylsichenden EU-wäit erhuewe ginn, déi relevant fir e Suivi an deem Domaine sinn. Konventionéierten Acteuren, déi eng Kollaboratioun mat de Foyeren an dësem Kontext hunn, sollten, ënnert Berécksiichtegung vun der Privatsphär vun de Betraffenen an den datschutzrechtlechen Aspekter, Zougrëff op dës Statistiken hunn.

Netzpoliteschen Asyl

Net eréischt op Grond vun de Revelatiounen a Schicksaler vun de Whistleblower Chelsea Manning an Edward Snowden gouf kloer, datt Aktiviste wéinst Meenungsäusserungen um Internet, op sozialen Netzwierker oder fir hiert netzpoliteschen Engagement riskéiere bestrooft a souguer gefoltert ze ginn. Ähnlech Erfarunge gouf et och am sougenannten Arabesche Fréijoer, wou vill Aktivisten opgrond vu Meenungsäusserungen um Internet verhaft an agespaart goufen. Dofir fuerderen d’Piraten eng besonnesch Ënnerstëtzung an Entschiedegung vu Persounen, déi verantwortungsbewosst Schwaachstelle mellen.

Kampf géint erzwonge Prostitutioun a Mënschenhandel

D’Piratepartei fuerdert kloer gemeinsam Reegele wat d’Prostitutioun an Europa ugeet. Nëmme mat klore Reegele kann haart géint Proxenitismus a Mënschenhandel virgaange ginn. Dofir mussen d’Sexworker aus der legaler Grozone erausgeholl ginn a legal Prostitutioun als Aarbecht unerkannt ginn. Dëst huet zesumme mat kloren Reegelen, ënner wéi enge Konditioune Prostitutioun an der EU legal praktizéiert dierf ginn, zur Folleg, datt méi effektiv géint illegal Prostitutioun a Mënschenhandel ka virgaange ginn.

D’Prioritéit muss dorops leien d’Sexworker aus der Illegalitéit ewech ze halen an all Ënnerstëtzung fir reegelméisseg Gesondheetskontrollen ze erméiglechen. Op der aner Säit ka mat kloren Reegelen all Offer vu Prostitutioun méi streng kontrolléiert ginn an et kann haart géint all Form vu Mënschenhandel oder sexueller Exploitatioun virgaange ginn.

Ee bessere Schutz virum Mënschen- a Kannerhandel

Pirate fuerderen, datt all EU-Memberlänner di universell Charta fir d‘Mensche- a Kannerrechter unhuelen a gesetzlech verankeren. D’Europäesch Unioun muss sech d’Mëttel ginn, fir international Konzerner a Punkto Mënscherechter an Ëmweltschutz ze kontrolléieren, an e Katalog vu Sanktioune bei graffe Verstéiss ausschaffen, woumat di verantwortlech multinational Firme gesetzlech zur Verantwortung gezunn an op Schuedenersatz verklot kënne ginn.

Mënschen- a Kannerhandel si schwéier Verbriechen a musse mat Null-Toleranz a strenge Sanktioune bekämpft ginn. Gewaltverbriechen a Vergewaltegungen si kéng Kavaléiersdelikter. Et däerf net sinn, datt Kanner musse Beweiser bréngen, datt si am Fall vun Iwwergrëff op hir Intimitéit domat net averstane waren. Affer vu Gewalt sinn der Belaaschtung ee Liewe laang ausgesat an d’Verdrängung vun déif gräifende Verletzungen a jonke Jore mëscht, datt di Betraffen oft eréischt Joerzéngten no der Dot doriwwer schwätze kennen. Deemno däerf et bei Verbriechen u Kanner kéng Prescriptioun ginn.

Entwécklungshëllef an international Zesummenaarbecht

Ee weidere Schwéierpunkt ass eng transparent, novollzéibar an nohalteg Entwécklungshëllef ausserhalb vun Europa. Konserven an Puddermëllech hëllefen zwar Persounen, mee eenzeg duerch eng gutt an nohalteg Entwécklungshëllef gi mer de Leit a Länner ausserhalb vun der EU d’Méiglechkeet sech selwer ze ernären, déi lokal Produktioun ze stäerken a soumadder schlussendlech hir Educatioun a Gesondheet ze fiederen.

Europa ass d’Origine vun de meeschte Fonge fir Entwécklungshëllef weltwäit. D’Pirate sinn houfreg do drop. Et ass onfair vun Entwécklungslänner ze erwaarden, datt si komplett aus eegene Mëttele kënnen op en europäeschen Niveau a Froe vun Naturschutz, Bildung, Entwécklung a Gesondheet kommen. An Zukunft soll d’Entwécklungshëllef vun den EU-Staaten op federalem Niveau koordinéiert ginn, fir Verschwendungen an Duebelausgabe besser virbeugen ze kënnen.

D’Piratepartei fuerdert, datt all EU-Member sech un international Accorden hält a mindestens 1 Prozent vum Bruttoinlandprodukt fir Entwécklungshëllef zur Verfügung stellt.  De Fokus vun all europäescher Entwécklungshëllef sollt Theme wéi Gouvernance, Demokratiséierung, Korruptiounsbekämpfung, Innovatioun, Wëssentransfert, d’Erhale vun der Natur an der biologescher Vilfalt, Selbststännegkeet, Fraerechter an/oder LGBTIQ-Rechter opgräifen.

An der internationaler Zesummenaarbecht ass et zudeem och wichteg de Schwellelänner ee fairen Handel ze erméiglechen an dofir Handelsbehënnerungen, wéi z. B. Subventioune fir d’europäesch Landwirtschaft, ofzebauen. Mënschen, déi an hirer Heemecht sécher, am Fridden a mat gudde Perspektive liewe kënnen, brauche net fortzelafen a droen dozou bei, dass d’Länner friddlech bleiwen.

Zwee-Staate-Léisung am noen Osten

Den Israel-Palestina-Konflikt kann op traditionell Aart a Weis net méi geléist ginn. Dowéinst si kloer Léisungen néideg. D’Piraten ënnerstëtzen eng Zwee-Staate-Léisung, fir déi als Kärpunkt d’Grenze vum Westjordanland an dem Gaza-Sträif ëmfaasst. Jerusalem als helleg Staat vu ville Relioune soll ënnert vëlkerrechtlech Verwaltung an ënnert de Schutz vu neutralen Truppe gestallt ginn; eng Méiglechkeet wier eng neutral Garde. Och d’Waasserversuergung an d’kritesch Infrastruktur soll duerch neutral Truppe geschützt ginn, soudatt keng nei Konflikter entstinn.