Déi europäesch Vollekswirtschafte sinn duerch géigesäitegen Handel a grenziwwerschreidend Investitiounen enk matenee verbonnen. D’Piratepartei setzt sech fir Mesuren an, déi d’Wirtschaft vum Euro-Raum nach weider zesumme wuesse loosse mam Zil, eng gemeinsam Wirtschaft ze erreechen, déi sech ëmweltfrëndlech, nohalteg, fair a sozial nennen däerf.
Een europäeschen digitale Maart
Mënsche kennen sech digital méi einfach iwwert d’Grenze beweegen wéi physesch. D’Piratepartei wëll dofir, dass d’Maueren tëscht de Länner an der digitaler Welt ofgerappt ginn. Dëst ëmfaasst ënnert anerem an en Ausbau vum grenziwwerschreidenden e-Commerce an oppe Standarde fir Donnéeë innerhalb vun der Europäescher Unioun.
Fir d’Pirate bedeit dat en héije Stellewäert fir de Schutz vun der Privatsphär mat genuch Raum fir Innovatioun an Entreprenariat. Dofir ënnerstëtzt d’Piratepartei europäesch Initiative fir d’Moderniséierung an d’Harmoniséierung vum europäeschen Urheberrecht. Woubäi d’Urheberrecht ni iwwert d’Fräiheet am Internet an den Dateschutz gestallt dierf ginn.
Do dernieft wëllt d’Piratepartei och, dass d’Reegele vun der Beweegungsfräiheet vu Gidder och op digital Produiten ugewannt ginn. Dofir wëlle mir och en eenheetleche Fernsehsmarché, wou Fernsehrechter net méi dierfen un nationale Grenzen ophalen. Aktuell ass et sou, dass all Land seng eege Lizenzen u Sendere vergëtt. Doduerch kënnen TV-Senderen aus deenen engen EU-Länner net an déi aner EU-Länner iwwerdroen ginn.
Mer sinn der Meenung, dass et flott wär, wann Sendungen aus anere Länner och bei eis kéinten ze gesi sinn, well een doduerch méi Proximitéit zu deenen aneren EU-Länner kritt. Dofir wëlle mer eng europäesch Sendelizenz iwwer ganz Europa.
Des Weidere soen d’Pirate “Jo” zu enger europäescher Steier op den Ëmsaz vun digitale Firmen.
Jo zur Finanztransaktiounssteier
D’Pirate fuerderen d’Regierung op d’Finanztransaktiounssteier, déi an der EU gefrot gëtt, net ze blockéieren a matzedroen. Wa Lëtzebuerg seng Roll als Steierparadäis lass well ginn, féiert kee Wee do laanscht.
Télétravail fërderen
Fir der wirtschaftlecher a sozialer Realitéit a Grenzregioune wéi der Groussregioun gerecht ze ginn, braucht d’EU ee klore legale Kader, wat den Télétravail ugeet, an ee kloren europäesche Statut fir den Télétravail ze legiferéieren. Grad a Steierfroe ginn et do Problemer, déi enger Unioun net wierdeg sinn.
Eng europäesch TVA-Deklaratioun
Et muss an der EU méiglech kënne sinn, eng europäesch TVA-Deklaratioun kënnen auszefëllen. Virun allem Betriber, déi landesiwwergräifend an der EU schaffen, géif eng gemeinsam Deklaratioun vill Paperassen erspueren.
Innovatioun ënnerstëtzen
Fir dass D’EU sech an der Weltwirtschaft weider behaapte kann, ass et wichteg a Fuerschung an Innovatioun ze investéieren. Nëmmen esou kenne mir d’Kompetitivitéit vun Europa erhéijen. D’Europäesch Unioun leet grousse Wäert op Fuerschung an Innovatioun an dëst zitt sech als roude Fuedem duerch bal all europäesch Investitiounsprogrammer.
Hei fuerderen d’Piraten, dass d’Bürokratie drastesch reduzéiert, den Zougang zu Finanzmëttele vereinfacht an et méi Plaz fir ëffentlech-privat Kooperatioune mat klengen, innovative Firme gëtt. D’Pirate stinn dobäi enger méi enker Kooperatioun tëscht Fuerschung a klenge bis mëttelstännegen Entreprise positiv géintiwwer. Kleng a mëttelstänneg Betriber sinn d’Réckgrat vun eiser Wirtschaft an d’Fuerschung gëtt hinnen d’Méiglechkeete fir et weider ze bleiwen.
Ee Startup-Programm fir Europa
Europa gëtt zum gréissten Deel vu klengen a mëttelstännegen Entreprise gestäipt. Dofir fuerdert d’Piratepartei een nach méi ëmfaassende Startup-Programm fir Europa wéi de Juncker-Plang. Dozou gehéiere Mesure wéi d’Aféiere vun engem Start-up-Visa fir Entrepreneuren, Vereinfachunge fir Mataarbechter, der Aféierung vun enger „Internet and Mobile“ Kategorie op den EU-Aktiëmäärt mee och, dass mir di aktuell a schwéierfälleg Societa Europeana ëmwandelen an d’Grënnung vereinfachen.
All Grënnung an der EU muss kënne komplett digital an all EU-Land geschéien an dëst innerhalb vu 24 Stonne. Mat der Grënnung vun enger Societéit soll ee kënnen an alle Länner vun der EU seng Servicer ubidden. Dofir musse spezifesch Léisunge fir d’Froe vun der TVA an der Akommensbesteierung fonnt ginn, fir 28 Steiermeldungen ze verhënneren. Am beschte vergläichbar wier se mat enger Sàrl op europäeschem Plang.
Do dernieft fuerdert d’Piratepartei och d’Aféiere vun neie Finanzéierungsmethode fir europawäit Infrastrukturprojeten an de Beräicher Energie, Kommunikatioun an Transport. Mir denken do am besonneschen u gemeinsam Bonds, respektiv steierbegënschtegte Crowdfunding. Gläichzäiteg muss déi gesamt europäesch Wirtschaft duerch Dezentraliséierungsmoossname gestäerkt ginn, fir den Effekt vun der „Bloer Banann“ (der Regioun vu London bis Milan, déi als wirtschaftlecht Herz vun Europa gëllt) z’entschäerfen.
Europa fir Talenter méi attraktiv maachen
A ganz Europa wäert an der noer Zukunft e Mangel u Mënsche mat besonnesche Fäegkeeten entstoen. Dëst mëscht et ëmsou méi wichteg, datt Europa fir Top-Talenter aus der ganzer Welt attraktiv ass. Bis elo sinn déi meeschten europäesch Länner ongär Immigratiounsland an d’Politik orientéiert sech ze vill un de kuerzfristegen nationalen Interessen. D’Piratepartei fuerdert eng aktiv europäesch Migratiounspolitik, déi op talentéiert Mënschen ausserhalb vun den europäesche Grenzen ausgeriicht ass.
D’europäesch Jugend integréieren
Jugendaarbechtslosegkeet an Europa bleift säit Joren héich. Aplaz d’Jugend op eng sënnvoll Aart a Weis an dat soziaalt a wirtschaftlescht Liewen ze integréieren, gëtt op eng Akademiséierung vun der Jugend gesat, mam Resultat, dass Diplomer ëmmer méi u Wäert verléieren. Gläichermoosse gëtt a Länner ewéi Däitschland de Sozialsystem en faveur vun deenen eelere Generatiounen an zu Laaschte vun der Jugend ausgebaut.
Mer mussen der Tendenz entgéintwierken an d’europäesch Jugend mat sënnvolle Moossnamen an d’Wirtschaft integréieren. D’wirtschaftlecht Integratioun vun de Jonken ass gläichzaiteg eng sozial Integratioun. Sou sollten Aarbechtsmodeller gefërdert ginn, déi de Jonken zumindest eng Chance ginn, fir mat engem Been an d’Liewen ze kommen. Gläichzäiteg sollte verschidde Beruffer entakademiséiert ginn (Beispill: Educatrice fir kleng Kanner) an d’Oplagen zur Grënnung vu Start-Ups an Europa erofgesat ginn.
Fir eng nohalteg Wirtschaft
D’Piratepartei wëll eng radikal Nohaltegkeet vun eiser Gesellschaft a Wirtschaft. Mir wëllen ewech vun enger Konsum-an Ewechgeheigesellschaft hin zu enger, Gesellschaft déi um Benotzen an Erëmbenotzung baséiert. Duerch d’Verlagerung vun der Besteierung ewech vun der Aarbecht an hin zu Steieren op Ressourcen an Ëmweltverschmotzung, encouragéiere mir d’Erëmbenotzung.
Mir gesinn Offall als Ressource. D’EU soll méi héich Ziler fir d’Sammlung, d’Trennung an de Recycling vu Réistoffer virginn. Esou kann d’Verbrennung vu wichtege Ressource verhënnert ginn. Entreprisen a ganz Industrie musse fest Accorden agoen, esou dass d’Wuereketten erëm zougemaach kenne ginn. Mat engem „Offall-Schengen“ géif den Transport vun Offall iwwert d’Grenzen ewech méi einfach ginn. Mer mussen den Iwwergang zu enger Kreeslafwirtschaft beschleunegen.
An Europa hierstellen, wat an Europa kann hiergestallt ginn
Fir nohalteg ze handelen, musse mer innerhalb vun der europäescher Unioun de lokale Konsum fërderen. Industrien, déi aktuell a Südostasië verlagert sinn – wéi zum Beispill d’Produktioun vun Elektronik an d’Textilindustrie – sollen erëm méi de Wee an Europa fannen.
D’Piraten si fir d’Globaliséierung, mee dës däerf net op d’Käschte vun der Ëmwelt a schwaache Sozialstandarden an anere Länner geschéien. Bëllegproduiter, déi dësen Ufuerderungen net entspriechen, sollen an enger Héicht verzollt ginn, déi de Präis un déi europäesch Produktiounskäschten upasst. Dëst hätt zur Folge, dass mer als EU eis Standarden op aner Länner opdroe kënnen a gläichzäiteg der Industrie de néidege finanziellen Drock dofir maachen.
Ëffentlech Finanzen an Uerdnung bréngen
Et ass an eiser aller Interessi, datt all Länner, mat deene mir den Euro deelen, hir ëffentlech Finanzen an Uerdnung an am Equiliber halen. Och Lëtzebuerg muss sécherstellen, datt d’Scholden an Defiziter net aus der Hand rutschen. Dëst erfuerdert keng banal Austeritéitspolitik, mee intelligent Spuerusätz verbonne mat der Stäerkung vum Wirtschaftswuesstem duerch Reformen, d’Stäerkung vum Bannemaart an Innovatioun.
D’Investitiounen dofir mussen zum gréissten Deel aus dem Privatsecteur kommen. Dofir fuerdere mir vun alle Memberstaaten d’Anhale vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt. D’Vereenbarunge mussen agehalen a Bedruch muss bestrooft ginn. D’Instrumenter zur Budgetsdisziplin (Sixpack, Twopack an Europäescht Semester) sollen energesch genotzt ginn fir méi Transparenz a Kontroll ze garantéieren
D’Vereenbarungen iwwert d’Budgetsdisziplin vum Fiskalaccord mussen an EU-Recht ëmgesat ginn. Den europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM), den et Europa erlaabt huet duerch d’Kris ze navigéiere, muss weiderentwéckelt an enger demokratescher Opsiicht ënnerstallt ginn. D’Entscheedungsfannung beim ESM brauch dringend méi Demokratie an Transparenz.
En europäesche Bankesécherungsfonds
Duerch d’Ent- a Bestoe vun transnationale Banke ginn déi traditionell national Sécherungsfongen ëmmer méi staark a Fro gestallt. Opgrond vun EU-Direktiven ass et net méi néideg eng Bankelizenz an alle Länner ze besetze wou een seng Déngschtleeschtungen ubitt, mee et geet duer se an engem Memberstaat ze hunn. Trotz dësem Vereenheetleche vun de Banken an den doraus entstoenden grenziwwerschreidenden Transaktiounen, mussen nach ëmmer di national Sécherungsfongen am Fall vum Fall fir eng Bank mat enger nationaler Bankelizenz opkommen. D’Piratepartei fuerdert dofir d’Ariichtung vun engem EU-wäite Sécherungsfonds, deen déi national fir all EU-Bank ofléise soll.
SEPA ausbauen
Ee richtege Bannemaart fir Bezueldéngschtleeschtunge mëscht d’Wirtschaftsaktivitéiten tëscht de Länner méi einfach a bëlleg. Kredit- an Debitkaarte sinn haut näischt Besonnesches méi. An trotzdeem musse mir déi modern Méiglechkeete wéi Onlinebanking nach besser integréieren.
D’Piratepartei fuerdert och, datt et – ähnlech wéi bei den Telefonsnummeren och – e „portage“ vun enger Kontosnummer méiglech muss ginn. Do dernieft wëlle mir déi sougenannte „Single European Payments Area (SEPA)“ weider ausbauen, soudatt een an Zukunft just nach ee Kont fir all seng Geschäfter braucht, egal a wat fir engem Land een se mëscht. All dëst ass besser fir Verbraucher an Entreprisen.
Kloer Reegele fir gerecht Fräihandelsaccorden
An enger Welt, déi ëmmer méi duerch gemeinsam Handelsinteresse verbonnen ass, muss een Ëmdenke stattfannen. E wuessenden Deel vum internationalen Handel fënnt ausserhalb vun de Grenze vun der EU statt. Den Handel mat eisen Noperen am Osten an am Süde féiert zu méi Zesummenaarbecht an Afloss. Dës ka souwuel zu eiser ewéi zu hirer Sécherheet an zum Fridde bäidroen. An eiser Handelspolitik mussen d’Wäerter vun der Europäescher Unioun berécksiichtegt ginn.
D’EU muss Verfechter vun den universale Mënscherechter sinn a weltwäit ee méi staarken Akzent op Mënscherechter leeën. Mir fuerdere vun der Kommissioun, datt keng privilegéiert Partnerschafte mat Länner geschloss ginn, wou d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn. Et ass onglafwierdeg op der enger Säit Mënscherechter stäerken ze wëllen an op der anerer Säit eng privilegéiert Partnerschaft mat Länner anzegoen, déi systematesch d’politesch Oppositioun, anescht-Gleeweger an och Mënschen opgrond vun hirer Sexualitéit diskriminéieren. Mir fuerderen, datt d’Mënscherechter viru wirtschaftlechen Interesse stinn. D’Pirate wëllen och just Handelsaccorde mat Länner, déi de Klimaaccord vu Paräis ënnerschriwwen hunn.
D’Piratepartei ass awer oppen fir eng Verbesserung vum Zougang zu alle Mäert weltwäit. Jee méi Handel a Wirtschaftsleeschtung, ëmsou besser fir Europa. Eng Beseitegung vun Handelsbarrièren ass dofir wichteg, mee dës dierf net zu engem „Nivellement vers le bas“ am Aarbechtsrecht oder am Konsumenten- an Ëmweltschutz féieren. Weiderhin musse staark Sécherheete fir eis Biergerrechter agebaut ginn an onfair Handelspraktiken souwéi Präisdumping, besonnesch an de Schwellelänner, effikass besäitegt ginn. Och muss d’EU-Parlament fréizäiteg involvéiert sinn an esou Ofkommes dierfe mat kengem Land gefouert ginn, dat Mënscherechter mëssuecht. Nëmmen esou kënne mir ee gerechte Wirtschaftswuesstem an nei Aarbechtsplaze weltwäit promouvéieren.
Baueren als Entrepreneure gesinn
Mir gesi Biotechnologien als Chance. Gläichzäiteg muss d’Transparenz vun de Produiten erhéicht ginn, fir datt d’Konsumenten e méi fräie Choix kréien, wat si konsuméiere wëllen. D’Piratepartei wëll d’Landwirte méi aktiv um Naturschutz bedeelegen. Mir gesi Landwirten als Entrepreneuren a wëllen, datt si duerch fair an nohalteg Präisser op eegene Been stoe kënnen. Wa Baueren awer besonnesch Moossnamen zum Schutz vun der Natur ënnerhuelen, da fanne mir, mussen se och belount ginn.
Jo zum Euro €
D’Pirate stinn zum Euro. D’Virdeeler vun eiser gemeinsamer Wärung iwwerweie méi wéi däitlech d’Problemer, déi hir Konstruktioun mat sech bruecht hunn. Et ass awer héchsten Zäit, dass di grondleeënd Feeler innerhalb vun demokratesche Strukturen endlech ugeschwat a behuewe ginn.