Ëmwelt a Klima an engem Europa fir muer

D’Piraten ënnerstëtzen all d’Ziler an d’Prinzipien vun der EU fir Waasser, Loft, Buedem, Ressourcen an Ëmwelt ze schützen. Fir dës Ziler ze erreechen musse mer wirtschaftlech, sozial a regional Aspekter matabezéien an haut schonn eng responsabel Politik fir eis zukünfteg Generatioune lancéieren. 

Den Accord de Paris ëmsetzen

D’Pirate fuerderen d’Paräisser Ofkommes zur Begrenzung vun der globaler Temperaturerhéijung op maximal 1.5°C ëmzesetzen. Mer fuerderen, dass bestéiend Technologië, fir dëst Zil ze erreechen, innerhalb vun der EU rechtlech bindend gemaacht ginn. Doduerch kéint Europa säi Beitrag fir d’Verhënnere vum Klimawandel effektiv leeschten a seng Fliichten erfëllen.

Déi nohalteg Energieproduktioun an der EU muss gefërdert ginn. CO2-Emissioune vu Produiten wéi Stroum oder Bensin musse grenziwwerschreidend den Importlänner zougeschriwwe ginn, fir d’Klimabilane vun de verschiddene Länner net ze verfälschen.

Klima- an Ëmweltfuerschung

D’EU-Bierger sollen ee Recht op en zeitnohen, zouverlässege wëssenschaftlechen Zougang zu Ëmweltdaten hunn, fir ze wëssen, wéi et ëm hir Ëmwelt steet. Dës Informatioune mussen op enger fundéierter, onofhängeger wëssenschaftlecher Fuerschung berouen an zu all Moment op ëffentleche Websäite verfügbar sinn.

Bei politeschen Decisiounen zum deem Thema soll d’wëssenschaftlech Berodung vun Expäre mat verschiddene Siichtweisen virgeholl ginn. D’Deelhuelen u Konferenzen zum Thema Klima- an Ëmweltfuerschung muss zudem präislech accessibel sinn. Fir dëst ze erreechen, muss d’Finanzéierung vun der Fuerschung an deem Beräich verbessert ginn.

Fir eng nohaltëg, ugepassten an divers Energiepolitik 

Europa muss d’Chance notzen, an der grénger Ekonomie vun der Zukunft eng féierend Roll anzehuelen. D’Piratepartei wëll, dass Europa bis d’Joer 2050 vollkommen op nohalteg Energie setzt. Mer wëllen ewech vun Atom- a Kuelekraaftwierker an eng Energieproduktioun aus natierlechen, erneierbaren a biobaséierten Quellen.

D’Pirate wëllen de legale Kader schaffen, fir existéierend Technologien a Konzepter méi schnell kënnen anzesetzen. Mer plädéieren dofir, net nëmmen op eng Technologie ze setzen, mee den Energiemix an Europa esou wäit wéi méiglech ze diversifizéieren an d’Notzung vu natierlechen, erneierbaren an och alternative Ressourcen, wéi zum Beispill Solarzellen Geothermie oder Algenzylinderen (jee no geographescher Ëmgéigend) ze fërderen.

Een effizienten Iwwergang zu erneierbarer Energie hängt mat enger Upassung un de Produktiounsstanduert zesumme. Eng Etüd vun der Universitéit Lausanne huet erausfonnt, dass Sonnenpannels an de Bierger och am Wanter Energie kënne produzéieren an een esou mat enger Energiegewënnung vun 150% rechne kann. Dëst Beispill weist, dass jee no Regioun verschidden Technologien zum Asaz komme sollen.

Subsidiär Energiepolitik

Den Notze vun der Energiewend soll virun allem de Bierger zegutt kommen. Dofir setze mer eis fir eng Dezentraliséierung vun der Energieproduktioun an, déi dem Bierger vill méi Méiglechkeete gëtt, sech un der Energiepolitik ze bedeelegen – zum Beispill mat Stroumgenosseschaften. Gläichzäiteg verhënnere mer doduerch d’Schafung vu Monopoler.

Energienetzer zesummeschléissen a verstaatlechen

Iwwregens mussen och d’Energienetzer méi enk an intelligent zesummegeschloss ginn. D’Piratepartei wëll an Europa an eng méi staark Vernetzung an och an eng besser Koordinatioun vun den europäesche Stroumreseauen investéieren. Nëmmen esou kënne mir d’Energie um europäeschen Energiemaart austauschen. Fir d’Präisstabilitéit ze garantéieren, sollen d’Energienetzer a staatlecher Hand bleiwen.

Donieft fuerdere mer besser Transportweeër tëscht den EU-Länner a méi Flexibilitéit beim Austausch vun Energie. Matt enger gemeinsamer Energieinfrastruktur, déi ënnert anerem op Gläichstroumleitunge berout, kënne mir an Europa de Wiessel op Energie, déi wéineg CO2 produzéiert, erreechen.

Ee soziale Pollueur-Payeur-Prinzip

Mer sinn der Meenung, dass déi bëllegsten Energie déi ass, déi een net benotzt. Dofir wäerte mer de Prinzip vum Pollueur-Payeur weider ënnerstëtzen an dofir suergen, dass déi europäesch Klima- an Ëmweltziler erreecht ginn. D’Pirate fuerderen iwwerdeems, datt all ëmweltschiedlech Subventiounen a Steiererliichterungen fir fossil Energieträger iwwerpréift ginn.

Des Weidere soll de Prinzip vum Pollueur-Payeur ëmmer am Kontext vum soziale Milieu gekuckt ginn. Bierger a bescheidene Verhältnisser déi komplett Charge vum Pollueur-Payeur opzedrécken, setzt dat falscht Zeechen a féiert nëmmen dozou, dass wirtschaftlech benodeelegt Schichten sech engem Wandel verweigeren. D’Käschte vum Ëmweltschutz sollte sozial gestaffelt op d’Bierger verdeelt ginn. Mer mussen d’Bierger virun allem mat positiven Ureizer zu enger méi ekologesch Liewensaart motivéiren.

Eng staark EU-Mobilitéitspolitik

D’Piratepartei schwätzt sech fir eng nohalteg Mobilitéitspolitik aus an dofir muss d’Weiderentwécklung vun alternativen Untriiber absolut virugefouert ginn. Wéi bei der Energieproduktioun ass et wichteg, net nëmmen op eng Kaart ze setzen. Et ass riskant d’Mobilitéit mat fossilen Energien duerch eng pur Elektromobilitéit wëllen ze ersetzen. D’Pirate warnen, an dësem Beräich wäitsiichteg ze sinn an alternativ Technologië wéi d’Brennstoffzell an Hybridmodeller och ze fërderen. 

Den Asaz vun erneierbaren a biologesche Kraaftstoffer dierf net op d’Käschte vun Iessplanzen oder der Natur goen. Dofir wëllen d’Pirate kloer europäesch Kritären fir nohalteg Biokraaftstoffer.

Eng wichteg Mesure an der europäescher Mobilitéitspolitik ass den Ausbau vum ëffentlechen Transport, fir all EU-Bierger säin elementaart Recht ob Mobilitéit ze garantéieren. An dem Kontext soll den Notransport an ëffentlecher Hand leien. D’Pirate fuerderen hei eng kloer Investitiounsoffensive, fir dass den ëffentlechen Transport an allen EU-Länner op ee gläichwäertege Niveau kennt.

Alternativ Untriiber fir den Transport

Den Transport vun Handelswuere mëscht hautzedaags nach ëmmer ee groussen Deel vun der Loftverschmotzung aus. Fir d’ëmweltbelaaschtung vum Transportverkéier – dorënner d’Camionen an d’Schëffsflotten vum professionellen Transport mee och den Transport vu Reesenden – fuerdere mir, dass méi op Hybridléisungen an alternativ Energiequelle beim Untriib gesat gëtt

Batterien

Fir Elektroautoen ze bauen, brauch ee leeschtungsstaark Batterien. Fir dës Batterien ze baue brauch ee seele Metaller wéi Lithium oder Kobalt. Dës Metaller ofzebauen ass awer bedenklech, wann ee weess, dass den Ofbau oft weder ökologesch nach mat sozial héije Aarbechtstandards am EU-Ausland verbonnen ass. D’Pirate wëllen, dass beim Ofbau vun de Materialien zum Bau vun eise Batterien, déi sozial Kritäre an den Hierkonftslänner, deene vun der EU entspriechen.

Ee gemeinsamt Waassermanagement

D’Piratepartei ënnerstëtzt, dass d’EU sech och an Zukunft ëm d’Waassermanagement vu gedeelte Fiichtgebidder – mam Bau vun Dämm, Becken an Däicher –, këmmere soll. Mir wëllen och fir Waasserleef eng gemeinsam Approche fannen, fir d’Laascht vun Iwwerschwemmungen net nëmmen op déi Länner ze verdeelen, déi flossof leien. Hei wëlle mir Léisungen, déi schonns zu Lëtzebuerg Erfolleg haten, an d’ganz EU exportéieren, fir esou de Schued vun Iwwerschwemmungen däitlech ze reduzéieren.

Wann et ëm de Waasserpräis geet, fuerdere mir, datt d’Notzer am Schnëtt mindestens käschtendeckend contribuéieren, ënner Berécksiichtegung vun enger sozialer Staffelung. Gläichzäiteg fuerdere mir eng méi effizient Waassernotzung an eng Reduktioun vun der Waasserfërderung als Moossnam géint Dréchenten an Ëmweltverschmotzung.

D’Agrarsubventiounen besser asetzen

D’europäesch Landwirtschaft muss staark, innovativ an nohalteg ginn. Eng radikal Reform vun der europäescher Landwirtschaft ass dringend néideg. Kee Secteur ass hautdesdaags, strukturell méi ofhängeg vu Subventioune wéi d’Landwirtschaft. Dës Subventiounen däerfen net ausgenotzt ginn. 

Subventioune sollen no Nohaltegkeets- an Innovatiounskritäre vergi ginn, a net no Quantitéit. Et sollen och keng Sue méi u Mënschen iwwerwise ginn, déi wéineg bis guer kee wirtschaftleche Risiko droen.

Am Agrikulturfong soll eng Primm virgesi ginn, fir eng gutt Notzung vum Buedem, baséierend um Undeel vun organescher Matière an der Waasserspäicherkapazitéit, ze ënnerstëtzen.

Keng TVA op Bioprodukter

D’Pirate setze sech dofir an, dass nohalteg Produkter fiskalesch gefërdert ginn. Produkter aus biologeschem Ubau oder Produkter, déi a Konditioune mat héije Sozialstandards hiergestallt ginn (zum Beispill Fairtrade), sollen TVA-fräi un den Endkonsument verkaf kënne ginn. Dëst hätt zur Folge, dass nohalteg Produkter präislech méi kompetitiv ginn a méi Konsumenten sech dës leeschte kéinten. Domat géif een och de responsabele Konsum fërderen. Gläichzäiteg léisst een dem Konsument domadder de fräie Choix beim Akaf.

Liewensmëtteltransparenz

Fir méi Transparenz um Liewensmëttelmaart ze kréien, soll all Produkt iwwer Internet kennen opgeschlësselt ginn. Mat engem QR Code soll all Konsument kënnen erausfannen, wou d’Inhalter vum Produkt hierkommen a wéi eng Pestiziden, Medikamenter oder aner Chemikalien am Produktiounsprozess zum Asaz komm sinn.

Liewensmëttelreschter besser verwäerten

D’Pirate schwätzen sech fir eng besser Kontroll vum Verschwende vu Liewensmëttelen aus. Supermarchéë missten eng wëchentlech Statistik verëffentlechen, déi festhält, wéi vill Liewensmëttel vernicht gi sinn, an domat encouragéiert ginn, besser ze wirtschaften a manner Liewensmëttel ze verschwenden. Produiten, déi nach verwäertbar sinn, solle kennen nom tscheche Model steierfräi u Veräiner an Associatioune gespent ginn.

Genmanipuléiert Produkter kloer kennzeechnen

D’Konsumenteschutzorganisatiounen a ganz Europa wieren sech géint den Import an d’Aféierung vu genmanipuléierte Produiten an d’EU. Wat vill net wëssen, ass, dass och hei an Europa genmodifizéiert Produite verkaaf kënne ginn. Dorënner falen zum Beispill Drauwen, Mais oder eise Star: de Raps. D’Pirate fuerderen dofir eng kloer Richtlinn fir d’Kennzeechnung vu genmanipuléierte Produkter innerhalb vun der EU méi däitlech ze reegelen.

De responsabele Konsum fërderen

D’Piraten ënnerstëtzen och all Mesure, déi d’Erëmbenotzen an d’Reparéiren vun Produkter zum Zil hunn. Entreprisen, déi an dësem Beräich täteg sinn, sollen an enger Investitiounsoffensive gefërdert oder fiskalesch entlaascht ginn. Amplaz d’Produktioun ze ënnerstëtzen, soll d’Philosophie vum Ërembenotzen eng Platz an eiser Gesellschaft erhalen.

Plastiksoffall reduzéieren

D’Pirate setzen sech mat dofir an, dass den onnéidegen Asaz vu Plastik op een Ënn kënnt a mer dës Ressource do asetzen, wou se Sënn maachen. Dofir fuerdere mer, dass do, wou de Plastik kuerzfristeg zum Asaz kënnt, an net noutwenneg ass, mëttelfristeg verbuede soll ginn. De Plastik däerf keng bëlleg Alternativ zu anere Materialie a kee Wegwerfartikel méi sinn.

D’Politik muss hei d’Direktive ginn, fir de Masseverkaf vu Plastik ze reduzéieren an de Plastik nëmmen nach do zouzeloossen, wou e sënnvoll ass, zum Beispill an der Medezin oder am Bau vu Gefierer.

Dofir wär et wichteg, eng allgemeng Plastiksteier op Produkter anzeféieren, wou kee soziale Mehrwert besteet. Gläichzäiteg muss dës Steier d’Käschte vun der Entsuergung vum Produkt beinhalten an een Deel vun der Steier an een europäesche Fong fir d’Säuberung vun der Ëmwelt an de Mierer abezuelt ginn.

Mat dëse Sue kéinte Recyclingmesuren an der EU an och d’Entwécklung vu kompostable Materialie weider ënnerstëtzt ginn.

Kompostabel Zigarettestomp

Och Zigarette verschmotzen d’Ëmwelt. Kompostabel Zigarettestomp fir d’Zigaretteproduktioun misste verflichtend an déi aktuell Filtere verbuede ginn.

Karbonfluoride

Eng Etüd vun der Uni.lu huet erginn, dass sech iwwert d’Joren extrem stabil chemesch Moleküllen an den europäesche Biedem a Gewässer gesammelt hunn. Dës Moleküllen nennen sech Karbonfluoride a komme vun de waasserresistente Beschichtunge vun eise Kleeder (Schong, Jacketten, Boxen, etc.) a vum Löschschaum vun de Pompjeeën.

D’Karbonfluoride sinn aktuell net ze eliminéieren a konzentréieren sech ëmmer méi. D’Pirate fuerderen, dass d’EU Stellung zu dem Problem bezitt an d’Fuerschung ënnerstëtzt fir dës Chemikalien aus eise Biedem ze eliminéieren.