An intelligent Waassernetzer investeiren
Fir och an Zukunft eng qualitativ héichwäerteg Waasserversuergung vun allen Awunner garantéieren ze kennen, ass et wichteg, dass mir an en „intelligent“ Waassernetz investéieren. Et ass domat ze rechnen, dass d’Awunnerzuel vu Lëtzebuerg weider klammen wäert an obwuel en Ëmdenken an der Wirtschaftspolitik dringend noutwenneg wier, geséit et aktuell net esou aus, wei wann déi Rout-blo-gréng-Regierung sech géif vun hirem Fortschrëttsdenken distanzéieren. Lëtzebuerg wäert also weider wuessen an dat wäert Konsequenzen op de Waasserverbrauch hunn. Op dës Changementer sollte mir eis mat Hëllef vu moderner Technik virbereeden.
Mat intelligente Waassernetzer kann den Drock, de PH-Wäert an d‘Temperatur zu all Zäitpunkt ob all Plaz am Netz gemooss ginn, wärend d‘Distributioun vum Waasser an Echtzäit op mobillen Endgeräter verfollegt a kontrolléiert ka ginn. Esou Netzer ginn als „intelligent“ bezeechent, well si informatesch esou ausgestatt sinn, dass si bspw. am Fall vun engem Drockverloscht am System eegestänneg ob d’Sich no Problemer kenne goen an dës demnowéi och selwer léise kennen. Bei Fuitten mee och z. B. bei Problemer mat der Waasserqualitéit kann esou a ganz kuerzer Zäit agegraff ginn, esou dass verhënnert gëtt, dass am Fall vu engem Problem zevill Drénkwaasser ongenotzt verluer geet. Donieft kennen esou Systemer och erkennen, wou zu gewëssen Zäitpunkte grad vill Waasser gebraucht gëtt a wou net. Mat dësen Informatioune kennen si d’Distributioun vum Waasser esou koordinéieren, dass d’Waasser ëmmer genee do ass, wou et gebraucht gëtt. Esou gett näischt ongenotzt ob enger Plaz am System gespäichert, wärend et ob enger anerer Plaz e Manque gëtt. Duerch intelligent Waassernetzer kënne mir eise Konsum demno vill méi Effizient gestalten.
Mënsche motivéiren, fir Waasser ze spueren
Leider sinn sech vill Léit guer net doriwwer bewosst, wéi vill Waasser si verbrauchen. An hirem Alldag denken si einfach net doriwwer no. Wann een se dann awer mat der Héicht vun hirem eegene Konsum konfrontéiert, sinn si oft awer ganz oppen dofir, Waasser anzespueren. Mathëllef vun intelligente Compteuren an z. B. enger App fir den Handy ass et elo scho méiglech den eegene Waasserverbrauch méi prezis ze verfollegen. Allerdéngs sinn esou Compteuren awer leider nach net de Standard. Dat misst sech an Zukunft änneren, fir dass duerch d’Konfrontatioun mam eegene Konsum eng Sensibiliséierung fir den eegene Verbrauch entsteet.
Doriwwer eraus ass et wichteg, dass sech d’Spuere vum Waasser fir den Eenzelen net nëmmen aus der Perspektiv vun engem gudde Gewëssen an engem gesteigerten Ëmweltbewosstsinn lount, mee sech och konkret ob der Ofrechnung bemierkbar mécht. Et ass wichteg, dass d’Politik konkret finanziell Ureizer schaaft, fir Waasser ze economiséiren: Wien spuersam mat wäertvollen Naturressourcen ëmgeet, sollt dat och a sengem Portmonnie spieren. An deem Sënn wär z. B. eng Präisreegelung denkbar, bei där eng gewëssen Unzuel u Liter pro Kapp, déi néideg sinn fir d’Grondbesoinen ze decken, gratis wieren, wärend de Präis pro Liter doriwwer eraus progressiv erop géif goen.
Iwwert déi gutt Qualitéit vun eisem Drénkwaasser informéieren
Aktuell hunn mir d’Chance am ganze Land eng Drénkwaasserversuergung vun exzellenter Qualitéit ze hunn. Fir dass dat esou bléift, ass et wichteg, d’staatlech Investitiounen an d’Infrastrukture vun der Waasserversuergung an och an d’alldeeglech Kontrolle vun der Waasserqualitéit héich ze halen. D’modern Technik erlaabt et eis haut Waasserprouwe schnell an effizient auszewäerten. Et ass wichteg, dass Lëtzebuerg sech am Beräich vun der Kontroll vun der Waasserqualitéit déi neisten Utillen un d’Hand gëtt, fir den Awunner och an Zukunft e qualitativ héichwäertegt Waasser aus dem Krunn zur Verfügung stellen ze kennen. Zousätzlech ass et awer onerlässleg, d’Léit besser iwwert des Qualitéit ze informéieren. Leider sinn ëmmer nach vill Léit der Meenung, dass d’Waasser aus dem Krunn méi schlecht ass, wéi dat wat een an engem Geschäft an der Fläsch kafe kann. Hei ass et wichteg, dass an Zukunft eng besser Opklärungsaarbecht geleescht gëtt.