Communiqué
Ëmmer nach feelt et a ganz ville groussen Entreprisen u Membere vum Personal an de Verwaltungsréit, obwuel d’Representatioun vun de Salariéeën eigentlech gesetzlech virgeschriwwen ass. Säit 2019 ass dem sozialisteschen Aarbechtsminister bekannt, dass 17 vun 22 Gesellschafte mat Staatsbedeelegung an deem Kontext géint geltend Gesetzer verstoussen, an trotzdeem ass bis haut nach näischt geschitt.
D’Pirate fuerderen d’Regierung op, d’Recht op Representatioun vun de Salariéeën um Niveau vun de Verwaltungsréit endlech eescht ze huelen an ëmzesetzen.
2019 hunn d’Ministeren fir Finanzen an Aarbecht op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement geäntwert, dass 17 vun den 22 privatrechtleche Gesellschaften, an deenen de Lëtzebuerger Staat 25 oder méi Prozent vum Kapital hält an déi de Statut vun enger S.A. hunn, géint d’Gesetz verstoussen, well si keng Membere vum Personal an hire Verwaltungsréit sëtzen hunn. Deemools gouf ugekënnegt, de concernéierte Firmen e Bréif ze schécken, fir si ze invitéieren, sech zäitno dem Gesetz unzepassen.
An enger rezenter Äntwert op déi selwecht Fro hu béid Ministeren elo zouginn, dass et am Joer 2021 ëmmer nach 16 vun 21 Gesellschafte gëtt, an deenen d’Personal net am Verwaltungsrot representéiert ass an dass “[d]’Courrieren déi op déi geltend Bestëmmunge vun den Artikele L. 426-1 bis L. 426-4 vum Code du Travail opmierksam maachen, […] am Gaang [sinn] finaliséiert ze ginn”.
De Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten, weist sech erstaunt iwwert dëse Stëllstand am Dossier:
“U sech ass et jo net falsch an enger éischter Phas net direkt vu Plainten ze schwätzen, mee fir d’Éischt emol ze probéieren d’Acteuren ze sensibiliséieren. Mee wann een dann awer héiert, dass hei zwee Joer un engem Bréif gebastelt ginn ass an sech soss absolut näischt gedoen huet, da muss een sech awer d’Fro stellen, ob d’Regierung iwwerhaapt eppes un der aktueller Situatioun ännere wëll. Grad vun engem rouden Aarbechtsminister hätt ee sech an dësem Dossier wierklech méi erwaart.”
Firwat d’Opsetzen a Fortschécke vu 17 Bréiwer (bzw. mëttlerweil just nach 16 Bréiwer) tatsächlech méi wéi zwee Joer Zäit um Ministère an Usproch geholl huet, bleift onkloer. Fest steet awer, dass de Staat hei seng Responsabilitéite muss iwwerhuelen, esou de Starsky Flor, Spriecher vun de Piraten:
“Et ass jo ëmmer einfach ze soen, et géif ee sech politesch fir d’Rechter vun den Aarbechter asetzen. Mee dat wat et wierklech brauch ass Aktioun. Wéi kann eng Regierung éierlech behaapten, dass hier d’Rechter vun den Aarbechter wichteg sinn, wann de Staat a sengen eegene Gesellschaften d’Membere vum Personal vun de Verwaltungsrotssëtzungen ausschléisst? De Staat misst hei grad eng Virbildfunktioun fir de Privatsecteur hunn an dierft net einfach d’Gesetz ignoréieren.”
D’Pirate begréissen, dass déi Gesellschaften, déi aktuell ëmmer nach géint d’Gesetz verstoussen, elo solle kontaktéiert ginn, kënnen awer net novollzéien, dass dat net schonns am Joer 2019 geschitt ass. Déi concernéiert Ministere sinn invitéiert, an dësem Dossier endlech hier Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.