Oftransport vu verstuerwenen Notzdéieren – Nofro

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Landwirtschaft weiderzeleeden.

An menger parlamentarescher Fro n°1099 haat ech den Här Landwirtschaftsminister iwwer d’Asammele vun Déierekadavere gefrot. A senger Äntwert op de véierte Punkt gëtt de Minister mir d’Zuelen u verstuerwenen Déieren, déi eleng am Joer 2018 ofgeholl gi sinn. Heibäi ass unzemierken, dass, ënnert Anerem, an nëmmen engem Joer 12.437 Kaalwer ëm d’Liewe komm sinn. Dëst entsprécht 1000 Kaalwer de Mount, wat ouni weider Erklärungen eng besuergniserregend Zuel duerstellt.

Äntwert aus der leschter QP

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Baséierend op den Zuelen aus der Äntwert op meng parlamentarescher Fro n°1099, aus wéi enge Grënn stierwen all Joer iwwerproportional vill Kaalwer am Vergleich zu den aaneren opgelëschteten Déieren?
  2. Wéi héich ass de Mortalitéitstaux vun deenen opgelëschten Déieren?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt