Den 9. November 2020 huet den Éisträichesche Rundfunk ee bis dohi geheimen Entworf fir eng Resolutioun vum EU-Ministerrot publizéiert, aus deem de Plang ervirgeet, dass Plattformbedreiwer, déi hire Clienten aktuell d’Méiglechkeet bidden, verschlësselt ze kommunizéieren (wéi z. B. Whats App oder Signal) an Zukunft e Generalschlëssel missten hunn, fir eng Iwwerwaachung vun den Noriichten am Fall vun enger Ermëttlung säitens der Police oder de Geheimdéngschter ze erméiglechen.
Dëse weidere massiven Agrëff op d’Privatsphär vun de Bierger gëtt vum Rot doduerch gerechtfäerdegt, dass esou d’organiséiert Verbriechen an den Terrorismus besser solle bekämpft kenne ginn – wat awer net stëmmt, wéi mir méi wäit ënnen nach däitlech maache wäerten.
Et ass net déi éischte Kéier, dass als Reaktioun op en terroristeschen Ugrëff probéiert gëtt, duerch en Auswäite vum Iwwerwaachungsstaat e Gefill vu Sécherheet ze vermëttelen, ouni dass dëst Verspriechen an iergend enger Form kéint agehale ginn. Dat Selwescht ass geschitt bei der Aféierung vun der Vorratsdatespäicherung, déi duerno awer vum Europäesche Geriichtshaff als e Verstouss vun de Grondrechter consideréiert gouf (kuckt dozou och: Vorratsdatespäicherung).
Mat der vum EU-Ministerrot proposéierter Resolutioun, sollen d’Grondrecht op de Respekt virum Privat- a Familljeliewen an d’Grondrechts op e Schutz vu persounebezunnen Daten elo nach nach emol ageschränkt ginn, andeems an all verschlësselte Messengerdéngscht eng “legal Lück” soll agebaut ginn, déi däerf ausgenotzt ginn, fir Leit ouni hiert Wëssen auszespionéieren.
Dësen Ugrëff op d’Privatsphär steet dobäi a kenger Korrelatioun mam Notze vun der gefuerderter Mesure. An deem Moment, an deem e Gesetz a Kraaft trëtt, wat verschlësselt Messengerdéngschter zwéngt e Generalschlëssel unzeleeën, wäerte sämtlech kriminell Organisatiounen, Terroristen asw. sech nämlech vun dëse Plattformen zeréck zéien an iwwert aner Weeër kommunizéieren (- déi si jo net blöd). Wat dann nach bleift, ass d’Iwwerwaachung vun onschëllege Privatpersounen.
An dësem Kontext gëtt gären argumentéiert, et géife jo net alleguerten d’Messagen entschlësselt ginn, mee just verschiddener a ganz spezifesche Situatiounen. Mee entgéint dëse Behaaptunge ginn et keng Methoden, fir eng verschlësselt Online-Kommunikatioun nëmme fir ee gewëssen Zweck z’entschlësselen. Am Contraire, et ass technesch onméiglech d’Dier nëmmen ee Spalt opzemaachen; wien sech iwwert eng Hannerdier oder ee Master-Schlëssel Zougang zu engem Programm verschaaft, dee mëscht d’Dier fir jiddereen op. An dat heescht wierklech fir jiddereen – béiswëlleg Hacker an auslännesch Spionagedéngschter inclus.
De Patrick Breyer, Europadeputéierten vun der Piratepartei seet dozou:
“Anders als Regierungen uns glauben machen wollen, müssen wir uns entscheiden zwischen Abhörbarkeit und Sicherheit. Wer sichere Verschlüsselung opfert, um abhören zu können, der zerstört den Schutz privater Geheimnisse, den Schutz von Geschäftsgeheimnissen und auch von Staatsgeheimnissen, der öffnet massenhaftem Ausspähen durch ausländische Geheimdienste und auch Hackerangriffen Tür und Tor. Nur ‘ein bisschen Hintertür’ gibt es schlichtweg nicht. Die Sicherheit unser aller Kommunikation muss Vorrang haben. Das ist die klare Position des Europaparlaments seit 2017.”
(Source: https://www.piratenpartei.de/2020/11/10/sicherheit-statt-abhoeren-ein-bisschen-hintertuer-gibt-es-nicht/)
D’Virhunn vum EU-Ministerrot ass also net nëmmen illusoresch, mee och geféierlech.
D’Piratepartei wäert sech dofir zesumme mat hire Schwësterparteien uechtert ganz Europa géint déi geplangte Resolutioun vum EU-Ministerrot wieren. Mir wäerten eis zesumme mat de Piraten-EU-Deputéierten dofir asetzen, d’Verschlësslung vun eiser Online-Kommunikatioun z’erhalen an op déi lëtzebuergesch Regierung awierken, fir dëse Plang nach am Ministerrot ze kippen!