100 Betriber sinn net konform zum Verpackungsoffall-Gesetz – Nofro

D’Gesetz vum 21te Mäerz 2017 reegelt den Ëmgang mat Verpackungen an dem Verpakungsoffall. An dësem Gesetz ass am Artikel 8 virgesinn, datt all Societéit, déi Verpackungen hierstellt, dozou verflicht ass, dës Verpackungen och erëmzehuelen oder alternativ een agreéierte Service dofir anzestellen. Den 1ten Mäerz 2021 hunn ech eng parlamentaresch Fro (n°3735) zur Reprise vu Verpakungsoffall gestallt. Dee Moment hat den Ëmweltministère erkläert, dass e Kenntnis vu Betriber huet, déi sech net un d’Gesetz vum 21te Mäerz 2017 gehalen, also keen eegene Réckgabesystem opgebaut hunn an och net bei der Valorlux registréiert sinn. Am Juni 2021 huet sech dunn erausgestallt, dass 100 Betriber net konform zum Gesetz vun 2017 wieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun dësen 100 Betriber si mëttlerweil gesetzeskonfrom?

  2. Goufe Sanktioune géing Betriber ausgeschwat wéinst engem Net-Respekt vum Gesetz vun 2017?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5828

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt