Verloscht vun der Doktersapprobatioun – Nofro

An der Äntwert op d’Fro 2979 vum 13. Oktobre 2020 sot d’Ministesch:
“Well zur Zait, weder an dësem Fall, nach an engem aneren Fall, d’Situatioun sech presentéiert huet, dat en Medeziner deen zu Lëtzebuerg exerzéiert, no dem Ausstellen vun senger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg, sain droit d’exercer am Ausland komplett an definitiv verluer huet, ass et nach nët zu dem Ëmstand komm, deen den Honorablen Députéierten beschreift. Fir sou Fall awer virzebeugen, analyséiert den Gesondheetsministère zur Zait, wéi eng nei gesetzlech Regel kéint an deem Fall graifen, fir dat eng komplett an definitiv Radiatioun am Ausland d’office kéint zu enger Radiatioun zu Lëtzebuerg féieren.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Goufen déi ugeschwaten Analyse schonn ofgeschloss?
    Falls jo, zu wéi enge Konklusiounen ass ee komm?
    Falls nee, firwat net a bis wéini ass mat engem Resultat ze rechnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5793

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de