Am Artikel 27 vum Gesetz vum 13. Januar 2019 iwwert de Register vun den effektive Beneficiaire steet Folgendes:
“Les entités immatriculées disposent d’un délai de six mois après l’entrée en vigueur de la présente loi pour se conformer aux dispositions de la loi.”
Dësen Datum wier den 1. September 2019.
Haut huet de Luxembourg Business Register, dee fir de RBE zoustänneg ass, kommunizéiert, datt si unilateral decidéiert hunn, e weideren Delai vun 3 Méint ze accordéieren, wärend deem d’Androe vun den Informatiounen an de Register gratis wier.
Dëst widdersprécht dem Artikel 13 vum RGD vum 15. Februar 2019, an deem steet:
“Les entités soumises à la loi précitée du 13 janvier 2019 effectifs sont exemptées du paiement des frais administratifs, fixés à l’annexe A, pendant un délai de six mois après l’entrée en vigueur du présent règlement.”
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Wirtschaftsminister an enger dréngender parlamentarescher Fro (de Charaktère urgent ass vun der Chamber net zeréck behale ginn) dës Froe gestallt:
- Gouf de Ministère consultéiert, éiert dës Moossnam vum LBR decidéiert gouf?
- Huet d’Regierung en neie Règlement grand-ducal op de Wee bruecht, fir dës Moossnam ze erlaben? Falls nee: Plangt d’Regierung dëst ze maachen? Bis wéini ass mat engem neie Règlement grand-ducal ze rechnen?
- Op wéi vill Euro schätzt d’Regierung de “manque à gagner” duerch dës Moossnam?
- En vue vun den Artikelen 20 an 21 vum Gesetz iwwert de Register vun den effektive Beneficiaire, déi d’penal Konsequenze fir d’Net- a Falschausfëlle virgesinn, ass d’Regierung der Meenung, datt d’Kommunikatioun vum LBR zumindest onkloer ass? Ass d’Regierung der Meenung, datt de Gestionnaire hei hätt sollten drop hiweisen, datt duerch hir administrativ Moossnam, d’Gesetz net ausser Kraaft gesat gëtt?
- Plangt d’Regierung e Gesetzesprojet, fir ex post d’penal Konsequenzen fir dräi weider Méint auszesetzen? Falls jo: Fir wéini ass domadder ze rechnen?Falls nee: Plangt d’Regierung d’penal Konsequenzen ze applizéieren, obwuel de Gestionnaire hei unilateral eng nei Karenz annoncéiert huet?