Am Arrêté grand-ducal vun 2016 ginn d’Reegele fir d’Vergab vun de civile Verdéngschtuerde festgeluecht. Um Site vum Staatsministère kann een dann och Persounen uginn, déi esou een Uerde sollen erhalen. Wat een allerdéngs net um Site fënnt, sinn d’Leit, déi an der Vergaangenheet mat Verdéngschtuerden ausgezeechent goufen. An Däitschland an a Frankräich zum Beispill kann een d’Nimm awer um Internetsite vun de responsabelen Autoritéiten noliesen. Duerch de Krich an der Ukrain huet Lëtzebuerg sech zu enger ganzer Réi Sanktiounen géint russesch an belarussesch Staatsbierger op EU-Niveau verflicht an och eege Sanktioune beschloss.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi steet de Minister zur Verëffentlechung vun de Nimm vu Persounen, déi een civile Verdéngschtuerden am Numm vum ganze Lëtzebuerger Vollek erhalen hunn, um Site vum Staatsministère?
-
Wéi vill russesch oder belarussesch Staatsbierger hunn an deene leschten 20 Joer ee vun de sëllege civile Verdéngschtuerden erhalen? Sinn hei Persounen drënner, déi elo op der Sanktiounslëscht vun der EU stinn?
-
Am Arrêté grand-ducal vun 2016 sinn an den Artikelen 7 an 8 d’Konditioune virgesinn, ënnert deenen een en Uerde kann entzu kréien: “Art. 7.Les distinctions dans les deux Ordres nationaux sont retirées en cas de condamnation pour crime ou à une peine d’emprisonnement sans sursis au moins égale à un an aux termes d’une décision passée en force de chose jugée prononcée par une juridiction. Art. 8.Dans des cas exceptionnels le Premier ministre, ministre d’État, peut déroger aux conditions précitées.” Géif d’Presenz op enger lëtzebuergescher oder EU-Sanktiounslëscht ënnert dës “cas exceptionnels” falen? Am Fall wou d’Äntwert op d’Fro Nummer 2 affirmativ wär, wäert de Premier, dëse Persounen de Verdéngschtuerden entzéien?
QP Nummer 5908