M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fundamental Rechter a Fräiheete gi verankert, net an engem Gesetz, mee am héchsten, am wichtegsten Text vum Land: eiser Ver- fassung. A gläichzäiteg gi se moderniséiert – de Pre- mier sot beim leschte Projet: vum Postkutschenalter, vun de Goldtaleren hin zu enger moderner, zumin- dest enger méi moderner Verfassung wéi deemools.
Ech deelen och net d’Appreciatioun vu mengem Vir- riedner, datt hei Rechter géife geschwächt ginn. Ech mengen, datt et hei ganz wichteg ass ervirzehiewen, datt d’Kannerrechter gestäerkt ginn. An dat weist dach awer, wéi verschidde Lektüre vum nämmlechten Text kënnen zu ënnerschiddleche Konklusioune féie- ren.
Mir begréissen nämlech och, datt d’Beschränkung op just weiblech oder just männlech opgehuewe gëtt, datt dat endlech geännert gëtt, datt dat endlech der Realitéit ugepasst gëtt.
Wat mir bedaueren, an dat hu mer och scho gesot, dat ass, datt mer dee Saz nach ëmmer drastoen hunn, ech zitéieren: „Les Luxembourgeois sont égaux de- vant la loi.“ Nämlech: Just d’Lëtzebuerger – a wat ass mat deenen aneren? Wat ass mat all deenen aneren,
déi fir eise Räichtum all Dag hei zu Lëtzebuerg schaf- fen, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen? An och do deelen ech da mengem Virriedner seng Ausso net, datt si sech fir all d’Leit hei am Land géifen asetzen, well ma- nifestement ass dat fir d’Hallschent vum Land schonn net de Fall.
Dofir ass da vläicht déi kleng Kompensatioun, datt mer d’Promotioun vum Sozialdialog nach eng Kéier stäerken an nach eng Kéier méi staark promouvéie- ren.
Jo, an dann d’Staatsziler: D’Lutte géint de Klimawan- del, den Droit au travail, den Droit au logement sinn elo Staatsziler – net aklobar, mee et sinn emol Ab- sichtserklärungen. Kucke mer, wou mer hikommen, well bis elo gesäit ee vun deene Rechter um Terrain net vill! An ech weess och net, wéi mer se wëlle kuerz- fristeg ëmsetzen.
An da feelen do jo awer nach d’Referenzen op dat, wat u sech och Staatsziler misste sinn, nämlech d’Be- kämpfung vun der Aarmut, vun den Inegalitéiten tëscht de Geschlechter oder iwwerhaapt d’Fërderung vun der sozialer Kohäsioun.
Sécher, déi Staatsziler, déi mer elo an der Verfas- sung stoen hunn, sinn néideg, fir och déi Ziler ze erreechen. Mee mir haten net de Courage, méi wäit ze goen. An datt se net ageklot kënne ginn, mécht dann natierlech och, datt et méi Symbolpolitik ass wéi wierklech haart Fakten.
Ech hätt mer gewënscht, datt mer eebe grad méi aklobar Rechter géife kréien. A wann ech virdrun nach eng Kéier nogelauschtert hunn am Rapport a vum Recht op eng Reaktioun vun enger Administra- tioun an engem adequaten Zäitraum héieren, a wa mer dovunner schwätzen an dat haut och stëmmen, da stellt ee sech jo awer och d’Fro: Wat ass dann deen adequaten Zäitraum, fir op eppes ze äntwerten?
Mir hate gëschter heibannen iwwert d’Subside fir PV-Anlage geschwat, wou den Délai moyen am Mo- ment 182 Deeg, en halleft Joer, bedréit. Ass dat nach adequat? Ass dat net adequat? Dat sinn d’Froen, mat deene sech an Zukunft natierlech och muss beschäf- tegt ginn. Et geet net duer, datt mer eppes an d’Ver- fassung schreiwen. Mir mussen dat och herno liewen a mir mussen derfir suergen, datt dat och liefbar gemaach gëtt. An eigentlech misst bei all Fiche de fi- nancement an Zukunft dann och derbäikommen, ob e Gesetz am Aklang mat eisen neie Staatsziler ass, well soss hu mer jo u sech näischt anescht gemaach wéi ze soen: Mir hunn zwar en Zil, mee soubal mer e Gesetz maachen, kucke mer dat Zil net vun allze no!
Dat gesot, hu mer déi éischte Kéier eisen Accord zu dësem Text ginn, dee sécherlech méi wäit geet wéi deen alen Text, deen awer sécherlech net esou wäit geet, wéi en hätt kënne goen. An dofir gi mer dann och déi zweete Kéier eisen Accord fir dëst Kapitel.
Ech soen Iech Merci.