M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt zum Refe- rendum, dee jo net stattfënnt, dofir stëmme mer haut da fir d’zweete Kéier. Mir hu bei dem éischte Kapitel, dat en éischte Vott krut, matënnerschriwwe fir de Re- ferendum an der Hoffnung, datt d’CSV hiert Versprie- che fir e Referendum géif halen. Mir kënnen nämlech och rechnen a mir wëssen, datt et ouni d’CSV net duergaange wär, zumindest net ouni verschidden Deputéierter vun der CSV, mee dont acte: D’CSV huet sech entscheet, dat ouni Referendum ze maachen. Dat ass hire Prerogativ. Ech fannen dat net gutt. Mee dat entbënnt eis als Parlament net vun eiser Respon- sabilitéit. A genau dofir musse mir elo als Parlament dann och déi zweet Votte maachen.
An nom éischten Echec vun der Demande vun engem Referendum wier et an eisen Aen och net méi respon- sabel gewiescht, fir nach eng Kéier bei deenen nächs- ten Tentativen ze ënnerstëtzen, well et e Risiko vun engem richtege Patchworktext an der Verfassung gi
wier an et deementspriechend fir eis kloer war, datt dee Moment d’Chamber priméiere muss.
Zum Fong vun dësem Text: Et gëtt vill ze soen an et gouf villes vun de Kolleeginnen a Kolleegen elo grad gesot. Fir eis ass ee Punkt, dee wierklech erausstécht, an dat ass d’Verfassungsgeriicht. D’Verfassungs- geriicht méi grouss ze maachen, ze erweideren, an deem Sënn hinnen och d’Kompetenzen ze ginn, ass fir eis als Éischt emol eng gutt Saach. Mee mir hätten eis awer gewënscht, datt no däitschem Virbild och fir Biergerinnen a Bierger eng direkt Pist zum Verfas- sungsgeriicht méiglech gewiescht wier.
Mir hätten eis et och gewënscht, datt d’Verfassungs- geriicht an Organkloeverfaren zoustänneg gewiescht wär, wann Institutiounen eeben net méi matenee kënnen. Elo tranchéiert d’Verfassungsgeriicht, wann et zwëschent de Geriichter Kompetenzfroe gëtt, awer net, wann zum Beispill en Deputéierte mat der Cham- ber oder eng Chamber mat enger Regierung oder Administratioune mat anere staatlechen Institutioune Sträit hunn.
Dat ass iwwregens e Verfaren, dat an Däitschland zu enger Stäerkung vum Parlamentarismus gefouert huet, well et eebe grad meeschtens d’Deputéiert waren, déi profitéiert hu vun Organkloeverfaren.
Mat deem Bemoll kënne mer awer liewen, well et geet e grousse Schrëtt no vir. Net esou wäit, wéi mir eis et gewënscht hätten, mee et geet e grousse Schrëtt no vir, léif Kolleeginnen a Kolleegen. An dofir kann ech dann och fir all de Rescht aus där heiter Pro- positioun, fir d’Verfassung ofzeänneren, an déi mer jo och bei der éischter Kéier scho matgestëmmt hunn, och eng zweete Kéier eis Zoustëmmung als Piraten bréngen.
Ech soen Iech Merci.