M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech muss de Mars Di Bartolomeo e bëssen enttäuschen. Ech mengen net, datt et sech nëmmen nach ëm e puer Minutten han- delt, bis déi nei Verfassung a Kraaft trëtt.
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Nee, bis no deem zweete Vott.
M. Sven Clement (Piraten) | Et dauert jo nach e bës- sen, net nëmme bis deen zweete Vott, et dauert och nach, bis se publizéiert ass, an och dann dauert et nach e bëssen.
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Mee dat hunn ech jo gesot!
M. Sven Clement (Piraten) | Mee ech sinn awer frou, datt mer haut zumindest mam Legislativen op en Enn kommen, an zwar virun allem, datt mer hei u sech mat deem Text ophalen, deen d’Chamber stäerkt. Ech mengen, datt et wichteg ass, datt mer eis Chamber stäerken. De Rapporter huet dat virdru gesot, meng Virriednerinnen a Virriedner hunn et gesot: D’Mis- sioune vun der Chamber gi vill méi kloer an d’Verfas- sung geschriwwen, ënner anerem, an dat begréissen ech ganz besonnesch, am Artikel 63 (veuillez lire: am Artikel 75), drëtte Punkt: „requérir de la part du Gou- vernement tous informations et documents“, eppes, wou an der Vergaangenheet d’Regierung sech sou- guer um Geriicht mat Hänn a Féiss gewiert huet an esou wäit gaangen ass fir ze behaapten, d’Chamber wär keen Deel vum Staat. Elo kënnt et an d’Verfas- sung stoen. An ech mengen, datt dat gutt ass, datt et an d’Verfassung stoe kënnt, genausou, wéi et gutt ass, datt an d’Verfassung stoe kënnt, datt all Member vun der Chamber kann eng Proposition de loi maa- chen. Dat war zwar bis elo de facto ëmmer esou ge- lieft, et stoung awer net am héchsten Text vum Land.
Och d’Initiativrecht, datt d’Biergerinnen an d’Bierger elo selwer kënne Gesetzespropose maachen, fënnt eis Zoustëmmung. Dat ass nämlech och e Beweis der- fir, datt d’Demokratie lieft, datt d’Demokratie eppes ass, wat a Beweegung ass, eppes, wou mer eeben net just an engem Elfenbeintuerm matenee schwät- zen, mee tatsächlech och an engem permanenten Echange mat de Biergerinnen a Bierger sinn, an dat net nëmmen all fënnef Joer, wa Wale sinn.
Da gouf scho vun der Enquêtëkommissioun ge- schwat; ech kommen elo net drop zréck. Ech bedaue- ren e bëssen, datt elo mam ganzen Hin an Hier a mat den Datumen et esou geet, datt u sech fir dës Legis- latur keng Enquêtëkommissioun méi kann zustane kommen. Ech denken, datt mer déi lescht Jore méi wéi eng Affär haten, déi et definitiv meritéiert hätt, virun eng Enquêtëkommissioun ze kommen.
(Interruption)
Bref, an Zukunft kéint dat da jo anescht sinn.
A schlussendlech, natierlech och ganz kloer d’Refe- renden, eppes, wat mir begréissen. An dofir mécht et mer wierklech eng grouss Freed, haut kënnen, esou wéi beim éischte Vott, och beim zweete Vott de Jo vun de Piraten matzebréngen.
Ech soen Iech Merci.