Veräiner Qualité+

Iwwert de Subside Qualité+ gi Sportsveräiner, déi Sport fir Kanner ënner 16 Joer ubidden, finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Durch d’Subside kënnen déi lokal Veräiner de Sport zu engem méi gerénge Präis fir eng breed Bevölkerung ubidden. Leider ginn et momentan awer Problemer beim Ausbezuele vun de Subside vun der Saison 2022-2023. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Vergaangenheet goufen des Subside spéitstens Ufanks des Joers ausbezuelt. Kann de Sportminister confirméieren, dass dat och elo Ufanks 2024 de Fall wäert sinn oder ob et eventuell Problemer gi beim Ausbezuele vun dëse Subside fir d‘Saison 2022-2023?

  2. An der Vergaangenheet ass et oft zu Depassementer vum ageplangte Budget fir de Qualité+ komm.
    • Wéi vill vum ageplangte Budget gouf schonn ausginn?
    • Wäert et och fir d’Joer 2023 nees zu engem Depassement kommen? Falls jo: Vu wat fir engem Montant geet de Sportminister do aus ?

  3. Bis wéini kënnen d’Veräiner domat rechnen, dass de Subside Qualité + an de Subside ordinaire fir 2023 ausbezuelt wäerte ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 190

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de