ACCOUNT

Vélospolizisten zu Lëtzebuerg

A villen däitsche Stied ginn et sou genannten “Fahrradpolizisten”. Dobäi handelt et sech em Polizisten, déi hier Patrullen mam Vëlo maachen. Dës “Fahrradstaffelen” eegnen sech, fir präventiv Aarbecht um Terrain, a fërderen den Dialog mam Bierger. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et eng “Fahrradstaffel” mat “Fahrradpolizisten” zu Lëtzebuerg?
    Wann jo, wéi vill Polizisten ëmfasst dës a wou kënnt se zum Asaz?
    Wann nee, wisou net? 

  2. As de Minister der Meenung, dass esou eng Unitéit d’Sécherheetsgefill vun de Bierger erhéijen géing?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5750

Et gouf eng Nofro gestallt:

QP Nummer 5915

Verlaf an der Chamber

20220310 QP GOERGEN Vëloe bei der Police – Nofro.pdf

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen