Vill Patronen aus dem Handwierk kënnen ausgeschriwwen Aarbechtsplazen aktuell net eleng mat Kandidate vum lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart besetzen, well et e Manque u qualifizéiertem Fachpersonal gëtt. Leider kennen si oft och net op Kandidaten aus dem Ausland zeréckgräifen, well vill auslännesch Aarbechter iwwert Ausbildungen an Diplomer verfügen, déi zu Lëtzebuerg net unerkannt ginn, esou dass dës Persoune fir d’éischt eng Validation des aquis ufroe mussen, éier si hei am Land schaffe kënnen. Fir kleng Entreprisë kann et allerdéngs séier zu enger substantieller Belaaschtung ginn, wann een Aarbechtsposte länger Zäit net besat ka ginn.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministeren fir Bildung, Wirtschaft an Aarbecht dës Froe gestallt:
- Wéi vill Ufroe fir eng Validation des aquis goufen am Joer 2018 a wéi vill bis elo am Joer 2019 gemaach?Wéi vill dovu vu Persounen aus dem EU-Ausland a wéi vill vu Persounen aus anere Länner?
- Wéi vill vun dësen Demandë goufe mat der Ausstellung vun enger Validation totale, wéi vill mat der Ausstellung vun enger Validation partielle a wéi vill mat engem Refus ofgeschloss?
- Wéi vill Zäit vergeet an der Moyenne tëscht der Ouverture vun engem Dossier vir eng Validation des aquis an dem Oofschloss vun dësem Dossier?
- Ass de Bildungsminister der Meenung, dass d’Ausstellung vun enger Validation des aquis kéint méi séier erfollegen, duerch eng Upassung vun den entspriechende Prozeduren?Envisagéiert de Minister an dësem Kontext eng Reform fir eng Beschleunegung vum Traitement vun den Dossieren?
- Plangen den Aarbechtsministère an de Wirtschaftsministère mat konkrete Mesuren Patronen, déi ausgeschriwwen Aarbechtsplazen opgrond vun engem Mangel u qualifizéierte Kandidaten net besetzen kennen, ze ënnerstëtzen?Falls jo: Em wéi eng Mesuren handelt et sech heibäi?Falls nee: Wäert d’Regierung sech dem Problem op eng aner Manéier unhuelen?