Context:Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépendantze relative aux clusters
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- dass den Taux u geimpfte Persounen an den Alters- a Fleegeheemer beim Personal ëmmer nach net héich genuch ass;
- dass d’Personal aus Alters- a Fleegeheemer fréi eng Impf-Offer gemaach krut an et nach eng gewëssen Onsécherheet um Terrain gouf;
- dass eng zweet Invitatioun fir en MRNA-Impfstoff hëllefe kéint, d’Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur ze motivéieren, sech géint de Covid-19 impfen ze loossen.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- den Employéeën aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur nach emol e Bréif zoukommen ze loossen, mat enger Invitatioun, an de kommende Wochen e Rendez-vous maachen ze kënnen, fir nach prioritär mat engem MRNA-Impfstoff geimpft ze ginn, falls si nach kee Vaccin kruten.