Tripartite

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, dann diskutéiere mer haut net nëmmen den drëtten Tripartitt-Accord innerhalb vun zwielef Méint, mee och e bëssen den Ëmgang mat der Chamber an och vun der Chamber ënnerteneen.

Fir unzefänke muss ech nämlech e bëssen déi nämmlecht Kritick ubrénge wéi meng Virriednerin, nämlech, datt mir hei an der Chamber stinn a solle Positioun zu engem Accord bezéien, deen eis kuerz vi- rum Ufank vun dëser Sessioun eréischt erreecht huet, deen d’Press awer schonn hat! Dat, wat ech Iech also an den nächste Minutten hei soen, ass gréisstendeels baséiert op den Artikelen aus der Press, well aner Informatiounen hunn d’Deputéiert jo eréischt an der Mëttesstonn kritt.

Et ass, an dat wëll ech och ganz kloer soen, dem Pre- mier säi verfassungsméissegt Recht, heibannen eng Déclaration gouvernementale dann ze maachen, wann en dat fir richteg hält. En hätt awer kënnen, wéi dat an anere Parlamenter am Ausland üblech ass, d’Deputéiert am Virfeld mat engem net ënnerschriw- wenen Accord briefen. Dat hätt eis d’Téisazliesen iw- werflësseg gemaach, well wann RTL e schonns konnt liesen, da war de Leak jo dës Kéier manifestement net d’Chamber, mee en aneren Acteur!

(Interruption)

Wat einfach net ze akzeptéieren ass, ass, datt et ëmmer erëm virkënnt, datt d’Regierung eis hei an d’Chamber bestellt, fir datt se kann hir Positioun duerleeën, an d’Oppositioun huet keng Chance, fir doropshin eng qualitativ …

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | … an och eng quantita- tiv Analys ze maachen. Souguer d’Regierungsparteie schéngen den Accord net kënne gelies ze hunn, well an engem Facebook-Post vun deene Grénge steet, datt ee bis 30 Kilowattstonne ka säi Stroum vun der Fotovoltaikanlag, ech zitéieren, „vun der Steier- erklärung ofsetzen“, mat schéine Fotoe vun all hire Ministeren drënner. Am Accord steet awer, datt dat en Automatismus ass an iwwerhaapt souwisou eng ganz aner Prozedur ass, wéi eppes ofzesetzen, mee datt dat einfach net Revenu imposable wär.

Verstitt eis net falsch: Mir begréissen dës Mesür aus- drécklech …

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | … a virun allem, datt se automatesch gräift an dass d’Leit keng Steier- erklärung oder Demande musse maachen. Mir wës- sen alleguer heibannen, datt esou Demanden ëmmer domadder endegen, datt Leit déi Hëllefen net an Usproch huelen, déi se u sech awer zegutt hätten.

M. Fernand Etgen, Président | Här Clement, erlaabt Der, datt den Här Cruchten Iech eng Fro stellt?

M. Sven Clement (Piraten) | Ben, jo. Jo, mengetwee- gen.

M. Yves Cruchten (LSAP) | Obwuel ech elo nach net weess, wéi ech dat als Fro ka formuléieren oder apa- ken …

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass wéinstens éierlech!

M. Yves Cruchten (LSAP) | Et ass als Äntwert un Iech an och un dat, wat d’Madamm Cecchetti virdru gesot huet. Ech wëll Iech eigentlech just berouegen, dass mir déi selwecht Contrainten haten, fir déi Ried hei ze halen haut de Mëtteg, wéi Dir oder wéi d’Madamm Cecchetti. Mir hunn do keng Faveur gemaach kritt a mir waren net besser gestallt.

An dofir stëmmt et och, dass ech de Mueren als Frak- tiounspresident, wéi mer gefrot goufen: „Solle mer dat de Mëtteg maachen?“, geäntwert hunn: „Kënne mer dat net vläicht op muer verleeën, dann hätte mer méi Zäit, fir dat ze preparéieren?“ Do krute mer gesot, dass dat muer net geet. An do war et fir mech gradesou kloer, dass mer dat net op iergendwann eng Kéier duerno sollte vertässelen, mee dass dat awer esou séier wéi méiglech geet, mat alle Schwie- regkeeten, déi Dir a mir dann domadder haten. Mee ech muss awer soen, dass bis elo déi Debatt esou ganz korrekt gefouert gouf. Dofir ass dat net weider schlëmm.

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten) | Fir op déi net gestallte Fro ze äntweren: Ech ginn Iech absolutt Recht, Här Cruchten, datt dat e Problem ass, dee strukturell ass, an ech hunn och eng konkreet Propos gemaach, wéi een dat hätt kënnen ëmgoen, wéi een d’Téisazliesen hätt kënnen evitéieren, well d’Gewerkschaften hu jo och Decisiounen op Basis vun engem Text geholl, esou datt och d’Chamber oder ausgewielten De- putéierter vun der Chamber, déi heizou sollte Stel- lung huelen, hätte kënnen deen nämmlechten Text, deen och d’Gewerkschaften hire Gremie gewisen hunn, schonn hunn. Dann hätte mer eis besser kënne preparéieren.

Ech kommen awer zréck no dësem kuerzen Inter- mezzo op déi Aiden, déi eeben net ugefrot ginn, well d’Demande net gemaach gëtt. An dat ass en Déchet fiscal, dee manifestement gewollt ass. Dëst Beispill weist einfach, wéi wéineg Zäit sech gelooss ginn ass fir eeben déi déifgräifend Analys vum Text.

Generell ass d’Chamber dann heiansdo nëmmen eng Tribün, wou Punkten hei virgestallt ginn, wärend mer u sech an enger kokasser Situatioun sinn, datt mer haut iwwert den „Tripartitt 3.0“-Accord diskutéieren, wou mer gëschter Moien eréischt e Rapport ugeholl hunn, fir eng Mesür aus dem „Tripartitt 2.0“-Accord iwwerhaapt emol dës Woch hei an d’Chamber ze bréngen. Also, u sech chevauchéiere sech d’Evene- menter an dat weist, datt u sech do och eng déifgräi- fend Aarbecht an Analys net gemaach ka ginn.

Här President, mir Piraten hu vill Mesüre vun de leschten zwee Accorde matgedroen, awer net all. Net all Mesürë waren an eisen Ae sozial cibléiert, net all Mesür war duerchduecht, net all Mesür war grouss genuch, fir d’strukturell Problemer unzegoen, déi mir hei am Land hunn.

Och dësen Tripartitt-Accord geet net déi struktu- rell Problemer un an eis Piraten feelt hei ganz kloer de roude Fuedem. Fir eis Piraten ass dat heiten eng Usammlung vun Iddien, déi ee kuerzfristeg kann hue- len, fir d’Leit glécklech ze maachen, déi awer keng laangfristeg Léisungen duerstellen. Et ass gutt, datt mer déi Mesüren, déi d’Inflatioun solle weider nid- dreg halen, mat engem Phasing-out elo richteg en- cadréieren, allerdéngs geet dat heiten net duer an et hëlleft och net jidderengem, deen Hëllef brauch!

Déi héich Energiepräisser sinn nach ëmmer present. Dofir brauchen d’Firmen an d’Privatleit nach ëmmer

mardi 7 mars 2023 12 | 21 Hëllefen, fir dës Méikäschten all Mount kënnen ze

stemmen. D’Iddi vun engem Phasing-out ass an deem Sënn also ze begréissen, fir esou ze verhënne- ren, datt eis Präisser ruckaarteg steigen an d’Wirt- schaft an d’Stéit äiskal géifen erwëscht ginn.

Mir Piraten ware vun Ufank u géint d’Subventionéiere vun de Saunaen a Swimmingpoolen duerch eng on- cibléiert Hëllefspolitick, wat d’Stroumpräisser ugeet. Mir hu schonn e puermol gesot, datt mer net domad- der averstane sinn, datt hei net méi cibléiert geschafft ginn ass. Enger Verlängerung, déi weider mat der Géisskan verdeelt, sti mir also weiderhin och kritesch géintiwwer.

Mir Piraten haten eis gefreet, wéi an de Medie vun engem Klimasteierkreditt ze liese war. Mir hate ge- hofft, datt d’Regierung elo de Wee vun eisem Klima- bonus géif goen, dee mer schonn am Dezember 2021 hei mat enger Motioun gefuerdert haten. Mir hate gefrot, datt d’Aspuerunge solle belount ginn an datt déi Leit, déi net aspueren, selwer musse bezuelen.

Mir hunn dës Iddi schonn e puermol hei an der Chamber erkläert. Leider wäert d’Regierung wei- derhin net op dee Wee goen. Dëse Steierkreditt ass näischt anescht wéi déi Kompensatioun, déi scho mat dem Festleeë vun der CO2-Steier decidéiert ginn ass. Mir wëssen net wierklech, firwat dat iwwerhaapt am Accord erwäänt gëtt, well fir eis ass dat hei eng Form- saach. Dat hei war also méi eng Annonce vun eppes, wat et scho gëtt, wéi wierklech eppes Neies ze scha- fen.

Zu den zwou Mesüren a puncto Logement dann: Éischtens kann ee begréissen, datt et Mesüre gëtt. Mir haten et awer esou verstanen, als wären dës Mesüre scho bei den Assises du logement decidéiert ginn. A fir eis gesäit et natierlech elo esou aus, wéi wann d’Regierung sech einfach hei wéilt zweemol mat deene selwechte Plomme schmücken.

Mir soen och ganz kloer, datt dat heiten absolutt net duergeet, fir dës Logementskris ze bewältegen oder och nëmmen ofzebremsen, am Géigendeel! Dat heite si ganz kleng Drëpsen op e gliddege Steen.

D’Regierung passt elo no 20 Joer ouni Upassungen endlech de bëllegen Akt un an erhéicht de Montant un den Zënsen, déi een däerf vun der Steier ofsetzen, ëm 50 %. Wann eng Koppel haut eng Millioun léine geet, sous condition, datt se geléint kritt, bezilt se 3,85 % Zënsen, ronn 37.500 Euro dat éischt Joer. Op 30 Joer bezilt een dann ongeféier 718.500 Euro un Zënsen. Den Ënnerscheed tëschent dem Undeel, deen een haut kann ofsetzen, an deem, deen ee virun zwee Joer bei 1,8 % Zënse konnt ofsetzen, huet sech méi wéi hallwéiert. Dofir hate mer schonn am Oktober eng Motioun deposéiert, fir den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee bei sengem Prêt kann ofsetzen.

Dëst gouf vun de Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi gréng ofgeleent mam Argument, d’Steierreform vun 2017 wier genuch an et soll ee keng isoléiert Mesü- ren huelen, mee strukturell Erliichterunge bréngen. Dësen Accord ass awer genau dat. Dat heescht, mani- festement huet sech iergendeppes am Gedankegang geännert. Dësen Accord ass nämlech eng Usammlung vu vereenzelte Mesüren an net déi versprache Steier- reform. Dofir deet et eis leed, datt d’Erhéijung vun den Zënsen nëmme mat 50 % kënnt a sechs Méint méi spéit, wéi mer se beim Budget gefrot haten. Mir Piraten hätten eis hei ee méi schnellt Handelen an eng méi grouss Erhéijung ganz kloer gewënscht. A mir bleiwe bei eiser Fuerderung no enger Verduebe- lung, esou séier wéi méiglech!

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, alles an allem sti mir Piraten dësem Accord op den éischte Bléck – an ech hunn nëmmen déi Mesüre kritiséiert,

déi mer ze kritiséieren hunn – positiv entgéint. Eise finalen Accord kënne mer awer natierlech nëmme ginn, wa mer d’Texter gesinn. Well mir hu beim lesch- ten Tripartitt-Accord gesinn, wéi schwéierfälleg et heiansdo ass, déi dach vag Verspriechungen aus dem Tripartitt-Accord a konkreet Texter ze géissen, wéi komplizéiert et ass, fir do de genaue Kompromëss ze fannen.

An deementspriechend wäerte mir och dës Kéier all eenzelnen Text separat fir sech geholl kucken an eisen Accord dovunner ofhängeg maachen, ob en éischtens dat hält, wat den Accord hei versprécht, an zweetens, ob en dat och op eng sozial equitabel Aart a Weis mécht an ob et wierklech déi Hëllefe sinn, déi bei de Leit ukommen dee Moment, wou se se brau- chen.

Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir