Transparenz bei den Circulairen

Context:Projet 7666 – Budget 2021

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Regierung an hirem Koalitiounsaccord festgehalen huet: “Dans le but de débureaucratiser et de rendre plus efficaces les processus administratifs, les efforts entrepris jusqu’à présent en matière de numérisation de toutes les étapes de travail des administrations publiques seront poursuivis et intensifiés, aussi bien en interne qu’en contact avec les citoyens et les entreprises”;
  • dass am Circulaire LIR 105/2 vum 16.03.1998 festgehalen ass, dass d’Frais d’obtention och “dépenses relatives à l’entretien d’un cabinet de travail à domicile” abegräifen;
  • dass den Circulaire LIR 105/2 net um Site vun der Stéierverwaltung am Receuil de circulaires ze fannen ass.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. All d’Circulairen, déi nach a Vigueur sinn, um Site vun der Steierverwaltung am Recueil de circulaires ze publizéieren. Och déi, déi virum Joer 2000 publizéiert goufen.

D’Motioun gouf eestëmmeg ugeholl.

De 5.02 gouf ee Bréif un d’Chamber geschéckt, well d’Motioun nach net ëmgesat gouf.

Den 17ten Juni gouf d’Motion endlech ëmgesat !

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in