Transmissioun vun Diagnose bei der CMSS

Wann Persounen, déi bei der CNS assuréiert sinn, eng länger Zäit krank sinn, da ginn se an de Contrôle médical geschéckt, fir sécher ze stellen, datt d’Krankheetsbild existéiert an datt d’Krankschreiwung net frauduléis ass. Domadder kënnt dem CMSS e wichtege Rôle am Geflecht vun der Sozialversécherung zou; en erméiglecht eng net virageholle Vue op en Dossier a gëtt engem weideren Dokter d’Chance, sech eng Meenung ze bilden Grad am Beräich vun der mentaler Gesondheet ass eng Diagnos net ëmmer einfach ze treffen a kann déifgräifend Repercussiounen op d’Méiglechkeet vun enger Persoun, hire Beruff auszeüben hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass garantéiert, datt den Employeur vun der Diagnose vum CMSS Kenntnis erhält?

  2. Ass garantéiert, datt den Assuré d’Diagnos vum CMSS kommunizéiert kritt, fir esou eventuell een zweeten Avis bei sengem eegenen Dokter kënnen unzefroen? Falls nee, plangt de Minister dëst ze änneren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3043

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen