Tester bei der Arrivée zu Lëtzebuerg

Projet de loi n°7628 – Projet de loi autorisant l’Etat à participer au financement de la deuxième phase du Large Scale Testing

Leit, déi op Lëtzebuerg areesen oder um Retour aus dem Ausland sinn, onofhängeg wéi en Transportmëttel, sief et mam Fliger, Zuch oder Auto, soll ënnerhalb vu 5 Deeg getest ginn, egal vu wou se kommen.

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • An de leschten Deeg d’Unzuel vun den Neiinfektioune staark zougeholl huet;
  • D’Regierung am Projet de Loi 7628 ee Pilier vun Tester bei der Arrivée op der Gare oder um Fluchhafe gesäit;
  • D’Sensibiliséiere fir sech Testen ze loosse bei der Arrivée aus dem Ausland wichteg ass;
  • D’Regierung d’Méiglechkeet geschaaft huet datt Leit, déi et fir hir Rees brauchen, sech kënne, virun hirem Départ an d’Ausland, gratis zu Lëtzebuerg teste loossen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. Leit, déi op Lëtzebuerg areesen oder um Retour aus dem Ausland sinn, d’Méiglechkeet ze bidde fir sech gratis am Kader vum Large Scale Testing testen ze loossen.
  2. Promotioun fir dës zousätzlech Testcampagne ze maachen.

D’Motioun gouf approuvéiert.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene