Subside de Qualité+ an d’Unerkennung vun de Trainerdiplomer am Sport

Lëtzebuergesch Veräiner, déi Member vun enger Federatioun sinn an bei Sportskompetitioune matmaache, kënnen iwwert de Subside de Qualité+ bis zu 150€ fir all Kand am Veräin kréien. Deadline fir seng Demande ofzeginn ass ëmmer den 30ten September vum jeeweilege Joer. Eisen Informatiounen no sinn d’Verbänn dëst Joer méi spéit wéi soss, eréischt Ufank Juni, un de Subside Qualité+ erënnert ginn. 2020 war d’Circulaire den 15ten Abrëll erausgaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass d’Informatioun dës Joer méi spéit eraus gaangen?

  2. Dann kann een an der Circulaire och nach liesen:
    “”Les demandes d’homologations de brevets et diplômes délivrés par une entité autre que le Ministère des Sports – ENEPS, sont à introduire à l’ENEPS avant le 1er janvier 2024 au plus tard.””

    Dës Deadline ass awer net esou am Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 festgehalen. Wéi koum dësen Delai zu stanen, respektiv ass en an engem anere Règlement festgehalen?

  3. Sinn d’Subside fir d’Joer 2022 schonn ausbezuelt? Wa nee, wéi vill Dossiere stinn nach op?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8152

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit