Stéiererklärung bis den 31.12.2023

Wéi am Budgetsgesetz an och a Circulaire vun der Steierverwaltung festgehale ginn ass, konnten d’Leit bis den 31ten Dezember hir Steiererklärung fir d’Joer 2022 eraginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir een Datum notzt d’Steierverwaltung an deem Kontext als Limitt bei Steiererklärungen déi via Post ukommen?

  2. Wéi geet d’Administratioun mat Erklärungen ëm, déi laut Poststempel virum 31.12 erageschéckt gi sinn, déi awer eréischt am Joer 2024 bei der Steierverwaltung ukoumen? 

  3. Wéi vill Steiererklärungen fir 2022 sinn an der éischter Januarwoch vun 2024 bei der Steierverwaltung ukomm?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt