Et gouf an der Vergaangenheet ëmmer nees dovu geschwat, fir Statistiken zu Persoune mat Handicap ze maachen. Am éischten Plan d’action de mise en oeuvre de la Convention des Nations Unies relative aux droits des personnes handicapées 2012-2017 gëtt schonn op d’Wichtegkeet vu komplette Statistiken zu Persoune mat Handicap higewisen. Am Bilan vun dësem éischte Plang ass ze liesen, dass dës Statistiken awer bis dohin nach net zustane komm waren. Am zweete Plan d’action fir d’Joren 2019-2024 ass dann allerdéngs just am Beräich vun der Aarbecht vun der Erhiewung vun Date riets. Am Rapport d’activité 2020 vum Familljeministère steet dann ze liesen, dass zesumme mam LISER eng grouss Enquête iwwert Situatioun vu Persoune mat Handicap soll duerchgefouert ginn. Am Rapport fir d’Joer 2021 vum selwechte Ministère steet dann, dass souwuel d’Questionnaire wéi och Prozedur vun der Enquête etabléiert gi wieren an d’Enquête am Laf vum Joer 2022 soll duerchgefouert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Konnt d’Enquête schonn (Stand 1ten Dezember) ofgeschloss ginn?
• Wa jo, wéini wäerten d’Resultater dovu virleien?
• Wa nee, wéini soll dës Enquête ofgeschloss ginn a wéini ass mat de Resultater ze rechnen? -
Wäerten d’Resultater vun dëser Enquête och den am Beräich vum Handicap aktiven Associatiounen an Asblen zur Verfügung gestallt ginn? Wa nee, firwat net?
-
Wäerten d’Resultater vun dëser Enquête och dem breede Public zougänglech gemaach ginn? Wa nee, firwat net?
QP Nummer 7358