Statement iwwert de Krich an der Ukraine

Communiqué

D‘Piraten aus der Sektioun Stad kritiséieren op dat Schäerfst den Amarsch vum Putin sengen Zaldoten an déi demokratesch a souverän Ukrain. 

Mir riichten eisen Appell un all d’Politiker an un d‘ganz Zivilgesellschaft hei zu Lëtzebuerg an an der EU, fir sech solidaresch mam Ukrainesche Vollek ze weisen. Mir ënnerstëtzen d‘Mesure vun der Europäescher Unioun, fir de russesche Präsident Putin zeréck un de Verhandlungsdësch ze kréien. Mir mussen den Dialog ëmmer nees sichen – an dat och a grad an esou dramateschen Zäite wéi dësen.

Sanktioune géint Russland sinn elo wichteg, mee et muss opgepasst ginn, dass déi Mesuren, déi geholl ginn, net primär déi russesch Zivilbevëlkerung treffen, wärend d’politesch Elite dolaanscht kënnt.

Schlussendlech begréisst d’Sektioun Stad, dass d’Ex-Politiker Krecké a Schneider sech finalement awer nach dozou beweege gelooss hunn, hier Posten a russesche Gesellschaften opzeginn – och wann hier Entscheedung traureg spéit koum. Den eegene Portmonni dierf a Krisenzäite wéi dësen net am Mëttelpunkt stoen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt