Iwwerhuele vu Steierscholden duerch d’Sozialhëllef

D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm ze gräifen. D’Unzuel u Persounen, déi op Hëllefen ugewise sinn, klëmmt all Joers an et ass am Interesse vum Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, dass all Persoun, déi Hëllef brauch, och Hëllef kritt.

Am ofgeännerte Gesetz vum 18ten Dezember 2009 ass d’Aide sociale gereegelt. Iwwert d’Office sociaux kënnen d’Leit Hëllefe kréie fir Waasser-, Stroum- an Heizrechnungen an och Dokteschrechnungen ze bezuelen oder fir Iesswueren ze kréien. 

Mir si Fäll vun Demanden bekannt, wou den Office social den Demandeuren Geld iwwerwisen huet, fir Steierscholden bei der Steierverwaltung (ACD) ze bezuelen. Hei stellt sech d’Fro, ob dat nach wierklech an den Aufgabeberäich vun der Sozialhëllef fällt. An anere Gesetzer ass et esou, dass d’Präsenz vu Steierscholden oder Scholden bei der Sécurité Sociale dozou féiert, dass den Demandeur aus enger Prozedur kann ausgeschloss ginn. Als Beispill sierf den Artikel 29 (2) vum Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwungen vun 2018 genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et erlaabt, dass d’Offices sociauxen asprangen, fir Steierscholde vu steierflichtege Persoune bei der Steierverwaltung ze bezuelen?
    • Falls jo, op Basis vu wéi engem Artikel vum Gesetz kann dës Hëllef accordéiert ginn?

  2. Muss den Demandeur d’Suen, déi hie fir d’Bezuele vun enger Steierschold krut huet, zu engem spéideren Zäitpunkt zeréckbezuelen, esou wéi den Artikel 31 vum Gesetz vun 2009 dat virgesäit oder ass et de Gemengen op Basis vum Artikel 32 iwwerlooss, ob se d’Steierschold bezuele wëllen?

 

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum