Sécherheet vum GPS System

GPS-Systemer gehéiere mëttlerweil zum alldeegleche Liewen, sief dat am Secteur vun der Schëffffahrt, der Fligerei, an eisen Autoen oder an Handyen. De Krich an der Ukrain wéisst awer, wéi ufälleg dës Kommikatiounsform ka sinn. D’EASA, d’europäesch Fluchsecherheetsagentur, huet am Mäerz gemellt, dass et a verschiddenen europäesche Regiounen zu Ausfäll vum GPS koum. Dëst zum Beispill am Mëttelmierraum bei Zypern awer och bei Finnland. Zu Lëtzebuerg ass den Haut-Commissariat à la Protection nationale zoustänneg fir de Schutz vu kriteschen Infrastrukturen. D’Satellittekommunikatioun fält och ënnert dës kritesch Infrastrukturen, déi am Règlement grand-ducal vum 21.02.2018 definéiert sinn an déi an engem Noutfall mussen ofgeséchert sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1.  A wéi fern géing en Ausfall vum GPS-System sech op d’Sécherheet vu lëtzebuergesche kriteschen Infrastrukturen auswierken?

  2. An der Äntwert op d’Fro n°3533 huet den Minister erkläert: “Et ass net esou datt ee Sécherheets- a Kontinuitéitsplang fir e ganze Secteur ausgeschafft gëtt, ma et ass un dem eenzelne Bedreiwer vun enger kritescher lnfrastruktur esou ee Plang opzestellen an dem HCPN d’Moosnamen fir de Schutz, d’Kontinuitéit, d’Resilienz an de Krisemanagement fir seng kritesch lnfrastruktur matzedeelen.  […] Speziell wéinst der Cybermenace huet all Bedreiwer vun enger kritescher lnfrastruktur d’Méiglechkeet fir mam GovCERT zesummenzeschaffen.” Goufen och fir de Sekteur vun der Satellitekommunikatioun Sécherheets- a Kontinuitéitspläng ausgeschafft? Gesäit de Minister mam Hannergrond vun de russeschen Ugrëffer op d’Ukrain ee Besoin, fir dës Plang nei z’evaluéieren? Wa jo, a wéi enger Form? 

  3. Huet Lëtzebuerg e Backup-System, deen am Land selwer lokaliséiert ass?

  4. Falls dëst net de Fall ass, gesäit de Minister ee Besoin, fir esou ee Backup opzestellen? Notamment iwwert de 5G?

  5. Gouf et an dësem Dossier eng Kooperatioun mat aneren europäesche Länner? Wa jo, a wéi enger Form?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6068

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder