Schwaarzaarbecht

D’Schwaarzaabrecht (travail clandestin) ass an den Artikelen L. 571-1 bis L. 573-5 vum Code du travail definéiert. Hei kënnen Strofen vu bis zu 5’000€ a 6 Méint Prison den Aarbechter erwaarden. Wann ee Persounen beschäftegt, déi zousätzlech keng Openthaltsgenehmegung hunn, kann dat mat bis zu engem Joer Prison an 20’000€ bestrooft ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzen d’Ministeren d’Ausmosse vun der Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg an? Hu si Schätzungen, wéi vill de Lëtzebuerger Staat hei un Steiereinnahmen an awer och duerch net bezuelte sozial Leechtunge verléiert?

  2. De LISER huet 2007 eng Etüd zum Thema “Le travail non-déclaré au Luxembourg” verëffentlecht. Wéider Etüde sinn net ze fannen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2159 aus dem Joer 2016 gouf erkläert, dass keng Statistiken zu dësem Thema gefouert géife ginn.  Ginn/goufe mëttelweil Statistiken respektiv wëssenschaftlech Etüde zum Thema Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg opgestallt? • Wa jo, ëm wéi eng handelt et sech? • Wann nee, fannen d’Ministere net, dass esou Donnéën wichteg wieren, fir de Problem aschätzen an dogéint virgoen ze kënnen?

  3.  Och op de sozial Medien fënnt ee Gruppen, an deene Leit Aarbechter sichen, déi schwaarz schaffen, respektiv wou Aarbechter esou Servicer ubidden. Ass d’ITM an Douane iwwert esou Gruppen um Courant? • Wa jo, gëtt hei ee Monitoring gemaach? • Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5673

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt