Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung

An der Fro Nummer 5904 hunn d’Piraten d’Ministesch op déi schwiereg Situatioun vu Persounen opmierksam gemaach, déi vun enger Zwangsandreiwung vun der Steierverwaltung betraff sinn. Et ass allerdéngs esou, dass et och Leit ginn, déi net vun enger Zwangsandreiwung betraff sinn, mee déi awer eng héisch Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Steiererklärunge vu Privatpersoune aus dem Joer 2019 a virdrun sinn nach net clôturéiert ? Kann d’Ministesch dës Zuele pro Steierbüro opschlësselen?

  2. A wéi ville Fäll gouf an deene leschten 10 Joer een Decompte vun der Administration des contributions directes (ACD) opgestallt, dee méi héisch wéi 50’000 € war?

  3. A wéi ville vun dëse Fäll hunn déi Betraffen mat der ACD ee Plan de paiement opgestallt? Wat fir Zënsen ginn dee Moment gefrot a vun wat ass d’Héischt vun dësen Zënsen ofhängeg?

  4. Wat fir Tauxen kréien déi Betraffen deen Moment ugebueden? Op Basis vu wéi enge Fakteure kënnen dës Tauxen variéieren?

  5. Am Fall wou een Decompte vun enger Steiererklärung fir Privatpersounen vun enger Réi Joeren zesummen gemaach gëtt, kann et zu Situatiounen kommen, wou Feeler vun de Contribuabel eréicht ganz spéit opfaalen. Feeler, déi déi Persounen éischter hätte kënne verbesseren, wann den Decompte éischter komm wier. Wéi geet d’Verwaltung mat dësen Fäll ëm? Gesäit d’Ministesch hei eng Matverantwortung vun der ACD?

  6. Am Fall, wou een Decompte vun méi Joeren zesummen gemaach gëtt an héisch Montant nozebezuele sinn, kann et zu prekäre Situatiounen fir déi betraffe Persoune kommen.  Wéi loossen sech esou grouss Zäitversetzungen am beschten vermeiden? Denkt d’Ministesch, dass hei weider Efforten neideg sinn, fir sécherzestellen, dass all Steiererklärung an engem raisonabelen Delai vun maximal 2 Joer clôturéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6146

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu