Scheinselbststännegkeet

Vu Scheinselbststännegkeet (abus du statut de travailleur indépendant) gëtt geschwat, wann eng Persoun de Statut vun engem Independant huet, awer ofhängeg ass vun engem aner Betrib, wat seng Aarbechtsorganisatioun an seng Opträg ugeet. Dëst kann ee Wee si vun enger Firma, fir mat engem qualifizéierten Aarbechter zesummen ze schaffen, dësen awer net als Salarié anzestellen an dofir och net fir seng sozial Leeschtungen un d’CCSS bezuelen ze mussen an och net rechtlech fir d’Sécherheet an d’Aarbecht vun dësem Scheinselbststännegen haftbar ze sinn. Den Terme faux indépendant gouf mam Gesetz vum 15. Dezember 2020 eng éischte Kéier an den Code de travail fest geschriwwen. D'”Institut für Arbeit- und Berufsforschung”, dat der däitscher “Bundesagentur für Arbeit” ënnersteet, huet 2017 eng Etüd zu Thema “Scheinselbständigkeit in Deutschland” verëffentlecht. Laut hire Recherche, si virun allem Jonker ënnert 25 Joer a Persounen, déi schonn 1 oder méi Joren ouni Aarbecht sinn, vun dësem Phenome betraff. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister zu Lëtzebuerg Statistiken oder Etüden zum Thema Scheinselbststännegkeet? Wa jo, wat ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg? Wa nee, fënnt de Minister net, dass esou Donnéeë wichteg wieren, fir de Problem aschätzen an dogéint virgoen ze kënnen?

  2. Laut Institut für Arbeit- a Berufsforschung ginn et eng ganz Réi Krittären, un deenen een erkenne kann, op et sech ëm Scheinselbstännegkeet handelt: “”Abgrenzungskriterium 1: Keine inhaltliche unternehmerische Freiheit 1.1 Kein eigener Kundenstamm 1.2 Keine zeitliche unternehmerische Freiheit 1.3 Keine örtliche unternehmerische Freiheit 1.4 keine freie Preisgestaltung Abgrenzungskriterium 2: Keine eigene Unternehmensorganisation 2.1 Keine eigenen Mitarbeiter 2.2 Keine eigenen Geschäftsräume 2.3 Kein eigenes Betriebskapital Abgrenzungskriterium 3: Kein Auftreten am Markt 3.1 Nur ein Auftraggeber” (Source: Scheinselbständigkeit in Deutschland, S.3)” Huet och Lëtzbuerg an dësem Zesummenhang Krittären opgestallt? Wa jo, wéi eng? Wann nee, firwat net?

  3. U wien kënnen sech Betraffener wenden, wann si d’Gefill hunn dass si an eng Scheinselbststännegkeet gerutscht sinn? Ass et méiglech, an dësem Fall anonym ëm Hëllef ze froen, wëssend, dass déi Betraffen sech oft onsécher sinn, op si sech net selwer strofbar gemaach hunn? Wann net, wéi steet de Minister zur Iddi vun enger anonymmer Ulafstell?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5672

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.