RTL Tribune libre

De Méinden, 21te Mäerz, war de Gilles Mertz als Pirat bei RTL, fir do iwwert d’Energiewenn an d’Ofhängegkeet vun Europa a Lëtzebuerg vu fossillen Energien ze schwätzen:

https://www.rtl.lu/radio/fraei-politesch-tribuen/s/3874468.html

Et ass Krich. Krich an Europa. 

An mir Europäer sinn an dësem Krich mat verwéckelt a

liwwere Waffen, Medikamenter an Hëllefsgidder an d’Ukrain. 

Gläichzäiteg benotze mir eis Wirtschaft als Waff géint déi russesch Regierung.

Dat fällt natierlech och op eis zeréck, 

ëmmerhinn ass Russland mat eiser Wirtschaft verbonnen.

Et ass onëmstridden een Effort, 

deen awer néideg ass fir dem Putin ze weisen, 

dass mer et eescht mengen mat eise Wäerter

vu Fridden an Demokratie. 

Mee mengen eis europäesch Spëtzepolitiker et wierklech eescht mat de Sanktiounen ?

Ah jo, do war dach nach eppes : Energie. 

Mir brauchen Energie. 

Brennes fir d’Wunneng, Sprit fir den Auto. 

Den Här Putin soll dach wann ech gelifft net de Krunn zoudréinen.

Verschidde Politiker schwätze vu Realpolitik.

Ech soen iech: 

dës Realpolitik ass d’Resultat vu ville Joer Waarden.

Eis Energiekris ass hausgemaach. 

Eng kleng Rees zeréck an d’Vergangenheet.

Wanter 2008 : d’Russen dréinen de Gaskrunn zou. 

Europa fréiert an ass indignéiert.

A wat ass zënterdeem geschitt ? 

Frot de Putin. 

Deen dréint nämlech nach ëmmer

um nämmlechte Gaskrunn 

wéi viru 14 Joer. 

Zënter Joren schwätze mer elo vum Paräisser Klimaaccord, der Reduktioun vun den CO2-Emissiounen 

an dem Ausbau vun erneierbaren Energien.

D’Klimakris eleng misst eigentlech als Grond duergoen, 

fir dass mer ewech vu fossille Brennstoffer kommen 

a méi schnell op erneierbar Energien wiesselen.

Et bleift eis mol kee Jorzéngt méi bis 2030.

A grad dofir missten déi politesch Responsabel elo déi richteg Signaler schécken.

Un de Putin. An och un eis alleguerten.

Lëtzebuerg kann sech net bretzen,

well ze laang hunn eis Regierungen et sech gemittlech gemaach mam Präisdumping am Tanktourismus.

Fir eis Piraten ass kloer,

dass d’Energie-Politik aus dem leschte Jorzéngt

ee Feehler war.

Et war ee Feehler, Europa strategesch ofhängeg ze maache

vun autokratesche Regierungen,

déi eis Wäerter vu Fräiheet, Gläichheet an Demokratie

net deelen.

An et war ee Feehler

vill ze laang op Rouhstoffer ze setzen,

déi eise Planéit an eng Zäranlaag verwandelen.

Europa an och Lëtzebuerg mussen endlech Neel mat Käpp maachen.

Mir Piraten si bereet, fir nei Wéeër ze goen. 

No vir an net zeréck.

Net zeréck bei d’Kuehl. Net zeréck bei de Gas 

an och net zeréck bei den Atomstroum.

No vir an eng besser Zukunft :

hin zu enger dezentraler Energieproduktioun, 

vun där d’Mënsche profitéieren an net déi grouss Konzerner, Aktiegesellschaften an Diktaturen ewéi Russland.

Hin zu enger Energieproduktioun, 

déi mat der Natur schafft an net géint se.

Enger Energieproduktioun, déi eis Europäer fräi 

a méi demokratesch mécht.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister