Den Artikel 4 vum Gesetz vum 28. Juli 2018 relative au revenu d’inclusion sociale (REVIS) befaasst sech mat der détermination de la communauté domestique a gesäit eng Rei Situatioune vir, an deene Mënschen zwar zesummen ënnert engem Dag liewe kënnen, mee fir d’Ausbezuele vum REVIS net als eng gemeinsam communauté consideréiert ginn. Persounen, déi z. B. gesondheetlech Problemer hunn an a stationärer Behandlung waren, aus dem Prisong kommen oder aus enger Struktur fir Demandeuren/Beneficiairen de protection internationale, kënnen dank dem Artikel 4 (3) wärend 12 Méint als eenzel communauté domestique consideréiert ginn, och wann si mat anere Persounen zesumme liewen. Esou sollen si Zäit kréien, nees Fouss ze faassen an sech eppes opbaue kënnen. Fir Persounen, déi aus anere Grënn gezwonge sinn, hiert eegent doheem opzeginn a vun hëllefende Familljememberen opgeholl ze ginn, ass dëst net méiglech.
D’Gesetz gesäit bspw. net vir, dass Elteren, déi hier erwuesse Kanner an enger Noutsituatioun nees doheem ophuelen, eng getrennte comunauté domestique vun hirem Kand bilde kënnen.
Fir vill Persounen ass d’Elterenhaus – och am fortgeschratten Erwuessenenalter – eng vun den eenzege Plazen, wou een an enger Noutsituatioun nach ënner komme kann, wann een eng eege Wunneng net méi finanzéiere kann. Fir d’Eltere kann en onerwaarte Retour vun de Kanner am héijen Alter awer eng grouss finanziell Belaaschtung ginn, wann déi erwuesse Kanner a finanzielle Schwieregkeete sinn a keng Méiglechkeet kréien, sech nees eppes opzebauen, wëll se keen (oder just e reduzéierten Taux vum) REVIS kenne kréien, well se net als eenzel communauté domestique consideréiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Mat wéi enger Argumentatioun schléisst d’Regierung, d’Méiglechkeet als Erwuessenen eng eenzel communauté domestique an enger Wunngemeinschaft mat den Elteren ze bilden, aus?
-
Op meng parlamentaresch Fro N°91 vum 19.12.2018 krut ech ënnert anerem d’Äntwert:
“D ‘Regierung ass der Meenung, dass déi Mesure vum Artikel 4 (3) vum Revis-Gesetz eng adaptéiert an équitabel Dispositioun ass, déi et de Leit erméiglecht aus enger schwiereger Liewenssituatioun erauszekommen an sech eng eegestänneg Wunnsituatioun ze schafen. Déi Situatiounen déi am Artikel figuréiere missten all Härtefäll ofdecken.”Ass d’Regierung der Meenung, dass Situatiounen, an deene Persounen am Alter vun iwwer 40 Joer nees gezwonge sinn, bei hiren Elteren ze wunnen, well se keng aner Méiglechkeet hunn, e Logement ze bezuelen, net awer als Härtefall missten ugesi ginn, och wann se kee vun de Krittären aus dem Artikel 4 (3) erfëllen?
-
Kéint d’Regierung sech virstellen, d’gesetzlech Dispositioune vum REVIS esou unzepassen, dass a gewësse Situatioune Kanner an Elteren als getrennte communautés domestiques kéinte consideréiert ginn, och wann se ee Logement gemeinsam bewunnen?