M. Sven Clement (Piraten) | Jo, merci, Här President. Merci och dem Carole Hartmann fir eng ganz
wichteg Resolutioun. Et ass eng …, ech mengen,
datt et haaptsächlech eng Symbolwierkung huet fir
d’Chamber, hei nach eng Kéier Prinzippien ze affirméieren, déi net nëmmen an Amerika a Bedrängnis
sinn. Ech mengen, mir musse just och an Europa kucken. Polen huet e ganz, a mengen Aen, desastréist
Ofdreiwungsgesetz geholl, wou och schonn déi éischt
Fraen hiert Liewe gelooss hunn, well se dann eebe
clandestinement Ofdreiwunge gemaach hunn, eppes,
wat sécherlech och an Amerika elo erëm wäert zouhuelen.
Ech mengen, an engem Punkt hunn ech awer vläicht
e bëssen de Bauch wéi, der Regierung quasi e Blankoscheck oder eis hei e Blankoscheck auszeschwätzen, an dat ass, wann dosteet: „à soutenir les efforts
de mise en place d’un accès universel aux moyens de
contraception tel que prévu dans l’accord de coalition“.
Dës Regierungskoalitioun ass elo néng Joer am Amt,
a mir hunn nach ëmmer Fraen, déi vun hiren Doktere
gesot kréien, wa se bewosst no enger Sterilisatioun
froen, se wäre jo nach ze jonk. Wa se dach nëmme
bestuet wären, da géife se sécherlech eng Kéier eng
aner Meenung dozou hunn.
Dat heescht, mir hunn nach keen Accès universel zu
verschiddene Saachen. Och d’Spiral ass nach ëmmer
e Problem, datt se se vu verschiddenen Doktere refuséiert kréien, wou se wierklech gesot kréien: „Nee, waart emol!“ Dat ass, mengen ech, tatsächlech e Punkt, wou mer och hei zu Lëtzebuerg nach mussen Opklärungsaarbecht maachen.
Dat ass, mengen ech, eppes, wat ee wierklech soll
soen. Dat negligéiert net, wat mer hei condamnéieren. Mee ech hunn awer e bëssen e Bemoll, dobäi ze soen: „s’engage à continuer“. Dat muss ee wierklech soen. Do gëtt et nach Problemer, och hei zu Lëtzebuerg. An dat soll een och oppen thematiséieren. An
ech freeë mech schonn drop, datt mer dat an Zukunft
kënne verbesseren, well dat stëmme mir haut mat.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.