M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Merci, Här President. Ech wollt den Här Clement eppes froen. En huet ons elo hei eng Motioun deposéiert, déi ganz interessant ass, mat där ech elo eigentlech kee Problem hunn, wou ech en och wëll drop hiweisen, datt dat, wat an där Motioun hei verlaangt ass …, wann e sech kann erënneren, ass am Mee bei der Debatt ronderëm de Klimaplang ganz kloer vun der Ministesch hei matgedeelt ginn, datt d‘Regierung natierlech wëllt fir de Stat an natierlech och fir d‘Regierung selwer a puncto zum Beispill Déngschtreese kucken, datt Certificaten agefouert ginn, fir datt dat kompenséiert gëtt, wat d‘Regierung flitt. Also duerfir laaft Der hei oppen Dieren an.
Mä ech muss Iech awer soen, et huet mech e bëssen iwwerrascht, Är Motioun. Ech hat mer erwaart, datt een natierlech, wann een d‘Regierung dozou opfuerdert, wëssend, vu datt d‘Regierung dat jo scho selwer ugekënnegt hat, …
Une voix.-Jo.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-… datt se dat wëllt maachen, datt een dann an éischter Stell hei eng Resolutioun fir sech selwer deposéiert hätt, well d‘Regierung, dat si 17 Leit, an d‘Deputéiert, dat sinn der 60. An et géif mech emol interesséieren dann als Regierungsmember, wéi vill dann d‘Chamber bis elo zertifizéiert huet bei de Vollen, déi d‘Chamber geflunn ass. Dat sinn der wahrscheinlech jo och net wéineg. An ech hu mer soe gelooss, Dir wäert ee vun de Championen, fir doruechter ze fléien.
M. Sven Clement(Piraten).-Oh, ech sinn esou kuerz hei, datt ech net kann de Champion sinn.
(Exclamations)
Une voix.- An engem Joer méi geflu wéi verschiddener an hirer …
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Duerfir géif et mech emol interesséieren, Här Clement, wann Der esou Motioune wéi déi hei deposéiert, …
M. Dan Kersch,Ministre des Sports, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire.- Hien ass jo awer nach nei derbäi.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-… wéisst ech nawell gär, firwat Der net als Alleréischt, well deen éischte Schratt wär jo, datt ee bei sech selwer unfänkt, dat sidd Dir, Dir sidd jo net hei anodin.
M. Sven Clement(Piraten).-Här Bausch, Dir hätt meng Ried solle gutt nolauschteren, well ech hu gesot, datt de Bréif un d’Chamber schon eran ass.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Nee. Firwat hutt Der keng Resolutioun hei deposéiert, wou Der d‘Chamber selwer opfuerdert, dat ze maachen, zum Beispill? Dat hätt mech interesséiert.
M. Sven Clement(Piraten).-Ma Här Bausch, Dir waart, mengen ech, laang Member hei am héijen Haus.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Jo.
M. Sven Clement(Piraten).-An ech hu mer soe gelooss, …
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Ja?
M. Sven Clement(Piraten).-… datt dee richtege Wee net ëmmer ass, fir an der Chamber just Resolutiounen ze deposéieren, déi am Plenum debattéiert ginn, …
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Ou? Mä hei wier et awer interessant gewiescht.
M. Sven Clement(Piraten).-… mä och heiansdo ze probéieren, e Konsens am Bureau ze fannen.
(Interruption)
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Bei där hei wär et awer interessant gewiescht.
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)
M. Sven Clement(Piraten).-An duerfir ass e Bréif un de Bureau gaangen. Merci, Här Di Bartolomeo.
M. Marc Goergen (Piraten).-Déi huet hie selwer kompenséiert.
M. Sven Clement(Piraten).-An duerfir hu mer och dës Pist gewielt, fir an der Chamber dat am Bureau ze deposéieren, wou dat diskutéiert ka ginn.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Dir wäert dat jo sécher da ganz transparent alles verëffentlechen, huelen ech jo un, ne?
M. Sven Clement(Piraten).-Zu der Fro … Dat ass guer kee Problem. Dir kënnt dee Bréif gäre consultéieren.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Neen, neen, net Äre Bréif, d‘Resultat vum Bréif hätt ech gär!
M. Sven Clement(Piraten).-Ech ginn dovunner aus, datt d‘Chamber iwwert dat Resultat méi wéi kloer wäert kommunizéieren.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Ech hunn nach eng zweet Fro.
M. Sven Clement(Piraten).-Jo, ech wëll just op nach en anere Punkt vun Ärer Fro agoen. Merci.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Selbstverständlech.
M. Sven Clement(Piraten).-Dir hutt zwou Saachen näämlech ugeschwat, dat eent ass iwwert d‘Kompenséieren. D‘Madamm Ministesch hat gesot, et géif geplangt ginn ze kompenséieren. Meng Motioun schwätzt vun enger duebeler Kompensatioun. Dat ass net nëmmen, fir ze kompenséieren, mä fir eben och e positiven Effekt op d‘Klima ze hunn.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Et ass jo dat, wat ech gesot hunn, zertifizéieren, net kompenséieren, jo.
M. Sven Clement(Piraten).-Neen, duebel!
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Jo, dat ass kee Problem.
M. Sven Clement(Piraten).-An dann dat Zweet ass, zu menge perséinlechen Emissioune kann ech Iech gären all meng Certificaten, déi ech privat kaaft hu fir all Déngschtrees, déi ech bis elo fir d‘Chamber gemaach hunn, awer och fir meng Privatreesen, gäre weisen, well ech hu genau dat doten, wat ech hei fuerderen, privat scho méi laang gemaach.
M. Xavier Bettel,Premier Ministre, Ministre d’État.-Dat muss deier gewiescht sinn!
M. Sven Clement(Piraten).-Et ass net geschenkt.
M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Ech hunn eng zweet Fro un Iech. Sidd Der net mat mer d‘accord …? Ech si voll mat Iech averstanen, Transparenz an datt ee muss weisen, och Deontologie, d’Konten an esou weider.
Et géif mech emol eng Kéier interesséieren, Dir hutt dat näämlech nach ni gemaach. Dir sidd jo net heihinnerkomm einfach als Sven Clement, Dir sidd op enger Lëscht gewielt gi vun enger Partei, an et sinn awer zimlech kritesch Rapporte gi vun der Cour des comptes iwwer Är Konten an d’Transparenz vun Ärer Partei. Ech hu bis elo nach ni eng Pressekonferenz erlieft vun Iech als Partei, wéi Dir da mat deene Kriticke vun der Cour des comptes par rapport zu Äre Konten ëmgaange sidd.
M. Sven Clement(Piraten).-Also, Här President, ech mengen, datt dat dote keng Nofro zu menger Ried war. Dat war éischter eng relativ bëlleg a polemesch Attack, well den Här Bausch weess, datt …
(Interruption)
Den Här Bausch weess ganz genau, datt mer op déi Rapporte Stellung geholl hunn. Déi sinn transparent bei der Cour des comptes um Site och nozeliesen. A wien no der leschter Comexbu, wou de leschte Rapport behandelt ginn ass, opmierksam d‘national Press consultéiert huet, deen hätt och gemierkt, datt déi Rapporten do och thematiséiert goufen.
Also vun dohier, Här Bausch, ech mengen, dat ass net d‘Thema.