Remboursement de la psychothérapie – Nofro

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Sozialversécherung weiderzeleeden.

A menger Fro vum 29ten November (n°3065) hat den Här Minister mir Folgendes geäntwert:

Esoubal dëse Reglement publizéiert ass, kënnen erëm Verhandlunge gefouert ginn tëschent der Gesondheetskeess an der Fapsylux, fir déi Punkten ze definéieren, déi net ënnert déi obligatoreschen Dispositioune falen.

De Staatsrot huet dëse Reglement awer elo fir verfassungswiddreg erkläert.
  1. Wat sinn dem Minister seng nächst Schrëtt an dësem Dossier?
  2. Wäert de Minister sech elo erëm mat de Representante vun der Fapsylux zesumme sëtzen?
    Wann jo, fir wéini sinn eicht Gespréicher geplangt?

Fro n°3266

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt