Reliounsfräiheet an d’Covid-19 Impfung

An der Vergaangenheet hunn ech e well Froen un de Minister gestallt, fir verschidden Disparitéiten tëscht der Reliounsfräiheet an anere Reschter unzeschwätzen.  Am Fall vum Aféiere vun enger Impfflicht kéint et sinn, dass verschidde Reliounsgemeinschaften oder Sekten eng Impfflicht opgrond vu reliéise Grënn refuséieren. Eng Entscheedung, déi net wéi zum Beispill am Fall vun enger Bluttspend, nëmmen d’Persoune selwer betrëfft. Géifen Ausnamen aus reliéise grënn akzeptéiert ginn, wier den Impffschutz vun der gesamter Bevëlkerung méi kleng.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Artikel 19 vun der Verfassung heescht et: “La liberté des cultes, celle de leur exercic public, ainsi que la liberté de manifester ses opinions religieuses, sont garanties, sauf la répression des délitgs commis à l’occasion de l’usage de ces libertés.” Dëst Recht ass awer net absolut, esou huet d’Cour Constitutionnelle zum Beispill am Kader vun der Schoulflicht decidéiert, dass “l’étendue de la liberté des cultes ne saurait être telle que son exercice provoque des difficultés susceptibles de perturber […] le système éducatif” Geséit de Ministère d’Liberté des cultes als absolut Recht un, oder huet dëst Recht net och Limitten, wann et ëm d’Egalité de traitement geet? 

  2. Wéi wäert am Fall vun enger Impfflicht mat engem Refus aus reliéise Grënn ëmgaange ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5586

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun