Relancement vun der Recouvrementsprozedur ënnert Oplagen

Context:Proposition de loi 7793

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Gesetzesvirschlag 7793 freet eng Verlängerung vun der Recouvrementsprozedur;
  • An hirer Positioun zum Gesetzesvirschlag 7793 schreift d’Regierung: “Aucune résidence sur le territoire luxembourgeois n’est exigée. Aucune connaissance de la langue luxembourgeoise n’est demandée. La participation au dispositif « Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg » n’est pas non plus requise. […] aucun effort d’intégration au Grand-Duché de Luxembourg n’est exigé de la part des candidats au recouvrement de l’article 89. En termes d’accès à la nationalité luxembourgeoise, les candidats au recouvrement de l’article 89 sont donc largement avantagés par rapport aux candidats à la naturalisation, qui peuvent se sentir désavantagés.” Der Regierung feelt ee perséinlechen Ustrengungsfaktor an der Recouvrementsprozedur;
  • D’lëtzebuerger Nofahre wunnen deelweis ganz wäit ewech a kënnen net un présentielle Coursen hei am Land deelhuelen;
  • Den INL (Institut National des Langues) an aner Instituter bidden elo schonns de Cours „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“ a Sproochecoursen un, zum Deel och online;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Recouvrementsprozedur nach eemol fir nei Demanden opzemaachen, ënnert der Konditioun, dass dës Persounen déi selwecht Kompetenze virweisen, wéi Persounen déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit iwwert een anere Wee ufroen, nämlech de Cours “Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“ an ee Sproochecours mat mëndleche Lëtzebuergeschkenntnisser op engem Niveau A2 an engem Hörverständnis vu B1 erfollegräich ofzeschléissen.

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial