Reform vum Code pénal

D’Jutizministesch hat am Kontext vun der Diskussioun ëm d’Heescheverbuet an engem Interview op RTL am Januar souwéi an engem Interview vun haut um 100,7 gesot, dass si eng Reform vum Code pénal uviséiere géif, well den Text vun dësem Code zum Deel almoudesch oder veraalt wier. Am Justizministère wieren an der Vergangenheet schonn Analysen gemaach ginn, fir verschidden Deeler vum Code pénal ze moderniséieren.

Am Géigesaz zu enger Moderniséierung vum Code de procédure pénale (Säit 107) ass am Koalitiounsaccord awer näischt zu enger Reform vum Code pénal ze fannen. Just zwou Ännerungen vum Code pénal ginn do erwähnt: eng am Bezuch op e Verbuet vu Konversatiounstherapien vun LGTBIQ+Persounen (Säit 99) an eng am Bezuch op de Feminizid (Säit 108). 

Falls eng wierklech Reform gemengt ass, esou stellt sech d’Fro, wéi d’Ministesch bannent nëmmen enger Legislaturperiod ee Gesetzesprojet virleeën wëll, wann ee weess, dass d’Reformen vum Code pénal an eisen Nopeschlänner iwwert eng Legislaturperiod gedauert hunn. Dat belscht Parlament huet Enn Februar eng grouss Reform vum belschen Code pénal gestëmmt, bei där d’Aarbechten ronn aacht Joer gedauert hunn. A Frankräich hunn d’Aarbechten fir d’Reform vum Code pénal vun 1992 (a Kraafft säit 1994) bal 20 Joer gedauert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet dës Regierung eng grouss Reform vum Code pénal vir, ouni dass déi am Koalitiounsprogramm ugekënnegt gouf, oder huet d’Madame Minister bei hierer Ausso u sech d’Reform vum Code de procédure pénale (CPP) gemengt gehat (déi u sech direkt näischt mat der Fro vum Heescheverbuet ze dinn hat) oder handelt et sech hei just ëm punktuell Upassungen vum aktuellen Text?

  2. Falls d’Ministesch eng Reform vum Code pénal virgesäit:
    1. Soll de ganze Code pénal iwwerschafft ginn oder just bestëmmte Kapitelen? Falls just bestëmmte Kapitelen iwwerschafft solle ginn, wéi eng sinn dat?
    2. Op wéi eng Dauer schätzt d’Madame Minister d’Reformaarbechten vum Lëtzebuergesche Code pénal?
    3. Wéini sollen d’Aarbechten ugoen? A wéi engen Etappen sollen déi Aarbechten ënnerdeelt ginn?
    4. Wéi eng staatlech an extern Acteuren sollen bei den Aarbechten agebonne ginn?
    5. Wéi eng Roll soll d’Uni Lëtzebuerg bei dëser Reform spillen?
    6. Lëtzebuerg orientéiert sech allgemeng oft u Frankräich oder un der Belge bei grousse Reformen vu senge Coden. Wéi ee reforméierte Code pénal wëll d’Madame Minister insgesamt als Haaptvirlag fir e reforméierten lëtzebuerger Code pénal huelen: dee Franséischen oder deen Belschen?
    7.  Sollen och franséisch an/oder belsch Experten mat agebonne ginn?

  3. De Koalitiounsprogramm erwähnt eng Moderniséierung vum Code de procédure pénale (CPP):
    1. Soll de ganze CPP iwwerschafft ginn oder just bestëmmte Kapitelen? Falls just bestëmmte Kapitelen iwwerschafft solle ginn, wéi eng sinn dat?
    2. Op wéi eng Dauer schätzt d’Madame Minister d’Reformaarbechten vum CPP?
    3. Wéini sollen d’Aarbechten ugoen? A wéi engen Etappen sollen déi Aarbechten ënnerdeelt ginn?
    4. Wéi eng staatlech an extern Acteuren sollen bei den Aarbechten agebonne ginn?
    5. Wéi eng Roll soll d’Uni Lëtzebuerg bei dëser Moderniséierung spillen?
    6. Lëtzebuerg orientéiert sech allgemeng oft u Frankräich oder un der Belge bei grousse Reformen vu senge Coden. Wéi ee reforméierte CPP wëll d’Madame Minister als Haaptvirlag fir d’Moderniséierung vum Lëtzebuergesche CPP huelen: dee Franséischen oder deen Belschen?
    7.  Sollen och franséisch an/oder belsch Experten mat agebonne ginn?

  4. Säit 1998 ass zu Lëtzebuerg en neien Code de procédure civile a Kraaft, deen elo säit iwwert engem Véirelsjoerhonnert offiziell den Titel “Nouveau code de procédure civile” (NCPC) dréit. Frankräich huet 1975 en “Nouveau code de procédure civile” kritt, deen 2007 an “Code de procédure civile” (“CPC”) ëmbenannt gouf. Ass d’Madame Ministesch der Meenung, dass et no 25 Joer un der Zäit wier, fir den Terme “Nouveau” aus dem Titel vun eisem Code de procédure civile ze sträichen an en offiziell an de “Code de procédure civile” ëmzebenennen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 727

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir