Referenze fir medezinesch Ënnersichungen

Mam Règlement grand-ducal vum 10. Juni 2013 iwwert de Barème médical fir d’Assurance accident gouf eng nei Referenz fir medezinesch Ënnersichungen an Expertisen am Kontext vu bleiwende Schied no Accidenter agefouert.

Iwwert den nationale Kader eraus, ass d’Thema vun der Evaluatioun vu kierperlechen Aschränkungen an den domat verbonne finanziellen Entschiedegungen och en Thema vun der Confédération Européenne d’Experts en Évaluation et Réparation du Dommage Corporel (CEREDOC).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op Basis vu wéi enger reglementéierter Nomenclature a wéi enge Critères d’appréciations ginn d’Ënnersichunge beim CMSS gemaach? Gëllt hei och de Barème médical aus dem Reglement vum 10. Juni 2013 oder gëtt et eng aner legal Basis?

    Falls de Barème vun 2013 gëllt: Mussen ëmmer all d’Krittären genotzt ginn?
    Bzw. ass et dem Dokter oder der Doktesch beim CMSS iwwerlooss, zousätzlech zum Reglement vum 10. Juni 2013 weider Krittären ze consideréieren, bzw. d’Krittäre jee no Fall liicht unzepassen oder Krittären ewesch ze loossen? 

    Falls et fir d’Ënnersichunge beim CMSS guer keng eenheetlech Richtlinne gëtt: Sinn d’Cellule d’expertise médicale oder en anere Service bei der Santé beoptraagt ginn, dës auszeschaffen?

  2. Wéi wäit sinn d’Harmoniséierungbeméiunge bei der Elaboratioun vun engem Guide unique fir kierperlech Aschränkungen an den domat verbonne finanziellen Entschiedegungen vun der Confédération Européenne d’Experts en Évaluation et Réparation du Dommage Corporel (CEREDOC)? 

    Bréngt Lëtzebuerg sech an dës Aarbechten an a falls jo, wéi?

    Sinn d’Cellule d’expertise médicale oder d’Santé un den Aarbechten bedeelegt?

  3. Ginn et Harmoniséierungsbeméiunge vu Säite vu Lëtzebuerg fir d’Barèmes médicales fir d’medezinesch Kontrollen am Beräich vun der Sécurité sociale op europäeschem Niveau unzegläichen?

    Falls jo: Wou sinn d’Aarbechten drun a wat fir eng Roll spillt Lëtzebuerg?

    Sinn d’Cellule d’expertise médicale oder d’Santé un den Aarbechten bedeelegt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8222

Zesummenhang posts

Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert
A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder