Reegele vun der Aschoulung

D’Gesetz vum 6te Februar 2009 reegelt d’Aschoulung vun de Kanner am Enseignement fondamental hei zu Lëtzebuerg. Do steet am Artikel 18 Follgendes ze liesen: “Chaque enfant habitant le Grand-Duché et âgé de trois ans révolus avant le 1er septembre peut fréquenter une classe d’éducation précoce dans une école de sa commune de résidence. L’admission se fait en principe au début de l’année scolaire sur demande écrite des parents adressée à l’administration communale avant le 1er avril. Le conseil communal peut également décider des admissions au début du deuxième et du troisième trimestre.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn a verschiddene Gemengen Ausname vum Artikel 18 gemaach?
    Wa jo, fir wéi vill Kanner goufen an de 5 leschte Joer Ausname gemaach?

  2. Ass de Minister der Meenung, dass de strikten Datum vum 1te September nach ubruecht ass an net éischter misst evaluéiert ginn, op wat fir engem Entwécklungsniveau d’Kand ass?

  3. Gëllt bei enger Admissioun fir dat zweet oder drëtt Trimester vum Schouljoer och den Datum vum 1te September?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 550

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene