Redressementer vum CNAP

Am Fall wou engem Employé oder enger pensionéierter Persoun hir Steierkaart am Laf vum Joer wiesselt, ass den Employeur gehalen, fir e Recalcul ze maachen, fir esou de betraffene Persounen hiert Geld auszebezuelen, ouni datt dës op eng Steiererklärung oder en Decompte musse waarden. Heifir kann en Employeur zum Beispill eng Deklaratioun maachen, déi eng negativ Steierschold ausweist a mat den nächsten Deklaratioune verrechent ka ginn. D’Steierverwaltung selwer schreift op hirem Site « Ces modifications de classe d’impôt sur la fiche de retenue d’impôt prennent effet à partir de la date du mariage ou de la naissance. La retenue pourra être redressée à partir de la nouvelle date validité suite à la remise de la fiche mise à jour à l’employeur ou à la caisse de pension. » Elo ass et awer esou, datt d’CNAP dem Ombudsman a mindestens engem Fall geäntwert huet, datt si dëse Redressement net géife maachen, mee datt déi betraffe Persoune missten op hiren Decompte waarden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister confirméieren, datt d’CNAP keng Redressementer am Laf vum Joer ausbezilt?

  2. Wëssend, datt grad bei Persoune mat enger klenger Pensioun esou e Redressement séier e substanziellen Deel vun hirem Akommes duerstellt, ass de Minister der Meenung, datt dës Approche misst geännert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4178

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt