Rapporte vum IWF

An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mëscht den Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugesäit. Nohuelbedarf géing et a Saache Logement, am ëffentlechen Déngscht ewéi och un der Steierreform vun 2017 ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng staatlech Stellen – Ministèren, Verwaltungen, Fuerschungszentren, asw. – gi consultéiert fir esou Rapporten vun internationalen Institutiounen (IWF, OECD, etc.) auszeschaffen?

  2. Wat geschitt an der Reegel mat dëse Rapporten? Gi se am Regierungsrot diskutéiert? Ginn d’Recommandatiounen un déi jeeweileg Secteuren weidergeleet? Gëtt hei fir e gewësse Suivi gesuergt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6359

Zesummenhang posts

Ännerungen an der US-Steiergesetzgebung (Sektioun 174) hunn amerikanesch Tech-Entreprisë forcéiert, hir R&D- a Software-Entwécklungskäschten iwwer 5 Joer ze amortiséieren amplaz se direkt ofzesetzen. Dëst
Wéi aus engem rezenten Artikel vun der Luxembourg Times ervir geet, wäert de neie lokale Bezuelfeature “Wero” net esou séier fir Lëtzebuerger Clientë verfügbar