Réckwéih

An der Äntwert op d’Fro n°6037 hunn d’Ministere geschriwwen, dass Récken-Problemer zu den heefegste Beruffskrankheete gehéieren. D’Ministeren ergänzen dozou “Wat d’Réckeproblematik ubelaangt, finanzéiert de Gesondheetsministère déi national Récke Schoul (Prévendos) déi duerch déi vum Service de santé au travail multisectoriel (STM) bedriwwe gëtt.” Et existéieren nach weider Moossnamen, déi vum Staat oder der Krankekeess finanzéiert ginn. Esou zum Beispill den David Health-Programm zu Munneref (fréier DBC genannt) oder d’Seancë mat Kinésitherapien. Des Moossname gi mat enger Ordonnance vum Dokter vun der Krankekeess rembourséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Patienten hunn an de vergaangenen 10 Joer (opgeschlësselt pro Joer) Servicer vun engem Kinésithérapeut fir Récken- a Nuque-Problemer an Usproch geholl?  Wéi vill Euro huet d’Krankekeess all Joers heifir ausginn?

  2. Wéi vill Patienten hunn an de vergaangenen 10 Joer (opgeschlësselt pro Joer) vum David Health-Programm (fréier DBC) fir Récken- an Nuquen-Problemer an Usproch geholl?  Wéi vill Euro huet d’Krankekeess all Joers heifir ausginn?

  3. Existéieren nach aner Ulafstellen hei am Land, fir de Programm vun David Health kënnen an Usproch ze huelen ausser deem vu Munneref?

  4. Wéi vill Patienten hunn zënter 2013 (opgeschlësselt pro Joer) d’Offer vun der nationaler Réckeschoul an Usproch geholl? Wéi vill Euro huet de Gesondheetsministère heiranner investéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6236

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt