Recht op Privatliewen

Recht op Privatliewen

D’Recht op Privatsphär an de Prinzip vun der Onscholdsvermuddung zielen zu de Grondprinzipie vun enger Demokratie. En demokratesche Staat dierf seng Bierger net systematesch an ouni konkrete Verdacht op eng Strofdot iwwerwaachen. Trotzdeem goufe säit dem 11. September 2001 an Europa an zu Lëtzebuerg onberechtegt an intrusiv Iwwerwaachungsmechanismen decidéiert, déi ons all als Verdächteger ofstempelen an ons zu all Moment iwwerwaachen. Mënschen déi iwwerwaacht ginn, handelen awer anescht – trauen sech net hier Meenung ze soen, Autoritéiten ze kritiséieren oder sech fräi ze beweegen. D’Piratepartei gesäit duerch déi ëmmer méi ausgedehnten Iwwerwaachungsmoossnahmen d’Fräiheet vu jidderengem a Gefor a setzt sech konsequent géint all onjustifiéiert, generell an intrusiv Iwwerwaachungsmesuren an.

 

 

Ofschafe vun der Vorratsdatespäicherung

Säit 2005 an 2009 an der kompletter EU ginn Internet Service Provideren zu Lëtzebuerg an an all EU-Memberstaat per Gesetz gezwongen all Verbindungsdonnéeë vun alle Benotzer an hirem Reseau fir op mannst 6 Méint ze späicheren. Dëst bedeit, datt eng Onmass vun Donnéeë gespäichert ginn – zum Beispill mat wiem een wéi laang, um wéi vill Auer, vu wéi enger Plaz telefonéiert huet, wéini een sech wéi laang am Internet verbonnen huet, oder mat wéi engem Reseau een sech verbonnen huet. Nieft der Verletzung vun der Onscholdsvermuddung bei dëser genereller Iwwerwaachungsmoossnam, konnten d’EU-Memberlänner bis haut net beweisen, datt d’Vorratsdatenspäicherung zu enger Reduktioun vun der schwéierer Kriminalitéit bäidréit. D’Piratepartei setzt sech dofir fir d’Aussetze vun der Vorratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg an.

Den Europäesche Geriichtshaff EuGH huet net nëmmen eng Kéier (am Joer 2014), mee esouguer zweemol (nach eng Kéier am Dezember 2016) den EU-Memberstaaten erkläert, datt déi onbegrënnte Vorratsdatespäicherung net mat de fundamentale Rechter vun de Bierger ze vereenen ass.

Amplaz dësen Agrëff an d’Privatsphär vun de Bierger ze stoppen, stelle mir fest, datt a munche Länner Stéck fir Stéck en Iwwerwaachungsstaat opgebaut gëtt. Nodeems an der Bundesrepublik Däitschland beispillsweis d’Virratsdatespäicherung duerch den deemolege Justizminister Heiko Maas nees agefouert gouf, drot elo a Bayern dat häertste Policegesetz zënter 1945. D’Beamten dierfen dann net nëmmen ouni riichterleche Beschloss an ouni konkrete Verdacht op Gefor d’Kommunikatioun vu Bierger iwwerwaachen, mee dës esouguer modifizéieren. Dës Entwécklung muss gestoppt ginn.

Nodeems déi Gréng hiert Walversprieche vun der Ofschafung vun der onbegrënnter Vorratsdatespäicherung net agehalen hunn, verlaange mir, datt dat Gesetz elo esou séier wéi méiglech ofgeschaaft gëtt an datt Lëtzebuerg sech parallel op europäeschem Niveau dofir staark mécht, datt an der EU eng Reglementéierung fonnt gëtt, déi esou Gesetzer ënnerbënnt.

 

 

VISUPOL stoppen

Säit Jore gëtt de Video-Iwwerwaachungsprogramm vun der Stad Lëtzebuerg (VISUPOL) verlängert an ausgebaut, obwuel Etüden zum Programm kloer weisen, datt et kee Sécherheetsgewënn duerch dës generell Videoiwwerwaachung gëtt. D’Pirate setzen sech fir eng Sécherheetspolitik an déi op Fakten an net op Wonschdenke baséiert a fuerdert dofir de Stopp vum Projet VISUPOL an amplaz eng besser Präsenz vu Streetworker a Präventivmoossname géint d’Kriminalitéit.

 

 

Kee Finanzement fir Iwwerwaachungsprogrammer

Net nëmme mussen aktuell Iwwerwaachungsprogrammer gestoppt, ma an der Zukunft verhënnert ginn. D’Piratepartei setzt sech dofir an, datt zu Lëtzebuerg an op EU-Niveau keng Steiergelder fir d’Finanzéierung vun Iwwerwaachungsprojete wéi INDECT oder CleanIT ausgi ginn.

 

 

Geheimdéngscht reforméieren

D’Opklärung vum SREL-Skandal huet gewisen, datt de lëtzebuergesche Geheimdéngscht säit senger Grënnung reegelméisseg ausserhalb vum politesch Vertrietbare gehandelt huet. Politesch Iwwerwaachung vun Oppositiounsparteien an Organisatiounen, illegal Iwwerwaachung duerch SREL-Mataarbechter, perséinlech Beneficer fir Agenten an e komplett Versoe vun de politesche Responsabele wéist, datt en Geheimdéngscht ouni effektiv parlamentaresch Kontroll Gëft fir eng Demokratie ass. Dofir setzt d’Piratepartei sech dofir an, datt de SREL a senger aktueller Kompositioun reforméiert gëtt.